Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - By This River

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Spinners - It's a Shame

Sample vun der Woch

The Spinners - It's a Shame

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

"It's A Shame" vun de Spinners koum 1970 eraus a war op hirem zweeten Album "Second Time Around". Dat hei war ee vun den éischte Lidder, déi de Stevie Wonder net fir sech selwer geschriwwen huet, mee fir eng aner Grupp. D'Instrumentatioun staamt vun him, den Text huet hien zesumme mat der Grupp geschriwwen. Et war ee vun de gréissten Hits an de 70er um Label Motown.

Den Intro vum Lidd besteet aus engem onverkennbare Guitarhook. D'Lidd gouf zu engem Soul-Klassiker. D'Performance vun de Spinners schéngt hei ganz ouni Ustrengung, obwuel d'Lidd aus komplizéierten Harmonië besteet. Si sangen hei en eleganten a liichte Refrain. Si hu souguer no dësem Lidd e bëssen hir Musekrichtung geännert, ewech vum R'n'B. Si haten hiren Duerchbroch herno mat ville Soul-Pop-Crossoveren, esou wei dësen hei.

D'Lidd gouf ëmmer erëm wärend verschidden Hip-Hop-Periode gesampelt, wei zum Beispill d'Monie Love vun 1990. Si mécht "It's A Shame (My Sister)" dorausser. D'Monie Love ass eng UK-Rapperin, déi hei hiren éischten Album erausbréngt. D'Lidd ass featuring Ultra Naté um Refrain. Dëst Lidd hat e gewësse Succès um europäesche Marché.

En anert Beispill fir d'Benotze vum Sample ass vun Nekfeu & Alpha Wann zesummen um Lidd "Ne le dis pas à ma mère". Dëst Lidd koum 2011 eraus, do waren si jo quasi nach kleng Kanner op hirer kollaborativer EP "En Sousmarin". Dat Ganzt ass produzéiert vun BasementBeatz. Déi zwee Rapper si Membere vun de Gruppen Entourage an 1995.

Mee mäi Liblingslidd bleift hei warscheinlech d'Re-Interpretatioun vum Gittarist Isaiah Sharkey. Hie mécht "It's A Shame Featuring Jazzy Jeff" doraus. Et war op sengem Album "Love Live Live" vun 2017. Hien ass e Gittarist aus Chicago a bekannt dofir den D'Angelo op senger leschter Tour begleet ze hunn. Wann et ëm seng eegen Albume geet, da séngt hien awer och. Säin Lidd ass hei gewierzt vun de Scratche vum Jazzy Jeff.