Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suuns - The Witness: Vum Ze vill Wëssen

Musek

Suuns - The Witness: Vum Ze vill Wëssen

Zentral fir d'Roll vun engem Zeien ass säi Bléck. "The Witness", déi nei a fënneft Studioplack vun der kanadescher Band Suuns ass een Album iwwer Blécker. Eng Aner Saach, déi Zeien oft betrëfft, si Gewëssensfroen. Dëst ass eng onconfortabel Kombinatioun vu Sujeten, Blécker a Gewëssensfroen, déi u Selbstzweiwel denken deet, an de Kierper an Alerte versetzt.

auto_stories

4 min

An dat mécht och d'Musek. An deenen op den éischte Bléck onnéideg komplexen Arrangementer vun eisem Album vun der Woch verdichten sech d'Blécker zu engem geféierleche Bësch, mat Schieter, Stoppen, an aluedende, mee villäicht déidleche Schneisen. D'Paranoia vun Internet-Beobachtung a Monitoring duerch sozial Medie séngt technesch-verfriemt a languréis aus dem Sänger Ben Shemie sengem scheinbar bluttlose Kierper, a verwandelt dës Plack an ee Stadplang, op deem all d'Indicen express verwëscht an d'Stroossennimm duercherneegeheit gi wieren.

Keng Melodie, Akkordfolleg, oder Rhythmuswiessel annoncéiert sech kloer. Hei an do gëtt ee bewosst iergeleet, ëm den Eck gelackelt, wou eng Iwwerraschung waart, déi sech virun den Aen a Loft opléist. All Dëst geschitt oft mat Téin, déi onerwaart laang leie bleiwen, fir sech iwwer genee esou onerwaarten Akkordsuitten ze spanen a krokeleg Disharmonië geféierlech laang undauere loossen... Et wëll een experimentell soen, mee experimentell ass dat hei am Fong net, just mat extremer Prezisioun op d'Spëtzt gedriwwen. Déi éischt Puer Kéieren, wou een des Plack lauschtert, sicht een no den Hooks, a fënnt am Platz Kreep frësch geschmierte Chromgewënner oder villäicht Jelliskäpp.Wann een dem bizaren Zauber vun de Suuns hirem Spill bis erleeën ass, a fir d'véiert oder fënneft lauschtert, erschléisst sech d'Form vun der Musek als déi üblech Verse-Chorus-Verse Këschten, just an aneneelafende Faarwen a Formen. De Stadplang mécht elo nach manner Sënn. Wéi eng Strooss hei a wéi eng féiert, bleift ee Mistère, just dass een dee mëttlerweil auswenneg matsange kann.

Och dem Sänger säin ëmmer deselwechten, op hallef Noute korrigéierende Vocoder-Effekt mécht Sënn an dësem konschtvoll zesummegesate Ganzen, stellt en dach eng gläichzäiteg einsam, insistent a dach an hirer Identitéit verwëschte Figur duer, déi beweeglech a virsiichteg tëscht gréissere musikalesche Bléck hin an hir schwéngt wéi ee verbassene Spiderman tëscht de Wollekekrazerten.

Suuns op luese Suelen

D'Klanglandschaften hannendru sinn dobäi iwwerraschend muusseg. Gefleegten, dezent effektéiert Synthislinnen an akustesch Perkussioun schafe Landschafte ganz Toun an Toun, wou dës Band virun e puer Joer nach op brutalistesch Kontraster gesat huet. Et mengt een oft, do wier ze vill am Hannergrond, mee wann ee méi genee lauschtert, ass do kaum eppes. E bësse wéi eng optesch Täuschung verwandele Suuns eng einfach Grondform an ee Kaleidoskop vu Fraktalen, an d'Resultat ass e bësse wéi eng Wüüst - gläichzäiteg eidel an dach voller Sand. D'Diskretioun an d'Eleganz, mat deem dëse Prozess virun sech geet, ass dat Faszinéierend un dëser Plack.

Och seet se dat, wat se seet, duerch an duerch, a mat alle Mëttelen déi si kommandéiere kann. Dass "The Witness" d'Propose vun den Texter an d'Stëmmung hannert de Melodien zu enger komplett koherenter Visioun verdichte kann, weist de Suuns hiert Talent als Museker, mee verréit och eng gréisser Visioun, déi bal un d'Approche vun zäitgenëssesche Kënschtler denken deet.

Dem John Congleton seng Produktioun sollt een hei genee esou luewe wéi der Band hir Kreativitéit a Selbstkontroll. Nennt är dräi äussergewéinlechst Museksdecouverte vun deene leschten zéng Joer, iergendeppes tëscht A wi Amanda Palmer an X wi Xiu Xiu, an d'Chance sti gutt, dass hie mat hinne geschafft huet.

Op "The Witness" spillt hien Aquarellist an deet d'Faarf bis wäit iwwert d'Formen eraus bludden. Ouni déi absolut Disziplin vun alle Bedeelegten, wir "The Witness" just wéi ee falsch zesummegesatent Puzzel, oder een Duerchernee vun Elementer. Déi bal erschreckend Eenheet vun deem, wat SUUNS hei zesummegestallt hunn, weist awer, datt si dat Rätsel, wat si dem Nolauschtere stellen, fir sech selwer geléist hunn, an dat ganz schlësseg. Knapp 38 Minutte Musek déi ee wéi eng Detektivgeschicht net méi lassloossen, kann een op The Witness fannen, wann ee sech déi Zäit wëll huelen. A sécherlech och eng vun deenen atypeschste Beautéen, déi dëst Joer erauskomm sinn.

Eisen Extrait heescht C-Thru, konzentréiert de Bléck op eppes Duerchsichteges a kléngt e bësse wéi een decomposierten an nei zesummegesaten Depeche Mode Track, ouni d'Referenz awer ze wäit ze dreiwen. Déi schlängelend Gesangslinn ass eng Aart risege Sandwuerm a misst menger Meenung no de Soundtrack vum Denis Villeneuve sengem neien Dune Film sinn, deem seng Musek wäit ënnert den Erwaardungen an dem Hype zeréckbleift. Dat trëfft op "The Witness" net zou... dës Plack ass esou diskret, datt et no der Sortie ganzer zwou Woche gedauert huet, bis se opgefall ass...