Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ TWINCL - Harmonesche Minimalismus

Akustesche Folk

TWINCL - Harmonesche Minimalismus

auto_stories

1 min

Ee Monni a seng zwou Niessen, déi zesumme musizéieren: Dat ass TWINCL. "Et ass e Familljeprojet", erzielt de Marc Faber. Am Ufank hätt hie mat sengen Zwillings-Niessen heiansdo zesumme "geklimpert". Dunn hätte si decidéiert, fir u konkrete Lidder ze schreiwen. Hir Musek bezeechne si als "akusteschen Indie Folk-Pop". Dat eenzegt Instrument, wat den Trio benotzt ass eng akustesch Gittar. Bei verschiddenen Optrëtter gi si vum Perkussionist Serge Kieffer begleet.

"Ech sinn opgewuess mat Beatles a Crosby, Stills & Nash. Dat huet mech ganz déif gepräägt", seet de Marc Faber. Dowéinst géif hien op méi-stëmmeg Gesangs-Harmonie Wäert leeën.

Den Debut Album vun TWINCL

De Marc Faber war bis elo a méi opwännege Rock-Projeten aktiv, wéi Zapp Zoo oder Jam Concept. "Ech fannen et interessant, fir d'Essenz vun de Lidder nees z'entdecken." Bei der Aarbecht am Studio hätte si och probéiert, et minimalistesch ze halen. Trotzdem hätte si den Usproch gehat, datt et am Detail sollt gutt kléngen.

TWINCL kéim manner duerch déi englesch Bedeitung vum klenge Fonken. Et stéing fir "Twins and their uncle". De 4. Februar presentéiert d'Band hiren Album am Gudde Wëllen.