Radioen

On air

Notturno  |  Benoît Martiny - Bushfire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Transformer - Lou Reed

Deja Vu

Transformer - Lou Reed

De Lou Reed als lyreschen a musikalesche Reesguide uechter déi Stad, mat där hie sech zäitliewens verbonne gefillt huet: New York. Dat kritt een 1972 um Museker sengem Erfollegsalbum "Transformer" gebueden. E Wierk, dat och bal en halleft Joerhonnert no senger Sortie net kal léisst.

auto_stories

6 min

New York fir är Oueren

De Lou Reed als lyreschen a musikalesche Reesguide uechter déi Stad mat där hie sech zäitliewens verbonne gefillt huet: New York. Dat kritt een 1972 um Museker sengem Erfollegsalbum "Transformer" gebueden. E Wierk, dat och bal en halleft Joerhonnert no senger Sortie net kal léisst.

"Transformer" kënnt am November (USA) / Dezember (Europa) 1972 eraus, et ass deen zweete Soloalbum vum New Yorker, nodeems hien der Formatioun Velvet Underground de Réck gekéiert huet. Eng Trennung, déi wéineg glécklech verlaf ass: Velvet Underground war ugesote Kult, speziell an den hippen New Yorker Kreesser ronderëm d'Popikon Andy Warhol - deen éischte Soloversuch vum Lou Reed, dee just säin Numm dréit, erweist sech kommerziell allerdéngs als Flopp, déi ausgekoppelt Singlen "Wild Child" a "Going Wild" kréie kaum Radioasaz. En Neiufank, dee verpouft.

De Reed-Fan Bowie

Mat "Transformer" ännert sech dat: Titele wéi "Walk On The Wild Side", "Vicious", "Perfect Day" a "Satellite Of Love" erreechen e breede Publikum a ginn alleguer Klassiker. Den Haaptverantwortlechen ass dobäi net nëmmen de Lou Reed.

Wuel komme sämtlech eelef Lidder um Album aus senger Fieder, mee et ass de Produzentenduo David Bowie/Mick Ronson (dem Bowie säi Bandgittarist vun den deemolegen Spiders Of Mars), déi d'Roll vum Ënnerstëtzer iwwerhuelen: si tauschen d'Museker aus, déi beim éischten Album derbäi waren, si iwwerhuelen d'Arrangementer vun de Lidder, an den David Bowie hëlt de Lou Reed mat an de Virprogramm fir seng England-Tour am Summer virun der Publikatioun. De Bowie ass e grousse Fan vum New Yorker, dreift sech wéi deen och gären am Andy Warhol-Donstkrees ronderëm an huet ë. a. déi zwou Lou Reed-Kompositioune "Waiting For The Man" a "White Light/White Heat" a sengem Repertoire.

Dat ass déi nei Startbasis fir den zweete Solo-Versuch vum Lou Reed - an dee geléngt. "Vicious" heescht den Album-Opener mat engem enke Bezuch zum Warhol, dee VU gemanagt huet. De Reed am US-amerikanesche Magasinn Rolling Stone: "Andy said, 'Why don't you write a song called 'Vicious'? And I said, 'What kind of vicious?' 'Oh, you know, vicious like I hit you with a flower.' And I wrote it down literally."

Mol rau, mol duuss

Wat direkt opfält: op "Transformer" gëtt et där rauer, rockbeaflosste Lidder, de Lou Reed weist sech awer och vu senger méi duusser, sentimentaler Säit. Praktesch en duebelen, ganz variabele Museker. Als Produzent vun de Ronn 37 Album-Minutten ass den David Bowie mat um Choix vum Repertoire bedeelegt - selwer gäre Chameleon a seelen just op ee Stil fixéiert dierft hien dës Approche sécherlech mat beaflosst hunn

Och dem Lou Reed seng New Yorker Warhol/Velvet Underground-Vergaagenheet spillt um Album mat: net nëmme bei "Vicious". Eng etlech Lidder sinn Enn de Sechzeger-Kompositiounen, déi hie fir d'Band geschriwwen an och interpretéiert hat. Op sengem Solo-Album ginn dës véier Lidder an engem méi rouegen Tempo interpretéiert wéi dat bei Velvet Underground de Fall war.

Fir d'Produktioun hëlt den Duo David Bowie/Mick Ronson de Lou Reed fir d'Opnamen eraus aus senger Heemechtsstad New York. Geschafft gëtt zu London am d'Trident Studio, wou schonn dem Bowie säi Ziggy Stardust-Album entstanen ass.

Doo dodoo do do ...

