Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trauerbewältegung a Wierder an Nouten

Neien Album

Trauerbewältegung a Wierder an Nouten

Viru Kuerzem ass den neien Album vum Australier Nick Cave erauskomm. "Skeleton Tree" ass nom Doud vum Cave sengem 16 Joer jonke Jong d'lescht Joer entstanen. An am Kino leeft de Film, deen dësen Album ergänzt. Béid Wierker, Album a Film, sinn de Versuch fir Trauer a Biller, Wierder a Nouten erëmzeginn.

auto_stories

2 min

Dem Nick Cave säi neien Album ass immens perséinlech

E Kënschtler deelt esou muenches mat sengem Publikum a gëtt dacks en Abléck a säi Bannescht. Wat de Nick Cave op sengem Album "Skeleton Tree" exterioriséiert ass Leed, Trauer an zum Schluss eng Grëtz Hoffnung. Den Australier deelt den Doud vu sengem 16 Joer jonke Jong mat der Ëffentlechkeet.

A knapps 40 Minutten. Begleet gëtt den Album vum sensibele schwaarz-wäiss Film "One More Time With Feeling".

De Film vum Andrew Dominik gehéiert ganz einfach zum Album, béid ginn Hand an Hand.

D'Fro nom Firwat

"Skeleton Tree" ass en däischteren Album vun engem Kënschtler, vun deem een Däischteres gewinnt ass. Ni awer war d’Eidelsinn esou perséinlech wéi den Nick Cave et an dësem Wierk presentéiert.

Et huet een den Androck wéi wann d’Lidder net ganz fäerdeg wieren. Wéi wann nach méi misst dobäi kommen, zum Beispill Rhythmus-Akzenter oder méi Struktur. Déi gehéieren awer net zur Trauerbewältegung. Vläicht komme si méi spéit an anere Kompositiounen erëm.

De Cave fillt sech iwwerhaapt net vum Doud inspiréiert. Et ass net den Déclic, dee kënschtleresch Groussaarteges an him ausgeléist. Och net Roserei. Éischter d’Fro: Firwat a wéi geet et weider? Et ass eng Momentopnam, vun där een net weess wéi laang si dauert.

Kaum Melodien, dofir awer eng däischter Rou. Méi privat geet et wuel net, wéi an den Arrangementer vu "Skeleton Tree". A wéi an de Biller vu "One More Time With Feeling", déi d’Opnamen am Studio festhalen. De Film weist och Gespréicher tëscht Papp a Mamm, déi hiert Kand verluer hunn. Bezeechnenderweis am Schwaarz-Wäisse gehalen an ouni eng Spur vu Voyeurismus.

"It's Alright now"

D’Hoffnung kënnt ganz um Schluss vum Album mat der Ausso "It’s Alright Now" am leschte Lidd, dem Titelsong. "Skeleton Tree" ass dem Nick Cave säi Versuch vun Trauerbewältegung - ee Versuch op deen ee Kënschtler wéi de Nick Cave Urecht huet.

Wien zanter den 1980er alles mat sengem Publikum gedeelt huet, deen dierf dat. An dat mécht hien a "Skeleton Tree" mat engem intensiven an däischteren Album deen a keng vun de gängege Kategorie passt.