Radioen

On air

Notturno  |  Dear Nora - Flowers Fading

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tough Meedercher, déi mat Humor an Attitüd op d'Bühn klammen

Neneh Cherry - Raw Like Sushi

Tough Meedercher, déi mat Humor an Attitüd op d'Bühn klammen

"Raw Like Suhsi", dee virun 30 Joer erauskomm ass, capturéiert ganz gutt den Esprit vun de spéiden 80er Joren. Hip Hop war fresh a gouf mat allem fusionéiert. Mat Jazz, wéi 83 scho vum Herbie Hancock op "Future Shock", oder 86 vum Miles Davis op "Tutu" oder mat Rock, wéi bei de Red Hot Chili Peppers oder de Beastie Boys. Mat Acts wéi "Salt n Pepa" huet den Hip Hop säi Wee an de Mainstream Pop fonnt. Interessanterweis schénge weiblech Rapperinnen et méi einfach gehat ze hu fir an d'Charts ze kommen. Och d'Neneh Cherry ass op där Well gesurfed.

auto_stories

3 min

D'Arrangementer op "Raw Like Sushi" waren erstaunlech fräi awer trotzdem effikass. Ouni falsche Respekt léint d'Eneh Cherry sech Inspiratioun bei Pop, R&B, Rap a Rock. D'Songs si konterbont verspillt. Et héiert een d'Musekserzéiung vun hirem Stéifpapp, de bekannte Free Jazz Trompettist Don Cherry. D'Neneh Cherry war 1989 méi wäit an oppen, wéi vill Artisten dat 30 Joer méi spéit sinn.

Eng nei Generatioun

D'Neneh Cherry gehéiert zu enger neier Generatioun vu weibleche Pop-Staren. Si si keng Mannequinen, déi mat hirem Sex-Appeal a Liebeslidder d'Charts stiermen, mee tough Meedercher, déi mat Humor an Attitüd op d'Bühn klammen. D'Neneh Cherry huet de Begrëff Feminismus 1989 bewosst net benotzt. Dat wier eréischt a leschter Zäit néideg ginn, seet si 2014 an engem Interview mam Guardian.

Awer si ass houfreg mam décke Bauch bei Top of the Pops opgetrueden, wéi si am siwente Mount schwanger war. Dat war Statement genuch.

Texter aus dem Liewen

D'Texter op "Raw Like Sushi" si Geschichten aus dem Liewen, gréisstendeels deem vu Fraen. Sou wéi "Kisses On The Wind", wou d'Neneh Cherry d'Geschicht vun engem Meedchen erzielt, dat zur Fra gëtt.

Fir de Songwriting op "Raw Like Sushi" huet d'Neneh Cherry zu engem groussen Deel mam Cameron McVey zesummegeschafft. Deen hat virdrun e Pop-Duo mam Fotograf Jamie Morgan. Hir 1987er Single "Looking Good Diving" koum mat enger Versioun als B-Säit, déi mam legendäre Kollektiv The Wild Bunch vu Bristol produzéiert gouf, a wou d'Neneh Cherry um Mikro ze héieren ass. Dat ass d'Ur-Versioun vun der Hit Single Buffalo Stance.

Frechen a fräie Collage-Esprit

Fir den Album gouf den Track vum McVey zesumme mam Tim Simenon alias Bomb the Bass nei produzéiert. Den Tempo ass ugezunn, an et héiert ee Bomb The Bass scratchen.

Den Titel "Buffalo Stance" bezitt sech op eng Fashion-Beweegung ronderëm den Designer Ray Petri, deen 1989 gestuerwen ass. Buffalo huet sech virun allem doduerch ausgezeechent, datt Géigesätz zesummebruecht goufen. Haute Couture mat Bottinnen, Fraen, déi als Männer poséiert hunn, jonk Männer mat Bomenhitt, asw. Dee frechen a fräie Collage-Esprit fënnt een och queesch duerch den Neneh Cherry Album erëm.

De Cameron McVey an d'Neneh Cherry hate sech 1987 kennegeléiert, wéi si allebéid als Models fir Buffalo ënnerwee a Japan waren. 1990 hu si sech bestuet. De McVey ass bis haut eng dreiwend Kraaft hanner der Neneh Cherry hirer Carrière an ass ëmmer um Songwritng bedeelegt.

Parallellen zu Massive Attack

Och op "Raw Like Sushi" si Kollaboratioune mat Membere vu Wild Bunch. "Manchild" gouf vum Robert Del Naja alias 3D mat geschriwwen, an op "Kisses in The Wind" ass den DJ Mushroom ze héieren. Allebéid sollte spéider Membere vu Massive Attack ginn. "Blue Lines", den Debut-Album vu Massive Attack, gouf iwwregens zu engem groussen Deel am Homestudio vum Neneh Cherry a Cameron McVey produzéiert.

A grad op "Manchild" héiert ee mat de gemittleche Beats an de Sträicher och Parallellen zu Massive Attack.

"Raw Like Sushi" mat der Mega-Single "Buffalo Stance" sollt niewent hirer Kollaboratioun mam Youssou N'Dour vun 1994 "Seven Second" de gréisste Succès vun de Neneh Cherry bleiwen. Awer och wa si an den 90er hir Kanner virun déi musikalesch Carrière gestallt huet an dowéinst am Pop-Zirkus manner visibel war, bleift si bis haut eng Ikon.

D'Neneh Cherry ass nach ëmmer aktiv

A si verëffentlecht weider relevant Albumen. Virun allem déi zwee lescht Wierker stiechen eraus. "Blank Project" vun 2014 war eng Kollaboratioun mam Duo Rocketnumbernine, déi mat rudimentaire Mëttele live elektronesch Musek vun Hand spillen. An dee rezentsten Disk "Broken Politics", dee si mam britesche Produzent vun elektronescher Danzmusek, Four Tet realiséiert huet.

Den 21. Juni kënnt d'Neneh Cherry fir e Concert an den Neimënster.