Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Snapped Ankles - Forest of Your Problems

Album vun der Woch

Snapped Ankles - Forest of Your Problems

De Bandnumm Snapped Ankles mécht een e bësse mulmeg. Wie wëllt schonn drun denken, datt engem seng Enkelen noginn, dat géing schliisslech Ëmfale bedeiten. Wat bei Snapped Ankles reieweis ëmfält, sinn allerdéngs net d'Nolauschterer, mee d'Sécherheeten an deenen hire Käpp, fënnt de Marc Clement a bréngt de Londoner hir nei Scheif "Forest of Your Problems" als Album vun der Woch mat.

auto_stories

3 min

Gebuer op DIY-Partyen am Oste vu London, waren den anonymme Schamanen hir éischt Performances aus Samples zesummegeschnidden, déi si a 60er Jore Filmer fonnt waren, a mat hire Synthesizer begleet hunn. Et war eng Art zynesche Kommentar op d'Konsumgesellschaft, déi deemools nach wonnerbar onkritesch aus de Biller, Hautparleuren a Geeschter geschat huet.

Hiren ekologesche Message mécht schonn déi éischt Single kloer, déi 2012 erauskoum an "True Ecology" geheescht huet. 5 Joer huet et gedauert, hir Visioun vu fonnte Sounds op gespilltener, vu Commentaire op Kreatioun ze bréngen. "Come Play the Trees", hire mat schamanistesche Biller spillenden Debut, bréngt hinnen 2017 Vergläicher mat The Fall a Can an.

Viru lauter Beem...

Och Album Nummer 5, Forest of Your Problems, Ufank Juli op Leaf erauskomm, erzielt vun de Beem, mee net vun deenen, déi ee wëll ëmäermelen, mee éischter déi, vun deenen een de Bësch net méi gesäit. D'Konsumkritik ass intakt, den Ekologismus och, mee déi Kéier ginn all déi Forcen an der Gesellschaft, déi sech op der gudder Säit gesinn - Hipster, Rechthaber, Aktivisten - ënner d'Lupp geholl an et bleift éierlech gesot kee gutt Hoer un hinnen.

Den Titel vum zweetleschte Song, Xylopphobia, encapsuléiert vill vum Album sengen Aussoen. Griichesch fir Angscht virum Bësch, zeechent eis zivilisatoresch Ofhängegkeeten a Luxusgewunneschten of, déi de mikroben a milbebesatene Bëschbuedem net méi verdroen. Mee och eis Zeréckscheien virun engem Bësch vu Meenungen, Usiichten a gesellschaftleche Konflikter, déi an enger suergsam kuratéierter Informatiounsblos net méi andrénge kënnen.

Feier mat Feier bekämpfen

Musikalesch gesinn ass der Band hir schamanistesch Vergaangenheet op dëser Plack an eppes méi Maschinelles verwandelt ginn. Net nëmmen textlech, mee och musikalesch gesinn, bekämpfen d'Snapped Ankles Feier mat Feier. Hir perkussiv Krautrock-Percussioune klénge maschinell, net méi pantheistesch oder wëll. Op "Rhythm is our business" hëllt d'Band esouguer hir eegen Effikassitéit op d'Schëpp a vergläicht se mat där vu grousse gliesene Burösgebaier an der Muecht vu Kostüm a Krawatt.

Musikalesch bleift et wëll a resolut rhythmesch, mee mat engem ugeschwäerzte Witz, an enger gewolltener automatescher Onbehollefheet, déi och den Amerikaner DEVO gutt géif zu Gesiicht stoen. D'Synthesizer-Sounds allerdéngs sinn ee Stéck méi sophistiquéiert wéi soss a Post-Punk-Stécker, a baue ronderëm 60s-Uergelen a punkeg Gittaren eng Welt, an där scheinbar vill ze vill Saachen op Autopilot lafen.