Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Benny Sings - Big Brown Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steely Dan - Black Cow

Sample vun der Woch

Steely Dan - Black Cow

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

D'Lidd "Black Cow" vun der Grupp Steely Dan war op hirem sechsten Album "Aja", deen 1977 erauskoum. Dat war hire gréissten Succès. Op dësem Album si bal 40 Museker implizéiert. Si hunn natierlech e Grammy dofir gewonnen a Platin Status erreecht, haaptsächlech fir déi héich Qualitéit vun der Opnam.

Heiansdo daueren Lidder bis zu aacht Minutten, mee et gëtt awer ni indigest. Déi zwee Grënner vun der Grupp, de Walter Becker an Donald Fagen gesinn d'Band éischter als e renge Studio-Projet, dat heescht, si ginn eigentlech keng Concerten tëschent 1973 an 93. Si schreiwen d'Musek a stellen Interpreten a fir si ze spillen. Si sinn a la Base Rockmuseker, déi awer éischter Jazz, R'n'B a Pop Lidder schreiwen. Déi éischt Ecoute klengt e bësse wéi Easy Listening, mee am Hannergrond lafe komplex Harmonie-Wiessel an duerchduechte Melodien. Si goufe vun der Kritik gelueft an hu Präisser gewonnen. Retrospektiv kann een dat als d'Grënnung vum Yacht-Rock bezeechen.

1997 hu Lor dTariq a Peter Gunz "Black Cow" gesampelt fir hir Bronx-Party-Hymn doraus ze maachen "Deja Vu (Uptown Baby)". Si waren als Grupp e One Hit Wonder. Si hunn zwar 98 hiren Album "Make It Rain" erausbruecht, mee si haten zesummen kee Succès, ausser dat heite Lidd natierlech. D'Rapper hu missten 115 000 $ an 100 Prozent vun de Royalties u Steely Dan bezuelen, wat fir déi Epoque zimmlech hefteg war. De Song blouf awer e risege Succès.

D'Grupp 213 hunn den Song och fir hiert Lidd "Keep It Gangsta" benotzt. 213 war Enn 80er déi éischt Grupp vu Snoop Dogg, Warren G an Nate Dogg zesummen. No hire jeeweilege Solokarriären hu si 12 Joer méi spéit am Joer 2004 eng Reformatioun gemaach. All Member vun der Grupp ass op dësem Projet an topp Form, woubäi Snoop dee Bekanntste vun den Dräi bleift.

De Sample huet et souguer mat der Grupp OSTR bis a Pole gepackt. Hiert Lidd heescht "Sinu", wat souvill wéi "Sohn" op Polnesch heescht. D'Grupp ass anscheinend a Polen zimmlech bekannt, si hunn nämlech scho mam Jeru The Damaja oder Sadat X collaboréiert.

Den MF Doom huet d'Lidd och benotzt fir säi "Gas Drawls" doraus ze maachen. Hie sampelt en aneren Moment vum Lidd "Black Cow" a setzt et am Joer 1999 op säin éischten Album "Operation: Doomsday". Hien ass bekannt dofir just ee Loop ze benotzen, Perkussiouns-Elementer doriwwer ze mixen an ouni vill Schnick Schnack doriwwer ze rappen.