Radioen

On air

De Moien  |  Tilly Metz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spannend bis déi lescht Nout

Kammermusek

Spannend bis déi lescht Nout

2013 hu sech de Cristiano Gualco an de Paolo Andreoli (Gei), de Simone Gramaglia (Braatsch) an den Giovanni Scaglione (Cello) opgemaach, bei audite sämtlech Sträichquartetter vum Ludwig van Beethoven opzehuelen. Elo koum de leschte Volume vun dësem Projet eraus. Entstan ass eng Intégrale mat Referenzcharakter.

auto_stories

2 min

D'Quartetter Nummer 3 aus Opus 18 an Opus 74 waren déi lescht, déi dem Quartetto di Cremona nach a senger Sammlung gefeelt hunn. Och am leschte Volume vun hirer Beethoven-Integrale si sech déi véier Museker aus der Monteverdi-Stad trei bliwwen an hunn ee fréit Wierk mat enger Kompositioun vum gestanene Beethoven konfrontéiert.

Vun Ufank un spillt de Quartetto di Cremona mat eisen Erwaardungen. Beim Quartett Opus 18/3 huet een nach Ausleefer vun der Wiener Klassik an der Kopp, wou alles ronn an equilibréiert sollt kléngen. De Contraire ass de Fall. D'Interprete setze voll op déi dramatesch Kraaft, déi dem Beethoven seng Musek schonn an dësem fréien Opus engagéiert. Si féieren de Begrëff "fréit Wierk" reegelrecht ad absurdum, andeems si melodesch Linnen éischter ongehuwwelt ewéi glat geschlaff spillen an d'Musek duerch e permanent Spill mat den Tempi stänneg ënner Spannung halen.

Musek, déi fesselt

Mat därselwechter Energie gëtt sech de Quartetto di Cremona och un de Quartett Opus 74, de sougenannten Harfequartett. Déi véier Museker spillen héich emotional a bréngen et fäerdeg, datt een als Nolauschterer net méi lassloosse kann. Wat däerf e méi vun Interpreten erwaarden?

Och an dësem aachten a leschte Volume vu senger Beethoven-Serie beweist de Quartetto di Cremona seng enorm musikalesch Energie, déi een och brauch fir esou ee Laangzäitprojet duerchzezéien. Dës Integrale huet definitiv Referenzcharakter.