Radioen

On air

Resonanzen  |  Georges Schmitt - Adieu aux hirondelles - Trio Cénacle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tockcity - d'Original elo am spéiden Nomëtteg

Rentrée um 100,7

Tockcity - d'Original elo am spéiden Nomëtteg

De Mike Tock begleet Iech vun elo u vu 18 bis 20 Auer an de Feierowend. Lauschtert déi neiste Verëffentlechungen aus Rock, Pop an Elektronika a bleift um Lafenden iwwer d'Concertsaktualitéit.

auto_stories

1 min

Tockcity, wat ass dat?

Tockcity ass déi nei Museksemissioun mat mir, Mike Tock, fir de richtege Start an den Owend. Ech begleeden Iech no der Aarbecht an de Feierowend, fir datt Dir de Bureau hannert Iech kënnt loossen. Mat genuch Pepp an Ambiance wäerte mer den Dag ausklénge loossen.

Deng Emissioun war bis elo am Nomëtteg. Wat ännert sech ausser der Auerzäit?

D'Emissioun ass weiderhin d'Original, mat frëschem Sound a mat mengem Stil.

Wéi eng Musek steet um Programm?

Ech fokusséiere mech op nei Releasen aus Rock, Pop an Electronica. Natierlech gëtt et och eng Grëtz Hip-Hop, Funk a Soul. E Schwéierpunkt si pertinent nei Release vu Musekerinnen a Museker aus Lëtzebuerg, mat deenen ech mech selbstverständlech wäert ënnerhalen. Och d'Concerts- a Festivalsaktualitéit gëtt beliicht, an der Hoffnung, datt an deem Beräich gläich nees méi leeft.

Op wat frees du dech besonnesch?

Op Iech natierlech, well eng Radiossendung ass ëmmer nëmmen esou gutt wéi hir Nolauschterer. Dofir: tune in, turn on and drop out ...