Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng intim Momentopnam vun der Lëtzebuerger Musekszeen

Schlofzëmmerbléck

Eng intim Momentopnam vun der Lëtzebuerger Musekszeen

"Schlofzëmmerbléck" - dat sinn 13 Lidder vu Lëtzebuerger MusekerInnen a Museker, déi am Confinement geschriwwen a produzéiert goufen. Den Yves Stephany proposéiert dës Momentopnam vun der Lëtzebuerger Musekszeen als Album vun der Woch.

auto_stories

2 min

Et war e komesche Moment, wéi mir vum Premier gesot kruten, mir missten elo doheem bleiwen. Den onsiichtbare Géigner, deen zanter Wochen an den Nouvellë war, war och zu Lëtzebuerg ukomm. Mir konnten zwar als Museksredakteren am Homeoffice schaffen, awer et gouf keng Concerte méi ze annoncéieren, an et war och kloer, datt et onméiglech wier fir an de Studioen ze schaffen.

Dofir koum séier eisen Entschloss: mir musse selwer eppes maachen, fir déi musikalesch Aktualitéit an d'Kreatioun ze animéieren, a virun allem fir d'Kënschtlerinnen a Kënschtler ze ënnerstëtzen.

Déi 13 Schlofzëmmerproduktiounen, déi mir geschéckt kruten, hunn all eis Erwaardungen iwwertraff!

Eis war direkt kloer, datt mir en eemolegt Zäitdokument an den Hänn hätten. Eng eenzegaarteg Momentopnam vun der Zeen am Confinement, an de Soundtrack vum Grand-Duché am verréckte Fréijoer 2020.

Ganz ënnerschiddlech Bäiträg

Déi musikalesch Bäiträg op der Compil si ganz ënnerschiddlech. Am meeschten no Schlofzëmmer kléngen d'Claudine Muno, de Bartleby Delicate a Francis Of Delirium, mat méi klassesche Singer-Songwriter-Nummeren.

Aner Artisten goufen duerch de Projet aus hirer Comfort Zone gelackelt. Wéi zum Beispill d'Membere vun Autumn Sweater, déi zum Deel hir Instrumenter fir d'éischte Kéier hu misste selwer ophuelen. Oder C'est Karma, dat sech intensiv mat sengem neie Synthesizer beschäftegt huet.

Datt d'Tracks vum Maz, Them Lights, dem Claire Parsons oder Ryvage poléiert a glossy sinn, huet eis net gewonnert - ganz am Contraire.

En Unikat

Am Kontrast dozou stinn dem Studnitzky seng raucheg Trompett um Pascal Schumacher sengem Closer, oder dem Sensu seng experimentell Synthesizer-Nappen. Awer obwuel d'Compil immens ofwiesslungsräich ass, gëtt et e roude Fuedem. Dat ass engersäits d'Melancholie an anerersäits d'Authentizitéit, déi an dësen 13 Songs ze spieren ass.

Et gouf scho vill Compilatioune mat Musek aus Lëtzebuerg, awer esou eng originell wéi de "Schlofzëmmerbléck" gouf et nach ni. Dat läit virun allem dorun, datt 2020 esou vill gutt Musek hei am Land gemaach gëtt, datt een am Fong dräi Disken hätt kéinte fëllen.