Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bullion - World_train (feat. Charlotte Adigéry)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tasten amplaz Säiten: Slumbergaze & Airship 81

Elektronesch Musek aus Lëtzebuerg

Tasten amplaz Säiten: Slumbergaze & Airship 81

Zwee Lëtzebuerger Museker hu sech zur Elektronik convertéiert. Allebéid hu si en Hannergrond op Säiteninstrumenter. Allebéid triede si e Méindeg an de Rotonden op. Mir hu mat de Protagonisten hanner de Projete Slumbergaze an Airship 81 geschwat.

auto_stories

3 min

Den Eric Junker dierft ville Leit als live-Bassist vu Mutiny on the Bounty e Begrëff sinn. Déi éischt Band, mat där hien zu Lëtzebuerg opgetrueden ass, war Antifragile.

Un der elektronescher Musek géif hie virun allem d'Manéier fir ze komponéieren interesséieren. Am Februar hat hien den EP "Gateway Suite" erausbruecht. Eng ambient Kompositioun a véier Mouvementer fir elektresch Gittar, Bassgittar a Batterie. Do hätt hie méi eng klassesch Approche beim Schreiwe gehat.

"Bei der elektronescher Musek fannen ech et interessant, datt s de mat den Téin direkt komponéiers. Et ass näischt tëschent der fäerdeger Opnam an der Iddi."

Thematesch dréit dem Eric Junker seng Aarbecht ronderëm d'Zukunft. De Grond wier säin Alter, "an deem s de eriwwer gees an dat richtegt erwuessent Liewen." Hie géif sech vill Froen doriwwer stellen, wéi et géif weidergoen.

Eegen Iddie sinn nëmmen duerch Selbstvertraue méiglech

Bei Slumbergaze géif et haaptsächlech ëm Géigesätz goen, seet den Eric Junker. Schlofen a stuerke wieren zwou Saachen, déi sech ofstoussen. Bei der Musek vun dësem Projet wéilt hien, datt d'Nolauschterer sech bëssen "uneasy" géife fillen. "Du mierks, datt iergendeppes net richteg ass."

Den 9. August kënnt déi éischt Single vu Slumbergaze eraus. A "Landslide" geet et ëm eng Koppel, déi hiert ganzt Liewe laang Idealer nogelaf ass, déi net op si gepasst hunn. Et wier dacks schwiereg fir Selbstvertrauen ze hunn, seet den Eric Junker, och fir hie selwer. Nëmmen duerch Selbstvertraue kéint een eegen Iddien entwéckelen.

Stilistesch fillt hie sech dem Hip Hop méi no, wéi reng elektronesche Genrë wéi Techno oder Synthwave. Beim Slumbergaze-Optrëtt an de Rotondë gëtt den Eric vum John Wolter op der Batterie begleet.

Et ass wichteg, sech Limitten ze setzen

De Paul Bradshaw huet bei Rockgruppe wéi Actarus, Treasure Chest At The End Of The Rainbow oder Lafa Connected Gittar a Bass gespillt. An elo op eemol beschäftegt hie sech mat Equalizer-Astellungen. "Eigentlech méchs de Sound-Architektur", seet de Museker.

Et wier vill manner trivial, wéi just Gittar spillen. "Op eemol muss ech alles maachen, an dat a Lidder paken." Et géif immens vill Zäit an d'Musek goen, an hie géif sech fille wéi e Project Manager, seet de Paul Bradshaw.

Wann ee mam Computer Musek mécht, hätt ee sou vill Méiglechkeeten, datt et wichteg wier, sech Limitten ze setzen. Generell sollt een als Museker mat deem Equipement spillen, wat een huet, amplaz ëmmer nei Saachen unzeschafen. Déi Approche hätt hien och schonn op der Gittar gehat.

"Ech vermëssen et, mat Kolleegen an engem Sall ze spillen", seet de Paul Bradshaw iwwer säin neie Solo-Projet. "Alles eleng ze maachen erméiglecht et mir awer, ultra egoistesch ze sinn." Wann hie lo wéilt en anere Beat hunn, géif hien dat einfach programméieren. "An et ass net onbedéngt eng Diskussioun mat véier aner Leit."


D'Gespréich mat Slumbergaze:

Lauschterenplay_arrow


D'Gespréich mat Airship 81:

Lauschterenplay_arrow