Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tuys schwamme sech fräi

Indie Rock

Tuys schwamme sech fräi

Eigentlech hate si kee Plang. Awer den Debut-Album vun der Lëtzebuerger Band Tuys kléngt erstaunlech homogen. Obwuel vill gutt Lidder drop sinn, ass et méi wéi eng Usammlung vu Singelen.

auto_stories

2 min

"An de leschten dräi Joer ware mir vill zesummen um Tour. Den Album sollt de Soundtrack zu deem sinn, wat mir zesummen erlieft hunn", seet de Sänger Sam Tritz. Och musikalesch wier een an där Zäit zu enger Unitéit zesumme gewuess. Gruppe wéi Foals wieren eng grouss Influenz, well dat och déi Musek wier, déi si zesumme lauschteren.

Den Album gouf an zwou Wochen am Januar 2017 an der Géigend vun Nürnberg vum Jan Kerscher opgeholl. Den Haaptgrond fir dëse Choix wier gewiescht, well de Prozent och fir de leschten Album vun der Lëtzebuerger Fréckel-Néckel-Band Mutiny on the Bounty responsabel war. D'Haaptzil war et, déi Energie ze captéieren, déi Tuys bei hire Concerten degagéieren, "well mir live bësse méi haart sinn a bësse méi duerchdriwwen", seet de Sam Tritz.

Allerdéngs hätt d'Band "absolut guer kee Plang" gehat, op wat si sech géif aloossen. De Jan Kerscher hätt awer direkt verstanen, ëm wat et géif goen, an hätt d'Arrangementer "riicht geréckelt". D'Hallschent vun de Lidder wieren eréischt am Studio fäerdeg ginn.

"Swimming Youth" kënnt op CD a Vinyl beim Berliner Label Revolver eraus. De Label géif sech virun allem ëm d'Distributioun bekëmmeren, seet de Sam Tritz. Awer och zum Beispill d'Placéiere vu Songs op Spotify-Playliste géif ëmmer méi wichteg ginn. An de Label hätt der Band en Optrëtt am ZDF-Morgenmagazin organiséiert.

Den 31. Mäerz presentéieren Tuys hiren Debut-Album "Swimming Youth" an der Rockhal. Duerno gi si an Däitschland op Tournée.


Lauschtert dat ganzt Gespréich mam Sam vun Tuys:

Tuysplay_arrow