Radioen

On air

Resonanzen  |  William Boyce - Sinfonie Nr. 4 a Fa Majeur, I. Allegro - The English Concert, Trevor Pinnock (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verdreemt a verspillt

Michael Nau & The Mighty Thread

Verdreemt a verspillt

De Michael Nau begléckt mat sonne-geräiften Harmonien a liebleche Kompositiounen. Mat Hëllef vun enger treier Trupp vu Museker, The Mighty Thread, huet hien en ongeschlaffent a beliefte Wierk vollbruecht.

auto_stories

3 min

Saccharin Tonalitéiten a Reverb-geluede Produktiounen aus der Mëtt vum 20. Joerhonnert sti beim Michael Nau ganz héich op der Lëscht. Scho mat sengem leschte Solo-Album "Some Twist" vun 2017 huet de Museker aus dem Maryland schmunzele gedinn. Hie begléckt mat sonne-geräiften Harmonien a liebleche Kompositiounen. Verdreemt a verspillt geet de Michael Nau u seng Aarbecht erun. Iergendwéi gesäit hien och e bësse wéi en onbehollefe Petzi aus, a seng Musek ass deementspriechend fluffeg an häerzeg. Et fillt ee sech a senger Compagnie gutt opgehuewen a gebuergen. A mat senger drëtter Solo-Plack "Michael Nau & The Mighty Thread", huet hien alt erëm en ongeschlafft a beliewend Wierk vollbruecht. An dat mat Hëllef vun enger treier Trupp vu Museker, The Mighty Thread.

Op "Michael Nau & The Mighty Thread" zerwéiert sech de Museker erëm räichlech un deene beschte Musekselementer aus de 50er, 60er a 70er. D'Onschold vum Doo-Wop, d'Verspilltheet vum psychedeleschem Rock, waarm post-Woodstock Soul Sounds, an déi intuitiv Lidder-Strukture vum Country falen hei op. De Michael Nau fëscht duerch déi amerikanesch Museksgeschicht a bréngt eppes immens Éierleches op den Dësch, ouni Pretentioun a villem Geschnëppels. Op Over-dubs ass nämlech am Studio verzicht ginn, den Album gouf live opgeholl a kléngt dofir och immens direkt. Bei der éischter Ecoute héiert sech "Michael Nau & The Mighty Thread" vläicht eng Grëtz repetitiv un, mee dat stéiert am Fong guer net. Wann ee bis a sengem Netz gefaangen ass, léisst ee sech gären hin an hier schaukelen.

D'Lidder op "Micheal Nau & The Mighty Thread" fléisse ganz locker aneneen iwwer. Et spiert een, datt d'Band hanner dem Frontmann immens zesummegeschweesst ass. D'Plack ass am Gittarist Benny Yurco sengem Appartement opgeholl ginn. Déi verschidde Museker goufe ganz effizient an de wéinege Raim verdeelt. D'Batterie a Bass koume ganz schnuckeleg an d'Schlofzëmmer, de Gittareverstäerker an d'Buedzëmmer, Stëmm a Piano an de Living an an der Kiche stoung e Vibraphon, dee romantesch Tonalitéiten opgekacht huet.

Beim lauschtere gëtt een an dëst ongewéinlecht Appartement invitéiert, wou een eng ergräifend Eenheet spiert. De Fuedem, deen dës Equipe vu Museker verbënnt, ass hirem Numm gerecht. "Michael Nau & The Mighty Thread" ass eng Plack, déi duerch hir Einfachheet eng rar Eleganz opweist. Mat Lidder, déi iergendwéi kënneg virkommen, awer grad esouvill iwwerraschen.