New York, dat ass dem Lou Reed seng Heemechtsstad, déi hie bis zu sengem Doud wäert besangen. Hien ass faszinéiert vun der Metropol hire verschidde Gesiichter, vum Magnéit NY, deen ee séier unzitt an anhëlt. Natierlech kommen och grouss Gefiller, alle virop d'Léift, net ze kuerz an den eelef Lidder. Gefiller, déi hien zu New York selwer erlieft a kennegeléiert huet. Dacks am Nuetsliewe vun der amerikanescher Metropol, do wou d'Liewe boomt, wann d'Luuchte bis erofgesat ginn, wou et dann "vicious" gëtt, wou Drogen a Sex mat an d'Spill kommen. Dat an de biergerlechen Aen onanstännegt New York, spannend an opreegend fir déi, déi bedeelegt sinn oder hire Kick beim Nokucke fannen.

"Walk on the Wild Side", e Lidd, dat Kult gëtt, beschreift dës Säit vun der Stad an hir Nuetseilen: d'Holly, dat aus Miami kënnt, d'Candy, dat an de Vestiäre vum Max's Kansas City Club fir orale Pleséier suergt, Jackie, Little Joe a Sugar Plum Fairy heeschen d'Protagonisten*innen, déi de Lou Reed beséngt. De Gender-Stärchen ass hei méi wéi ubruecht: "Shaved her legs and then he was a she" heescht et am Text.

Musikalesch iwwerzeegt d'Lidd mat enger dezenter awer onheemlech prägnanter Basslinn, gespillt vum Herbie Flowers op sengem double Bass, iwwer deen d'Produzenten David Bowie a Mick Ronson e weidere Fender fretless leeën. Derbäi kënnt de Saxofon vum Ronnie Ross a schliisslech de faméise Chouer, den "doo-do-doo ...", wien net matséngt oder op d'mannst matsummt ass selwer Schold.

En Dag am Central Park

Et kënnt alt emol vir, datt sech hanner engem léiwen, positive Liddertitel eng manner blénkeg Bedeitung verstoppt: dat ass och de Fall fir d'Lou Reed-Kompositioun "Perfect Day" - speziell wéi dem Amerikaner säi Lidd laang Joren no der Originalopnam nach emol an d'Gespréich koum, 1996 war dat am Soundtrack vum Film "Trainspotting": an der Danny Boyle-Verfilmung vum Irvine Welsh senger Erzielung geet et ëm d'Liewe vu jonken Drogenofhängegen am schotteschen Edinburgh. D'Hëllefsmëttel Heroin als Garant fir e perfekten Dag? Dorëms géif et am Text goen, esou méi wéi eng Kritik.

De Lien tëschent dem Lou Reed an Droge kënnt net onerwaart. Wien de Medien matdeelt, hien hät versicht mat Alkohol seng Heroinsucht ze bekämpfen, wien op d'Fro fir wéi eng Saachen hie säi Geld géif ewech ginn, "fir Drogen'"äntwert, wien op den intensiven Andy Warhol-Partien an den New Yorker Factory-Atelier vir mat derbäi ass ... dee muss sech esou eng Associatioun nun emol gefale loossen.

Allerdéngs: "Alles falsch", mellt sech de Reed no der Sortie vun "Trainspotting". Et géing am Lidd ëm e perfekten Dag, een am New Yorker Central Park, een, deen hie mat senger deemoleger Frëndin a spéider éischter Fra Betty Kronstad verbruecht hätt. E Meedchen, e Glas Sangria am Park, a wann et däischter gëtt, zesummen heem goen - esou den Ufankstext: dat wier en, de perfect day, resuméiert de Lou Reed seng romantesch Kompositioun. Mat Drogen als Stimulant fir gutt drop ze sinn hätt d'Lidd absolut näischt ze dinn.

Neistart gelongen

Den zweete Soloalbum vum Lou Reed bréngt den New Yorker grouss eraus. D'Kriticken an der Press, virun allem der europäescher, sinn extreem positiv.

An England, wou den David Bowie hie mat op Tour hëlt a säi Numm domadder an aller Mond ass, geléngt dem bis dato op der Insel éischter onbekannte Lou Reed eng Plaz eelef an den Album Charts. Och doheem an de States ass de Lou Reed net nëmme méi en ex-Member vu Velvet Underground - d'Band wäert sech no sengem Austrëtt séier opléisen -, mee e Solokënschtler, deen intensiv Lidder komponéiert an deen d'Chance huet, mam David Bowie e Superfan ze hunn, dee mam Co-Produzent Mick Ronson dat richtegt Gefill weist fir säin Talent an Zeen ze setzen.

De Lou Reed kënnt net esou richteg sangen, hunn ech alt emol dorëmmer gelies. E grousse Sänger ass hien effektiv net - mee dat, wat hie séngt, a wéi hien et séngt, dat passt ganz einfach, dat ass kredibel ... sécherlech well hie villes selwer erlieft huet a sech net ëm zwee Su ëm iergendwellech Konventioune këmmert. Eng Tatsaach, déi sech wéi e roude Fuedem duerch seng ganz Karriär wäert zéien.

De Lou Reed ass de 17. Oktober 2013 am Alter vun 71 Joer u Liewerkriibs doheem zu New York gestuerwen. Am Juni 2012 konnt een hien an der Rockhal erliewen.