D'Band huet och grad hir nei Plack opgeholl, déi am Fréijoer 2022 soll erauskommen. Als Tëschesingle no der EP a Videoserie "A Curtain Call for Dreamers" mécht "Muddy Beach" d'Bréck op ganz Neies. De Video, zu Berlin gedréit vum Yann Gengler, ënnersträicht den Text, dee vum Schäi-Konsens an der perséinlecher Online-Blos erzielt.
Ee Concert zu Lëtzebuerg ass virun de Preparatioune fir d'Sortie nach net festgeluecht, mee awer ugeduecht. Fir TUYS-Fans heescht et bis dohinner de Concertskalenner am A ze behalen.
Lauschtert den Interview mat der Band hei