Cinematesch, esou ass och hir Musek, si soll den Nolauschterer mat op eng Rees ze huelen. Iwwer dem Stephen seng geschmackvoll an dach eckeg analog Synthesizersounds wieft seng Partnerin eng Tapéit vun energeschen, heiansdo dramatesche Stëmmpartien, déi besonnesch an engem Live-Kontext matrappen.
"Autonomy" ass den Titel vum neie Golden Filter-Album, dee kaum méi wéi e puer Wochen al ass. Well d'Trappes während dem Entstoe vun der Plack och mat hirem Soloprojet beschäftegt war, hunn déi zwee méi autonom misse schaffen. Mee dat ass nëmmen een Aspekt vu villen, deen den Titel vum Album opgräift. D'Autonomie als sozialpolitesche Sträitpunkt, als Iddi an als Ideal, gëtt an den Texter erfuerscht, mat hire gudden a schlechte Säiten. Hir Affinitéit zu Europa huet si vun New York op London gezunn, mee och do huet mam Brexit den Autonomie-Wahn ëm sech gegraff, wat déi zwee Weltbierger net erfreet.
Wie gären Elektropop lauschtert, sollt The Golden Filter net verpassen. Si trieden dëse Freideg, 9. August an de Rotonden op - ausgewielt vum 100,7 am Kader vun engem speziell kuratéierten Owend an de Congés annulés. Mat dobäi ass och de Lëtzebuerger Hip Hop Produzent Hokube an d'100,7-DJe Bobby Bieles a Richard Heinemann.
De Marc Clement am Gespréich mat The Golden Filter