Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Joesef - It's Been A Little Heavy Lately

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Um Peak vun der Verzweiwlung an trotzdem

Cate Le Bon - Reward

Um Peak vun der Verzweiwlung an trotzdem

Op hirem entretemps fënnefte Longplayer "Reward" glänzt d'Cate Le Bon erëm mat klengen Diamante vu Lidder. Och wann déi dacks enorm verspillte Musek ufanks nach oflenke kann, esou dréngt vu Song zu Song eng déif Verzweiwlung ëmmer méi staark duerch, fënnt d'Vicky Stoll.

auto_stories

3 min

Un der ofgelutschter Behaaptung, datt déi bescht Konscht aus der Verzweiwlung eraus entsteet, soll jo eppes dru sinn. Villäicht läit dat einfach dorun, datt een a sengem Leed maximal authentesch an éierlech ass, well ee keng Energie méi fir d'Verstellung huet. Dës Iddi zeechent och déi nei Plack "Reward" vun der Cate Le Bon aus.

Dat lescht Stéck um Album, "Meet The Man", markéiert an dëser Equatioun de Peak vun der Verzweiwlung an zerleet sech um Ënn vum selwen.

Nom 2016 verëffentlechten Album "Crab Day" huet d'Cate Le Bon sech eng Auszäit geholl. Déi Walisesch Sängerin a Komponistin ass aus der Metropol Los Angeles an de Lake District an England geplënnert. Do ass si ee Joer laang all moies mat anere Fraen an de Séi schwamme gaangen, huet Handwierkerworkshops gemaach a geléiert, wéi ee Still baut.

An där Zäit huet si sech och bewosst isoléiert a probéiert, net duerchzedréinen.

D'Cate Le Bon gehéiert zu deene Kënschtlerinnen, déi hiren eegene Sound sou raffinéiert hunn, datt ee si um éischten Toun erëmerkennt. Hir Stëmm an dee liicht manieréierte waliseschen Accent droe natierlech staark zu dësem Effekt bäi, mee et ass och déi verspillte Lëftegkeet, mat där si hir Lidder arrangéiert.

Schwaarzen Humor a Witzer op eege Käschte gehéiere geneesou zum Arsenal vun enger Cate Le Bon. Op dem Track "Sad Nudes" sengt si dovun, wéi déif ee sech selwer erniddregen kann, wann ee sech eleng a verlooss fillt.

Och op "Reward" vermëscht d'Cate Le Bon nees avantgardistesch ugemaachte Poplidder, déi mol liicht punkeg rumpelen oder verdreemt an hypnotesch dréinen. Ëmmer awer kléngt si liicht exzentresch, liicht geckeg.

An dat läit mol un engem klenge Jauchzen hei, un engem schife Saxofon do oder un engem verluerene Beat. Eenzeg den Track "Magnificent Gestures" erënnert a senger dadaistescher Nervositéit un DRINKS, hire Nieweprojet mam Tim Presley vun der amerikanescher Indieband "White Fence".

"Holding the door for my own tragedy" - genee dat mécht d'Waliserin hei. Et kéint ee menge, si hätt sech zeréckgezunn, fir der eegener Tragedie d'Dir opzehalen. Mëssverstane Léift deet si als - Zitat - "konkav Empathie" oder als faul a sténkeg Blummen of.

Trotz der heiterer musikalescher Grondstëmmung ass "Reward" een déiftrauregen Album, deen een do pickt, wou een et am beschte spiert. De "Reward" - d'Belounung also - vun dëser karthagescher Plack ass mat Sécherheet och d'Gewëssheet, datt d'Cate Le Bon hir Verzweiwlung zu eppes Schéinem subliméiert huet.