Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stevie Wonder - Talking Book

Déjà vu

Stevie Wonder - Talking Book

"Talking Book" vum Stevie Wonder ass eisen Déjà Vu-Album vun der Woch. En Album, deen am Oktober 1972 erauskoum, an deen de Fred Medernach 50 Joer duerno nach emol opgeluecht huet.

auto_stories

5 min

Mat 22 Joer ass de Stevie Wonder 1972 schonn en alen Hues am Geschäft - a setzt am Oktober vun deem Joer mam Album "Talking Book" nei Akzenter um Label Motown. E Réckbléck op e Grammy-ausgezeechent Wierk mam Fred Medernach.

Scho mat eelef Joer huet de Stevie Wonder, deemools nach als Little Stevie Wonder, säin éischte Plackekontrakt mat Tamla, engem Ënnerlabel vu Motown, ënnerschriwwen. Hien ass blann vu kuerz no senger Gebuert un an huet, als Pianist a Sänger, 1963 säin éischten Nummer 1 Hit: "Fingertips", dat mat ganzen 13 Joer.

Eege Weeër

Eelef Albumen hëlt hie fir de Label aus Detroit op. Ouni allze vill Fräiheeten, et ass d'Plackefirma a speziell hire Grënner, de Berry Gordy, deen dem jonke Museker säi Repertoire bestëmmt, an der Haaptsaach wéineg komplizéierte Pop, dee séier produzéiert gëtt.

Dat ännert sech am Joer 1972 mat engem neie Kontrakt beim Haaptlabel Motown - ee wou hien däerf den eegene Repertoire matbestëmmen. En éischten Album heescht bezeechnenderweis "Music Of My Mind". Am selwechte Joer '72 kënnt dann e weideren Album eraus, "Talking Book". E Meeschtercoup vum deemools 22 Järegen.

"Talking Book" gëtt am Oktober 1972 net nëmmen den Ufank vun enger formidabeler Karriär fir de Stevie Wonder selwer. Den Album revolutionéiert och de Sound vu Motown mat enger ganzer Partie un neien Instrumenter, déi bis dato beim Haaptvertrieder vum schwaarze Sound kaum present waren.

E funky Grammy...

Déi zwee Haapttitelen op "Talking Book" sinn Eegekompositiounen - déi allebéid mat Grammye wäerte belount ginn. Et sinn dat "Superstitioun", hei spillt de Stevie Wonder Hohner Clavinet an e Moog Bass ... a rappt mat senge Riffs u wéi keen zweeten. D'Lidd gëtt e Funkklassiker fir d'Éiwegkeet.

D'Anekdot dozou: eigentlech hat de Museker dëst Lidd fir den englesche Gittarist Jeff Beck geschriwwen, e grousse Fan vum Amerikaner an op engem Track vum Album als Invité derbäi. Just datt Motown, wéi si d'Réi-Versioun vum Lidd bis héieren haten, drop bestanen hunn, et esou séier wéi méiglech erauszebréngen an net op eng Jeff Beck-Versioun ze waarden. Do hat een d'Nues fir e garantéierten Hit, deen et jo dann och sollt ginn.

...an där duusser een!

Deen zweete Grammy geet musikalesch an eng komplett aner Richtung - et ass e Slow, duuss, melodiéis, mam Stevie Wonder um Fender Rhodes, dem elektresche Piano. Mat Ënnerstëtzung vun dräi sougenannte Backing vocals, de Stëmmen am Hannergrond, déi ënner seng geluecht ginn, beweist de Wonder mat "You Are The Sunshine Of My Life", datt hien esouwuel de Funk, dee rappt, wéi och d'smooth Soulballad op engem Album a Perfektioun hikritt. Eng Kombinatioun, déi net zu Lescht de Succès vun "Talking Book" ausmécht.

Knackege Funk engersäits, fir d'Häerz op där anerer: esou kéint een de Repertoire graff resuméieren. Sechs Lidder sinn dobäi reng Stevie Wonder-Kompositiounen, bei deene véier aneren ass hie Co-Auteur zesumme mat der Syreeta Wright. Et ass dat seng Ex - déi zwee ware vun 1970 bis kuerz virun den Opname vum Album bestuet, d'Scheedung koum no knapps zwee Joer Bestietnis - hei um Album si se nach emol zesummen.

Polit-Big Brother

Ee Lidd stécht op "Talking Book" Text-méisseg besonnesch ervir: mat der Kompositioun "Big Brother" weist de Museker, datt hien definitiv net méi dee liicht manipuléierbare Little Stevie Wonder aus sengen Ufanksjoren ass.

"Big Brother" ass e politescht Lidd, an deem de Museker Kloertext schwätzt, wann hien op d'Liewen am schwaarze Ghetto ageet, wou d'Kakerlaken a Fixspouns-groussen Haiser géife ronderëmlafen a wou Kanner am Misär stierwen, hien hieft eng direkt Uklo mat der Ausso "You killed all our heroes" - hei denkt een direkt un de Martin Luther King - an hie beklot, datt Politiker sech just fir d'Mënschen interesséieren "in election times", wa Wale sinn.

Deemools war de Republikaner Richard Nixon President, de Mann, deen als Drotzéier vum Watergate-Skandal mam Bespëtzele vum politesche Géigner sollt an d'Geschicht agoen. Dofir och den Titel "Big Brother", dee sech um George Orwell sengem Roman "1984" inspiréiert, wou et ëm den totalitären Iwwerwaachungsstaat geet. "Du gesäis mech op denger Tëlee", sengt de Wonder, "an du hues mech an dem Notebook stoen, däin Numm ass Big Brother".

En Text deen uklot, mat roueger Stëmm virgedroen an en Titel, op deem de Stevie Wonder sämtlech Instrumenter selwer spillt.

En neie Motown-Sound

Mam Album "Talking Book" setzt de Stevie Wonder d'Jalone fir eng eenzegaarteg Karriär mat dominéierende 70er Produktiounen, mat deenen hie Keyboard-Marke wéi Hohner, Moog, Arp an Oberheim eng fest Plaz am Funkberäich assuréiert.

E Glécksfall ass och d'Zesummenaarbecht an der Produktioun tëschent dem Museker selwer an den zwee Co-Produzente Robert Margouleff a Malcolm Cecil ... déi allebéid genee esou op professionell Perfektioun stinn, wéi de Wonder selwer, an déi den Asaz vun de sëllegen elektroneschen Tasteninstrumenter voll am Grëff hunn - obwuel den Asaz vun deenen nei ass. Dës Ekipp wäert och op den nächsten zwee Albumen "Innervisions" a "Fullingsless Full Finale" zesummeschaffen mat esou bekannten Hits wéi "Living For The City", "Higher Ground" oder "Boogie On Reggae Woman".

Mat am Ganzen dräi Grammyen ass "Talking Book" e Referenzalbum, deen am Januar 1973 dräi Woche laang déi amerikanesch R&B-Charts uféiert. "Innervisions", den Nofollger, wäert déi selwecht Spëtzepositioun am September anhuelen.