Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Indie Skizze vum Feinsten

Trey Gruber - Herculean House of Cards

Indie Skizze vum Feinsten

Den Trey Gruber ass e jonken amerikanescher Museker gewiescht, deen 2017 gestuerwen ass. Den talentéierte Museker vun Chicago huet tonneweis Demo-Opnamen zeréckgelooss. Dës Skizze sinn elo um Album "Herculean House of Cards" ze héieren.

auto_stories

3 min

Kuerz an e Kontext gesat: den Trey Gruber war ee vun de villverspriechendste Museker, déi Chicago am amerikaneschen Illinois ze bidden hat. Hien a seng Band Parent waren in aller Munde do hannen an d'Museker hu sech virbereet, fir d'Aarbecht un engem éischte Longplayer ze entaméieren. Mee et sollt net sinn. Den Trey Gruber ass am September 2017 am Alter vu just 26 Joer un de Suitte vu sengem Alkohol- an Heroin-Mëssbrauch gestuerwen. E Stär, deen nach net mat Liichten ugefaangen hat, ass domadder ausgaangen. Esou den allgemengen Echo aus der Zeen.

Fir dat posthumt Liichten elo mam Album "Herculean House of Cards" sinn zwee Matmënsche vum Trey Gruber verantwortlech. Dat ass engersäits dem Gruber seng Partnerin - och Musekerin an der Chicagoer Indie Zeen - wéi dem Gruber seng Mamm. Zimlech séier nom Doud vum Museker hu sech déi zwou Fraen un d'musikalesch Hannerloossenschaft gewot. Iwwer 120 Demo-Opname koumen dobäi zesummen, déi zu engem ganz groussen Deel mat engem Tascam Opnamenapparat opgeholl goufen. 25 vun deenen Opnamen hunn et da schlussendlech op den Duebelalbum gepackt.

Méi wéi just Therapie

Engersäits natierlech e coping mechanism op Säite vu Famill a Frënn ass d'Release vun deene Placken méi wéi just Katharsis an Therapie. Virop ass d'Musek um Album emol immens gutt. Dat hunn esouguer déi Responsabel vum amerikanesche Label Numero Group verstanen. De Label vu Chicago, deen am Fong e Reeditiouns-Label ass, huet sech iwwer déi leschte Joren d'Positioun erschafft vum Leader fir Soul-Reeditiounen vum Allerfeinsten. Déi heite Release mat Musek vum Trey Gruber beweist awer ee fir alle Mol, dat Numero Group net no Genre funktionéiert. An dat ass och immens esou.

D'Musek op "Herculean House of Cards" zeechent sech duerch ganz Verschiddenes aus. De Fait, datt et sech bei 20 vun deene 25 Lidder ëm Demoen handelt, déi mat engem einfach Tascam opgeholl goufen, gëtt hinnen eng ongeschlaffe Schéinheet, ouni déi ee sech d'Songs guer net anescht virzestelle kann. Mat einfacher Instrumentéierung ufanks kréien d'Tracks au fur et à mesure méi Spuren, well de Gruber sech méi traut. Zum Deel erënnert d'Musek technesch un d'Sensibilitéit vun engem Arthur Russell, dann erënnert se un den Output vun den Indie-Schnuckien - och vu Chicago - vun der Band Whitney. Alles dat natierlech ganz zolidd Referenzen, déi een automatesch drun denke loossen, wat gewiescht wier, wann de gudde Mann Gruber nach liewen a musizéiere géif.

En tough listen

Wann een de fréien Doud vum Museker am Hannerkapp behält, bleift d'Musek op "Herculean House of Cards" en tough listen. Et héiert een e jonke Mann Onsécherheete besangen, Léift, esouguer d'Verhältnis zu senger Mamm an iwwer zwee Ecke Suicidegedanken. Mee net nëmmen. Et ass eng sensibel, schéi kuratéiert Kollektioun vu Musek, déi d'Konzept vun der Skizz feiert. Et kéint een natierlech ofschléissend eppes Kitscheges soen am Stil vun "hien ass net do, mee seng Musek bleift", mee et ass leider esou. Ouni dës Release géif den Numm Trey Gruber an der Mass vun obskuren Indieacts ënnergoen. Mee d'Musek ass nu mol do.