Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Doors - The Soft Parade: Wierklech "the worst of"?

Déjà Vu

The Doors - The Soft Parade: Wierklech "the worst of"?

"We're Only In It For The Money": Dem Frank Zappa säin Titel kéint op den Doors hiren Album aus dem Juli 1969 passen: Eng wéineg inspiréiert a midd Grupp geet op Wonsch vu Management a Label an den Tounstudio - allerdéngs ouni Songmaterial. D'Zitroun soll weider ausgequetscht ginn, d'Doors sinn eng Geldmaschinn. Eng diskutabel Decisioun an en diskutabelt Resultat.

auto_stories

6 min

"The Soft Parade" ass den Doors hire véierte Studio-Album - vun am Ganzen sechs, déi zu Liefzäite vun hirem charismatesche Sänger an Haaptkomponist Jim Morrison opgeholl goufen. Den amerikanesche Quartett geet am November 1968 fir d'éischte Kéier an d'Studioe vun hirem Label Elektra zu L.A.

Eng länger Studio-Saach

Et soll ganzer siwe Méint daueren, bis d'Produktioun an der Këscht ass. Aus engem einfache Grond: d'Plackefirma drängt op e weideren Album, nodeems déi dräi éischt d'Band a manner wéi zwee Joer un d'Spëtzt vun der internationaler Rockzeen bruecht huet. De Problem dobäi ass awer, datt Morrison a Co. no enger laanger an erfollegräicher Tournée midd a geschlaucht sinn, a keen ee fäerdege Song mat an de Studio ka bréngen.

Et wier déi schwéierste Produktioun vu senger Doors-Carrière gewiescht, seet hire Produzent Paul A. Rothschild ... Och well esouwuel hien, wéi och d'Museker, mat allerhand legalen an illegale Substanzen d'Middegkeet an den eidele Kapp wëlle lass ginn.

Esou gëtt d'Produktioun vun "The Soft Parade" eng Saach, déi hir Zäit brauch an ellen an d'Geld schléit. D'Resultat wëllt weder d'Fans nach d'Kritiker esou richteg iwwerzeegen. Just een Titel aus dem Album kënnt spéiderhin an d'greatest hits-Kollektioun. Dat seet net alles, mee munches aus. Et ass d'Kompositioun "Touch Me", si kënnt aus der Fieder vum Gittarist Robbie Krieger.

Manner kompakt wéi soss

Op den dräi éischte Releasë vun den Doors fënnt een nëmme gemeinsam Bandkompositiounen - ofgesi vun enger Willy Dixon-Bluesnummer ("Backdoor Man") an enger Brecht-Weil Reprise ("Alabama-Song").

Net esou op "The Soft Parade". Véier Lidder gi vum Morrison komponéiert, véier vum Krieger, een Titel schreiwen déi zwee gemeinsam. Vum Organist Ray Manzarek a vum Batteur John Densmore kënnt keent vun den néng Lidder an de 35 Minutten, déi een um Album fënnt. Dat ergëtt - gewollt - en neie Sound, well de Produzent Paul A. Rothschild, de Label Elektra an am Laf vun der Produktioun och den Jim Morrison, no neie Weeër sichen.

Déi sollen am Studio selwer fonnt ginn, vill Material ass net do wéi d'Opname sollten ufänken, dofir zitt sech dat Ganzt an d'Längt.

Jiddwereen ass bei der Sortie vun "The Soft Parade" erstaunt, wéi de gewinnte Rocksound vun den Doors mat Bléiser a Straicher gemëscht ass a bei Wäitem net méi esou homogen eriwwerkënnt, wéi virdrun. D'Middegkeet bannent der Band ass dacks erauszehéieren, de Krieger schreift mat "Touch Me" wuel eng Supernummer, seng aner Kompositiounen awer si béis kuerz an net all ze spannend. Den Jim Morrison ass éischter um verbale Poesie-Trip an improviséiert, wéi wann hien op der Bühn an net am Studio géif stoen. Quitt datt dat och absolut säi Charme huet...

Manner gutt Kritiken

Eng Band déi op "The Soft Parade" net esou richteg weess, wat se als Material ofliwwere wëllt a soll, manner Koherenz am Quartett wéi soss, e Produzent, deen éischter un e méi sophistiquéierte Beatles-Wäissen Album-Sound an Jazzeges denkt, eng Produktioun déi schlussendlech aachtmol méi deier gëtt, wéi den Debutalbum zwee Joer virdrun. De véierten Album vun den Doors ass schonn e méi speziellen, och well direkt dräi Titele vun den néng schonn als Single erauskommen, éier den Album et deet. D'Plackefirma, Elektra, déi d'Doors am Gespréich hale wëllt a mierkt, datt et dës Kéier méi laang wäert dauere bis d'Endresultat do ass.

