Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Gap Band - Outstanding

Sample vun der Woch

The Gap Band - Outstanding

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

All Hip-Hopper-Häerz schléit e bësse méi séier, wann en d'Bongoen am Ufank vun dësem Lidd héiert. Déi stamen nämlech vu Greenwood, Archer and Pine Street Band aka The Gap Band. D'Grupp besteet aus dräi Bridder: den Charlie, Ronnie and Robert Wilson aus Oklahoma. Si hu bal 40 Joer Karriär hanner sech. Si hunn an de 70er ugefaangen, komme ganz bescheiden aus dem Gospel an hunn an enger traditioneller Funk Band ugefaangen.

Hiren éischten Album staamt och aus den 70er, mee si hu laang op hiren Succès gewaart. 1982 kënnt endlech hire sechsten Album "The Gab Band IV" op Total Experience Records eraus. All Lidd vun dësem Album ass en Hit an ass um Radio gelaf - dat war fir deemools zimmlech eenzegaarteg. Hire Sound geet mëttlerweil méi an d'Richtung vu Parliament a Funkadelic: méi Synths, méi Bassline, manner akustesch! "Outstanding" war déi drëtt Maxi vun hirem Album an hiren Hit ever an ee vun de meescht gesampelte Lidder am Hip-Hop - iwwer 150 Mol!

Déi bescht Utilisatioun vum Sample ass menger Meenung no um Lidd "Da Brat - Da B Side Featuring Notorious B.I.G." Et gouf 1994 vum Jermaine Durpi produzéiert ginn. Da Brat war seng jonk Protegée, e bëssen esou wéi Kriss Kross zu hirer Zäit. Da Brat ass bekannt fir hiren aggressiven Flow. Dat Ganzt koum op Soso Def eraus, en Ënnerlabel vun Def Jam. D'Lidd gouf spéider fir den Soundtrack vum Film "Bad Boys" benotzt.

Eng aner Grupp, déi de Sample benotzt huet, ass Blackstreet mat "You Blow My Mind". Dat war op hirem éischten Album, deen 1994 erauskoum. E gouf produzéiert vun hirem Grënner a Leader Teddy Riley. Hire Stil kann een als New Jack Sing bezeechnen.

Den Eric Sermon huet d'Lidd och 1993 benotzt fir dem Shaquille O'Neal säin "I'm Outstanding" ze produzéieren. Den Shaq ass dee weltbekannte Basketspiller vun zwee Meter 16, deen 1993 säin Album "Shaq Diesel" erausbréngt. Hien huet ëmmerhi mat dësem Album Platin erreecht. Et ass also keen Album, fir deen hie sech schumme misst - wat eigentlech net schlecht ass fir Rap vun engem Promi!

1991 huet Ice Cube d'Lidd och benotzt fir säin "True To The Game". Dat war op sengem zweeten Album "Death Certificate". Et war en Disstrack géint seng al Kolleege vun NWA a verschidde Rapper, déi mat der Zäit ze vill poppeg ginn, wéi zum Beispill den nächsten Kandidat: de 50 Cent huet den Sample och fir säin Track "Come Up" Featuring G-Unit benotzt.