Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stereo gëtt gesprengt

Klassik-CD vun der Woch

Stereo gëtt gesprengt

En neien 3D-Sound gëtt gemëscht mat engem onbekannte Wierk an enger energetescher Interpretatioun. Wann een dësen Disk mat engem Wuert misst beschreiwen, da wier "interessant" de richtege Choix.

auto_stories

3 min

CD: Tschaikowski - Goulda

Label: hänssler Classic

Interpreten: Jakob Spahn - Cello, Orchesterakademie des Bayerischen Staatsorchesters

Wierker:

  • Friedrich Gulda: Concerto for Cello and Wind Orchestra
  • Pjotr I. Tschaikowski: Roccoco Variations for Cello and Wind Quintet
  • Pjotr I. Tschaikowski: Andante Cantabile aus dem Sträichquartett Nr. 1, Op.11
Interpretatioun:
Klang:

De Cover verréit scho sou muenches: Ze gesinn ass eng Gei, déi e Kopfhörer ausernee sprengt. Nieft der normaler Audio-CD kritt ee mam Album nämlech och eng Blu-ray. Mat enger entspriechender Anlag kann een deen Album am 3D-Sound lauschteren. Fir dëse Klang huet Hänssler Classic mat Siemens zesummegeschafft. Den Toun kennt elo net nëmme méi just vu vir, mä och vun hannen a souguer vun uewen. Doduercher ass eng aner Opdeelung am Raum méiglech. Den Cello kennt vu vir, d'Gittar ass méi op de Säite positionéiert, an d'Bléiser héiert ee mat hire staccato-aartegen Awërf vun iwwerall.

Doduercher geet zwar den Effekt verluer, datt den Ensembel sech esou unhéiert, wéi wann e virun engem op der Bühn géing stoen, de Klang u sech ass dofir awer vill méi direkt. Den Nolauschterer setzt am Zentrum vun den Instrumenter, déi an allen Dimensioune ronderëm ee verdeelt sinn. Well et awer nach immens seelen ass, datt een d'Geleeënheet huet, en Disk op esou enger Anlag ze lauschteren, ass am Album och eng gewéinlech CD dobäi. Am Kontrast dozou, wéi gutt d'Stécker am 3D-Sound klengen, feelt et hinnen am Stereo u Klangfaarf an Déift.

En interessante Programm

Direkt mam éischte Stéck ginn d'Qualitéite vum 3D-Sound gewisen. Quasi rockaarteg fänkt den Cello mat engem Riff un, da kommen d'Bléiser aus alle Richtungen an direkt duerno huet eng Batterie hiren Asaz. Dat alles geschitt bannent néng Sekonnen. An och iwwer dëse spektakulären Ufank eraus kënnen den Jakob Spahn an d'Museker vun der Orchesterakademie iwwerzeegen.

Zesumme setze si déi ganz Bandbreet vu Charakteren ëm, déi déi verschidde Stécker fuerderen. D'Energie an d'rhythmesch Präzisioun vum Friedrich Gulda sengem Concerto realiséiere si genee esou wéi d'Lyrik an d'Agogik am Tschaikowski senge Rokoko-Variatiounen. Ofgeschloss gëtt de Programm mam weltbekannten Andante Cantabile aus dem Tschaikowski sengem éischte Sträichquartett an engem Arrangement fir Cello a Strächtrio.