D'Konsequenz vun dem Release, dee manner op gemeinsam an domadder op méi homoge Kompositioune setzt ass, datt "The Soft Parade" méi Ofwiesslung an och méi Iwwerraschunge bitt - déi allerdéngs divers beuerteelt ginn, vu Fans a Kritiker. Den Album verkeeft sech éischter mëttelméisseg fir Doors-Verhältnisser, e kënnt wuel op d'Nummer sechs vun de Bilboard Charts, an England awer daucht en a kengem Klassement op.

Den US-Rolling Stone fënnt d'Wierk méi bleech, wéi Fréieres vun der Band, den aflossräiche New Yorker Village Voice mengt, et wier "nothing to get excited about", weider heescht et, besonnesch dem Morrison seng Virleeft fir Deklaméieren an Theatralik géif op Käschte vun der Musek goen.

Ausgepresst, wéi eng Zitroun

Gedeelten an nach laang net ëmmer positiv Meenungen a Kritiken: "The Soft Parade" vun den Doors gëtt allgemeng als den am mannste reusséierten Album vun hire sechs Studiowierker bezeechent - den typeschen underground-Charakter vun de Virgänger-Releasen "The Doors", "Strange Days" a "Waiting For The Sun" gëtt vermësst, generell wier d'Wierk ze liicht, mat Ausflich an alle Richtungen, et geet rieds vun ze vill Afloss vum musikalesch manner héich gehandelte Gittarist Robbie Krieger, um Album si keng extrem laang Zelebratiounen wéi op "The End" oder "When The Music's Over" (quitt datt den Titelsong op iwwer siwe Minutte gezu gëtt), et vermësst een déi genial Manzarek-Uergel wéi op "Light My Fire".

Bei engem ass ee sech trotzdem eens: d'Doors haten op den dräi éischten Albumen d'Lat zimlech héich geluecht a kënnen d'Erwaardunge wuel och dofir musikalesch net ëmmer ganz erfëllen.

Wien awer mat dem Jim Morrison op deem säin Egotrip geet an op ass fir seng poetesch Virléiften a seng Improvisatiounen, dee fënnt duerchaus interessante Stoff um Album. Sécherlech och manner Faméises - esou staark d'Straicher op "Touch Me" sinn, esou séiss a kitscheg sinn, se op "Wishful Sinful' - mee vläicht sollt een éischter dem Produzent Paul A.Rothschild de Fanger maachen, deen d'Band, ouni all ze konkret Viirstellungen op eng nei Schinn wollt leeden, oder awer dem Label Elektra, deen d'Museker no der ustrengender Tour onbedéngt an de Studio wollt hunn, fir weider Geld mat hier ze maachen - obwuel de Quartett do mat praktesch eidelen Hänn a Käpp stung.

Wierklech "the worst of"?

"The Soft Parade" vun den Doors sollt no senger Sortie an no de manner gudde Kritike weider Afloss op d'Band hunn. Trotz der genialer Orchestration vum Single-Hit "Touch Me" geet et um Album duerno "Morrison Hotel" erëm méi a Richtung vum confirméierte Bluesrock (mam Aushängeschëld "Roadhouse Blues" als typescht Soundbeispill) a fir de leschte gemeinsamen Album wëllt d'Band dee vun Droge gezeechente Produzent Paul A. Rothschild net méi dobäi hunn: deem säin Input wier net faméis gewiescht. Op "The Soft Parade" hätt hie carrement déi falsch Richtung ageschloen, esou déi véier Museker. Lidder wéi "L.A. Woman" oder och de Kultsong "Riders On The Storm" schéngen dëst Uerteel um ultimen Doors-Wierk ze beleeën.

Ass "The Soft Parade" elo wierklech "The Worst of The Doors", wéi de Magazin Rolling Stone haut nach ëmmer behaapt? Eng Band wéi d'Doors misst eng Rockband sinn, vital, net wéi eng soft Lëftchen op der Plage zu Miami, heescht et do.

Mäi Fazit: wieren déi aner fënnef Studioalbume vun den Doors (zu Recht) net esou héich gelueft ginn, da wier och "The Soft Parade" an de Kritike besser ewechkomm. Fir mech ass och e méi mëttelméissegen Album vun den Doors - dee keng kompakt Unitéit ass, an deem den Zesummenhalt dacks feelt - net onbedéngt e schlechten Album. An den Tour-de-Force fir dësen Album an d'Këscht ze kréie confirméiert d'Ausso, datt Musek a Musekbusiness meeschtens zweeërlee sinn.