Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Texter fir unzepaken

Sharon Van Etten - Remind Me Tomorrow

Texter fir unzepaken

"Remind Me Tomorrow", "Erënner mech muer drun", dës Opfuerderung schreift ee Leit zou, déi hir Prioritéite kloer definéiert hunn. Interessant also, datt déi amerikanesch Singer- a Songwriterin Sharon Van Etten dës Ausso als Titel fir hire fënneften Album gewielt huet.

auto_stories

3 min

Der Sharon Van Etten hir Prioritéiten hu sech geännert. Foto: sharonvanetten.com/about/

Eng jonk Fra leeft duerch d'Stroosse vu New York, d'Verzweiwlung an d'Orientéierungslosegkeet stinn hir am Gesiicht. D'Kamera geet mat hir, filmt si vu vir oder vun hannen, a schwenkt och dann net fort, wéi d'Fra d'Beherrschung endgëlteg verléiert a kräischt.

Am Hannergrond séngt d'Sharon Van Etten vun der Erniddregung, déi déi méi däischter Säite vun der Léift mat sech brénge kënnen. Sou oder sou ähnlech klengt de Pitch fir de Museksvideo vum Lidd "Your Love is Killing Me", enger Single vum Album "Are We There" aus dem Joer 2015.

Déi zerbriechlech Lyrics vun der Sharon Van Etten a Kombinatioun mat der schauspillerescher Leeschtung vun der Carla Juri hunn dozou gefouert, datt de Video der Sängerin hirer Carrière en enorme Push ginn huet. D'Sharon Van Etten gëllt als valeur sûre, wann et em den kitschfräien Ausdrock vun Traumata geet.

Prioritéiten hu sech geännert

An der Tëschenzäit huet sech bei der amerikanescher Songwriterin vill gedoen. Si wollt hir Musekscarrière op Äis leeën an huet eng Roll an enger Netflix-Serie ugeholl, si huet e Bachelor an der Psychologie gemaach an ass Mamm ginn.

D'Prioritéiten an hirem Liewen huet si bewosst nei organiséiert. Den Titel vum neien Album "Remind Me Tomorrow" ass also och ee Verweis dorop, datt net alles d'selwecht wichteg ass. Dës Reorganisatioun a Reorientatioun, virun allem och déi nei gewonne Liewensfreed, sinn op deenen neien Tracks erauszehéieren.

Musikalesch erkenne mir op dem neien Album eng Evolutioun. D'Sharon van Etten huet sech net komplett nei erfonnt, mee et spiert een, datt si sech opmécht fir méi positiv Vibes. Vill Lidder hunn een Drive, deen ee vun der Sängerin bis dato net kannt huet, an dee plazeweis ganz staark un de Bruce Springsteen erënnert.

Eng perséinlech Evolutioun

Inhaltlech dréine sech d'Lidder manner ëm emotional Gewalt an d'Ofgrënn vun der Léift, villméi setzt sech d'Sharon Van Etten mat hirer perséinlecher Evolutioun auserneen.

Dee konfessionelle Charakter vun hiren Texter ass nieft der fragiller Stëmm déi grouss Stäerkt vun der Sharon Van Etten. Si dréit hiert Bannenzegt schounungslos no baussen, bal kéint ee vun "emotionalem Striptease" schwätzen.

Eng Selbsttherapie

Mee hei geet et net drëm, no Matleed a Versteesdemech ze geieren. Mat hirer hyperintimer Musek therapéiert sech déi haut 37-järeg Van Etten selwer. Gläichzäiteg awer stellt si sech de Lauschterer als Projektiounsfläch an Identifikatiounsfigur zur Verfügung. Si ass dat, wat mir héieren.

Den Album ass immens villsäiteg. Virun allem de ganz dezenten Asaz vun diverse Synthesizer an Drone-Sounds féiert dozou, datt ee beim Lauschteren ëmmer erëm op nei Erliefnisser stéisst.

Eng erfrëschend Variatioun

D'Sharon Van Etten huet sech etabléiert, dat ass sécher. Mee amplaz sech op hirem Succès auszerouen, ënnerbreet si eis eng weider erfrëschend Variatioun vun deem, wat si am beschte kann: Direkt Musek, Texter fir unzepaken, echt Musek, a Lidder, déi een op der richteger Plaz beréieren.