Orions Belte sinn, genee wéi d'Liichter am Stärebild no deem si benannt sinn, zu dräi. Ufanks hu si hir Instrumenter an anere Projete gespillt, sinn sech dunn eemol tëscht Oslo a Bergen op Tour an engem Auto begéint an entdeckt, datt hir musikalesch Interessen zesummepasse wéi Alnitak, Alnilam a Mintaka - déi dräi Stäre wéi am Orion. Labber, instrumental Musek, inspiréiert um Pop an de Filmsoundtracks vun de 60s koum schonns bei hiren éischte Prouwen eraus.
No engem Weekend zesumme war et kloer, datt si wollten eng Plack zesumme maachen.
Bei Orions Belte sinn d'Bescheidenheet vun de Proposen a Subtilitéit am Virgoen déi éischt a wichtegst Dugenden. Wann déi genannte Referenzen sech duerch ee staark mikrofonéierte Batteriesound an deels barock Orchestratiounen auszeechnen, ass et ëmsou méi beandrockend, datt de Power Trio den Effekt vun där Musek zu drëtt evoquéiere kann. Variatioun, Groove, Zesummespill a kleng Schmankerl sinn hei d'Geheimwaffen, déi schiere Volum duerch Afallsräichtum ersetzen.
Vill mat wéineg
Hiren Debut, Mint, war fir d'éischt eng norwegesch Affär, mee d'Fangemeinschaft huet sech schnell op de Rescht vun Europa an d'ganz Welt ausgedeent. Spéitstens bei der Online-Editioun vum Eurosonic-Festival dëst Joer gouf kloer, datt Orions Belte hiren Nolauschterer zu kengem Moment manner liwwere wéi dat Beschtméiglecht. Eng zeenesch Route duerch Bierger, Fjorden an al Bäckereien huet eng Rei Videoen op fantastesche Platzen entstoe gedoen, déi esouwuel monumental wéi och bäileefeg ee Kader schafen, deen d'Musek verstäerkt.
Hir zweet Plack, Villa Amorini, gëtt der Frëscht vum Debut Mint nach eng Portion Déift bäi, inspiréiert vun der Pandemie a méi melancholesche Stëmmungen.
"Musek, déi d'Liewe méi einfach mécht..."
...huet ee Youtube-Commentaire ënner hirem Videoclip gemengt, an et hätt ee Loscht mat ze ënnerschreiwen, well wann hei Melancholie dranhänkt, dann ass se batterséiss wéi d'Enn vun enger wonnerbarer Vakanz vun der Imaginatioun.
Villa Amorini ass och déi éischte Geleeënheet, wou déi eigentlech Instrumental Band d'Stëmm entdeckt.
D'Onbeschwéiertheet vun dëser Musek sollt een net mat ze vill Theorie erschloen, wier net wierklech ubruecht, ausser villäicht ze soen, datt déi 3 Stären an der Mëtt vum Orion an der skandinavescher Mythologie fir d'Spannrad vun der Fruchtbarkeetsgöttin Frygga stinn. Dëst passt gutt bei déi fein gewiefte Stécker vun Orions Belte.