Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Skibi: "mir spigéieren alleguer e bëssen"

Live-Musek

Skibi: "mir spigéieren alleguer e bëssen"

Déi nächst Aircheck-Session ass dëse Samschdeg, den 20. Mäerz um 17:00 an der Kulturfabrik. E Concert, deen dann och vum radio 100,7 live iwwerdroe gëtt. Op der Affiche steet déi Kéier de Lëtzebuerger Rapper Skibi. Kierzlech huet hie säin Debut verëffentlecht a fir den Titel ze verstoen, muss virop emol e bësse Slang definéiert ginn.

auto_stories

2 min

Jamie Reinert: Däin éischten Album "Ze Spigé" ass elo Enn Februar verëffentlecht ginn. Vläicht sinn ech ze al, mee wat bedeit d'Wuert "spigé"?

Skibi: "Spigé" kënnt vu "spigéieren" an ass e Slang Wuert. Et bedeit opzefalen op eng Aart a Weis wéi een net soll. Et ka méi liicht sinn, kann awer och an dat kriminellt iwwergoen. Do huet jiddweree säi Choix, mee generell spigéiere mer alleguer e bëssen.

Um Album gëtt deemno och vill spigéiert...

Jo dann Album heescht jo och "Ze spigé", well ech ze vill spigéieren am Sënn vun dass ech dat am Fong net sollt maachen hei zu Lëtzebuerg, well jiddweree kennt sech a firwat soll ech esou Saachen zielen, déi ech do eben zielen.

Gëtt et e roude Fuedem um Album?

Jo, wéi ech un d'Saach eruginn vun der Attitüd hir. Dem Crux seng Beats hunn eng bestëmmte Signatur fannen ech. Et geet vun Trap op Old-School, mee et ass ëmmer moderne Boom-Bap. De roude Fuedem ass, datt seng Beats mech do duerch schloen a peitschen. Ech wiessele mech ëmmer gären of, vun de Stëmmungen hir, wéi ech sinn. Heiansdo aggressiv, heiansdo traureg.

Du waars och am Ausland e bëssen ënnerwee, an Holland an Däitschland. Wéi huet dat dech stilistesch beaflosst?

Den europäesche Spirit vum Hip-Hop huet et mer ginn. An Europa an de Groussstied si vill Rapper, an d'lokal Communitéiten an Holland, a Frankräich, an der Belsch wuesse grad iwwerall. Dat huet mir eng Identitéit. D'Leit, ob zu Amsterdam oder Berlin, schwätzen iwwer hir Stied, a wann ech zu Lëtzebuerg sinn, maachen ech dat selwecht. Ech schwätzen iwwer meng Stad.

Dëse Samschdeg trëts de dann an der Kufa op fir eng Aircheck-Session. Wat erwaart eis a wie bréngs de mat op d'Bün?

Et erwaart Iech eng ee-stonneg Rap-Show vum Feinsten op lëtzebuergesch. Et gëtt spigéiert a mat dobäi sinn all déi Leit déi involvéiert waren um Projet. Mir konnten eis alleguer nach net gesinn zanterdeem s datt den Album eraus ass. Et kann ee momentan keng richteg Release maachen, an et dass schéin, datt mer dat hei awer organiséiere konnten.