Radioen

On air

Tockcity  |  Gift - Wish Me Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tom Tom Club - Genious of Love

Sample vun der Woch

Tom Tom Club - Genious of Love

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Déi zweet Maxi vum éischten Album vun Tom Tom Club heescht "Genious of Love" a koum 1981 eraus.

Den Album huet och Tom Tom Club geheescht an ass eng pur Goldgrouf u Samplen. Tom Tom Club besteet à la base aus der Koppel Tina Weymouth a Chris Frantz, woubäi aner Museker ëmmer spontan mat hinnen gespillt hunn. D'Tina an de Chris ware Membere vun der Band Talking Heads an d'Grupp Tom Tom Club huet am Fong just als Side-Projet ugefaangen, an enger Phase wou si e bësse Sträit den anere Membere vun Talking Heads haten.

D'Grupp ass méi liicht a kommerziell orientéiert, an huet den Ufank vun den 80er mat hirem Sound staark gepräägt. Si spillen eng Mëschung vu Funk bis New-Wave mat Post-Disco Aflëss. Hieren komeschen Numm kënnt vun engem klenge Proufsall an de Bahamas, wou si fir d'éischt Kéier geprouft hunn. D'Tina Weymouth séngt den Haaptdeel an huet och déi berüümt Basslinn geschriwwen, mee wärend der Opnam vum Lidd konnt hat säi Bass wéinst engem Krämpchen am Aarm net selwer spillen an huet dat misste sengem Soundtechniker iwwerloossen.

Si haten effektiv just eng kuerz Studiozäit fir opzehuele gebucht. D'Lidd besteet aus enger einfacher mee effektiver Melodiem déi si zu hirem gréissten Erfolleg bruecht huet. Fir de Video vum Lidd hu si de Kënschtler James Rizzi gefrot en animéierte Cartoon ze molen, hien huet dono och den Artwork fir hiren Album produzéiert! De Song ass iwwer 100 Mol gesampelt an gecovert ginn.

D'Mariah Carey huet de Song gesampelt fir säi Welthit "Fantasy" doraus ze maachen. Et ass déi éischt Kéier, datt d'Mariah Carey probéiert d'Hip-Hopper mat engem vu senge Lidder ze gewannen, a vue datt d'Leit vun Tom Tom Club fir d'Utilisatioun vun hirem Sample zougestëmmt hunn, geléngt him dat och ouni Problem. Et ass e Mix vun Hip-Hop, R'n'B a Pop op engem 102BPM-Beat. D'Carey hat grousse Succès domadder an huet d'Dier fir weider Rap a R'n'B Kollaboratiounen opgemaach, wéi zum Beispill spéider Missy Eliott, TLC oder souguer Beyoncé.

Redman bréngt am Joer 1998 säi 4. Album Doc's da Name 2000 eraus. Wéi sou vill gutt Alben aus den Enn 90er, ass et e Meeschterwierk un kënschtlerescher Fräiheet an kommerzielle Kompromësser. De Redman reimt hei komplexéiert iwwer dem Eric Sermon seng funky Beats am "Brick City Mashin'"! Hien iwwerhëlt hei de Sample vun Tom Tom Club an gëtt him en neien Twist mat senger lyrikaler Virtuositéit.

D'Grupp De La Soul benotzt 2002 fir säi Lidd "Shoomp" e Beat vu J Dilla, deen de Sample vun "Genious of Love" och benotzt. De Jay Dee ass hei e bëssen am gaangen nei Weeër ze exploréieren, a léisst den traditionelle Boom Bap hanner sech. Et ass dat éischt Lidd, wat De La Soul net méi op Tommy Boy release mee op hirem eegene Label AOI, wou si och herno hiren Album The Grind Date erausbréngen. Si lueden hei souguer de Sean Paul a fir de Refrain ze sangen.