Radioen

On air

Notturno  |  Gilles Grethen Quartet - Stars And Asteroids

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sold Out!

Den OPL geet op Tournée

Sold Out!

Och wann d'Diere vun der Philharmonie nach zou sinn, gëtt hannendru scho fläisseg geschafft: Ier den éischte Concert vun der Saison 2017/18 lancéiert gëtt, steet fir d'Museker vum "Orchestre Philharmonique du Luxembourg," kuerz OPL, eng Tournée duerch Spuenien um Programm. Geplangt sinn dräi Concerten op zwee verschiddene Festivalen zu San Sebastián an Santander.

auto_stories

3 min

D'"Quincena Musical" zu San Sebastian wier ee vun deene gréisste Festivalle vu Spuenien, seet de Geoffroy Guirao, Produktiounsleeder vum OPL. Beim éischte Concert, de 25. August sti mam Mussorgski, dem Prokofjew an dem Schostakowitsch lauter russesch Komponisten um Programm. Dem Geoffroy Guirao no, hätt ee bewosst op spuenesch Wierker verzicht, well een an der Roll vun engem internationalen Orchester mat engem internationale Repertoire optrëtt.

Iwwer honnert Sängerinnen a Sänger

Fir den zweete Concert, de 26. August, huet den OPL gewësse Konditioune missen erfëllen: Et sollt e grousst Wierk mat Chouer a Soliste sinn. D'Entscheedung ass dofir op dem Giuseppe Verdi säi grousse Requiem gefall. Zesumme mam OPL wäerten déi renomméiert Solistinnen Maria José Siri an Daniela Barcellona, esou wéi d'Solisten Antonio Poli a Riccardo Zanellato op der Bühn stoen. Fir dëse Concert steet och e bekannte Chouer op der Affiche: den Orfeón Donostiarra.

Et ass e renomméierten Amateursensembel aus San Sebastián, bei deem iwwer honnert Sängerinnen a Sänger engagéiert sinn. Bekannt ass de Chouer virun allem fir seng Interpretatioune vu franséischen an italienesche Wierker. Fir sech optimal op dem Verdi säi Requiem virzebereeden, reesen d'Museker vum OPL schonn een Dag virum Concert op San Sebastian a prouwen zesumme mam Chouer intensiv un dësem Wierk.

Bis op déi lescht Plaz ausverkaaft

Dës Méi schéngt sech elo schonn ze lounen. De Requiem gëtt nämlech net nëmmen op der "Quincena Musical" opgefouert, mä och um internationale Festival vu Santander. A béid Concerte si scho bis op déi lescht Plaz ausverkaaft.

"Ech sinn iwwer d'Organisateure gewuer ginn, datt eis Concerten immens gutt besicht sinn. De Verdi ass schonn zënter Méint bei deenen zwee Festivallen ausverkaf," seet de Geoffroy Guirao.

Dëst ass ëm sou méi beandrockend wann ee bedenkt, datt de "Kursaal" zu San Sebastian an de "Palacio de Festivales" zu Santander zesummen iwwer 3.400 Plazen hunn.

Mat zwee Fligeren a Spuenien

D'Tournée gëtt schonn zënter iwwer sechs Méint virbereet. Am Ganze si fënnef Deeg fir den Transport, d'Prouwen op der Plaz an déi dräi Concerten ageplangt. Vu Lëtzebuerg aus ginn fléien déi 90 Musekerinnen a Museker vum OPL, zesumme mat allen Techniker an der Equipe, déi sech ëm d'Organisatioun këmmeren den Donneschdeg, de 24. August mat zwee Fliger a Spuenien. D'Instrumenter gi schonn en Dag éischter mat engem Camion op d'Rees geschéckt. Nieft all de Prouwen, de Concerten an dem Transport tëschent deenen zwee Festivallen, géing de Museker keng Zäit bleiwen, fir Tourismus ze bedreiwen, seet de Geoffroy Guirao.

Gutt fir den Image

Dëse risegen Opwand wier néideg, fir sech international en Numm ze maachen. Zënter de Gustavo Gimeno d'Direktioun vum OPL iwwerholl hätt, wieren d'Zuele vum Publikum an de Concerten an d'Luucht gaangen. Den OPL wéilt sech awer net op dësem Succès ausrouen.

Als Orchester, deen d'Ambitioun huet, sech international en Numm ze maachen, misst ee sech deplacéieren, fir e gréissere Publikum unzeschwätzen a fir déi international Press vu sech schwätzen ze doen. Doduerch géing een den Image, souwuel vum Orchester, wéi och vu Lëtzebuerg promovéieren.