Ee spontane Mënsch trëtt engem hei entgéint, wann ee sech mam Karma Catena ënnerhält. Poetry Slamming, d'Gittar mat an d'Strooss huelen am Plaz e Vakanzenjob unzehuelen - fir d'Karma läit Musek am Blutt, och wann déi éischt Versich als Kand op der (och vill manner spontaner) Gei net geklappt haten.
Eng bekannt Ënnerstëtzung
De Georges Goerens, villen als Bartleby Delicate an als Sänger vun der Formatioun Seed to Tree bekannt, hat der Karma ënner d'Äerm gegraff, fir den Ufank ze maachen. Mat engem Optrëtt ënner anerem op de Luxembourg Music Awards an op deene meeschte Lëtzebuerger Museksfestivallen dëst Joer ginn d'Saache séier virun.
Déi éischt Release huet sech d'Karma fir dëse Freide virgeholl. An de Rotonden zu Bouneweg presentéiert si hir éischt EP "Yellow": Ee Grappvoll Stécker, mat Kollegen an engem Haus opgeholl, déi de Stil vun den éischte Singelen developpéieren. D'Produktioun vun der EP, ëmmer nach hausgemaach, mee méi räich ewéi bis ewell, wäert sécher hëllefen, d'Stëmm vum Karma bei nei Oueren ze droen.
D'Karma ass net méi eleng
Op der Bühn iwwersetzt sech dëst duerch d'Präsenz vun anere Museker, wou een d'Karma bis elo ëmmer eleng mat der Gittar gesinn huet. Mat enger Band vu véier "ganz feine Jongen" geet d'Musekerin hei nei Weeër no hiren éischter Performance-aartegen Ufäng.
Aus Begéinungen erstanen a mat Begéinungen op d'Bühn bruecht: "besonnesch frou sinn ech, déi Kënschtlerin ze presentéieren, déi e Freideg am Virprogramm spillt, d'Lucie Paradis. Ech war mat menger Mamm op engem Concert, a mir hunn engem Meedchen ugebueden, hatt mam Auto matzehuelen, an et huet sech erausgestallt, datt mir vill gemeinsam hunn."