Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Future Islands - Ancient Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anima: Endlech wierklechen Thom Yorke Solo-Output

Thom Yorke - Anima

Anima: Endlech wierklechen Thom Yorke Solo-Output

Radiohead gehéiert zanter iwwer 20 Joer zum gudden Toun. Also net just am iwwerdroene Sënn. Radiohead sinn ëmmer an ëmmer, egal wéi bekannt a grouss ginn, interessant bliwwen a wousste vun Album zu Album ze iwwerzeegen. Hire Frontmann, den Thom Yorke, mengt awer zanter eppes méi wéi zéng Joer, hie misst Solo-Musek releasen. "Anima" heescht elo säin neien Disk, an den Tom Dockal stellt deen als neien Album vun der Woch vir.

auto_stories

3 min

Den Thom Yorke huet en nawell produktiivt Dräi-Véierels-Joer hanner sech. Leschte Wanter huet hie mat Musek zum Luca Guadagnino sengem "Suspiria"-Remake seng éischte Filmmusek ofgeliwwert - en Exercice, deen hien elo sengem Bandkolleeg Jonny Greenwood nomécht. Dunn, an dat eréischt virun e puer Wochen, hu Radiohead an engem antizipéierte Move einfach emol 18 Stonne Computer Studioopname vu Minidisk online gesat. Fir domadder engem Erpresser d'Loft aus de Seegelen ze huelen. An elo dat hei. En neie Solodisk vum Radiohead-Frontmann. "Anima".

"Anima" - do huet sech en Thom Yorke einfach emol mam Carl Gustav Jung auserneegesat a sech mat analytescher Psychologie beschäftegt. Animus an Anima. Vulgariséiert ausgedréckt beschreift den Animus déi onbewosst männlech Säit bei enger Fra an Anima ëmgekéiert déi weiblech Säit beim Mann. Den Thom York ass sech elo sengem onbewosste weibleche Bewosstsinn bewosst? Mat wat fir enger Finalitéit? Wëllt hien elo säi Bäitrag zu Gender politics bäidroen? Wuel kaum. Den neie Yorke Longplayer bréngt awer alles zesummen, wat Yorke Musek auszeechent. Also virun allem Radiohead Musek, mee elo endlech och wierklech York Solo-Output.

Am leschte Radiohead Longplayer "A Moon Shaped Pool", eng Aart Alterswierk, war esou zimlech alles dran, wat d'Band iwwer hir ganz Carrière obsedéiert huet. An d'Exekutioun war eng esou onfassbar assuréiert, datt den Album einfach ze ënnerschätze war. Mee op där anerer Säit war dem Yorke säi Solo-Output ëmmer am Schiet vu senger Band bliwwen. "The Eraser", wéi och "Tomorrow's Modern Boxes" haten hire Héichpunkten, mee d'Fro nom Firwat-Elleng, stoung ëmmer am Mëttelpunkt. Mee déi Fro ass elo mam drëtten Disk endlech beäntwert?

Am Song "Dawn Chorus" mengt de Yorke eppes ze verpassen: "I think I miss something, but I'm not sure what". Komesch fir e Kënschtler, deen zanter iwwer 20 Joer genee ze wësse schéngt, wat hie beschäftegt. Technophobie à gogo, eng Aart jorelaang Verlängerung vum Philip K. Dick senge Sujete fënnt och op "Anima" hire Wee, genee wéi aner dystopesch Imagerie, wéi och Ignoranz géintiwwer dem Planéit a senger Flora a Fauna an engem Manktem un Empathie. Terrain connu vun all Yorke a Radiohead Jünger a Jüngerin, mee eben déi Feststellung "but I'm not sure what". Déi Rësser kommen net vun néierens. Laut dem Yorke ass den Disk e Resultat vun enger enormer Phas vun Angoisse. Mee d'Äntwert ass op "Anima" eben net just déi einfach Benennung.

De Begleetvideo/film vum Paul Thomas Anderson, deen zanter leschtem Donneschdeg op Netflix ze bestaunen ass, confirméiert, wat um Album iergendwann ze héieren ass. Den Thom Yorke ass nostalgesch ... nee, dat ass dat falscht Wuert. Den Thom Yorke ass romantesch, wéi nach ni a senger musikalescher Carrière. Dat vermëscht mat senger politescher Gesënnung, senger neier Obsessioun zu Schlofmanktem an den Tëschenzoustänn vu Waakreg- an am Schlof-Sinn an dann natierlech dem Sound-Spektrum. Datt hien e Schüler vun der Elektronik ass, dee vu sengen Zäitgenosse léiert an ofluchst, ass bekannt. Mee Berlin-Techno mat West-Coast-BumBum hunn op "King of Limbs" nach net esou duerchduecht geklongen, wéi elo op "Anima". D'Prod vum Nigel Goodrich ass um Top. Wéi sech op "Anima" erausstellt, si Radiohead Sujeten zum engem groussen Deel Thom Yorke Sujeten. An dat kéint eventuell a Paradigmewiessel alauden bei der Band. Et bleift also spannend, mee elo geet "Anima" emol duer.