Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verspilltheet an der Sprooch a mat de Wierder

Yvon im Kreis der Liebe

Verspilltheet an der Sprooch a mat de Wierder

Dräi Museker a Kënschtler aus dem däitschen Nordrhein-Westfalen bréngen elo Ufank November den italienesche Indianersummer heihinner. Mam Numm "Yvon im Kreis der Liebe" liwwere si net nëmmen d'Wäermt, déi d'Wieder ewechgerappt huet, mee liwweren och den Album vun dëser éischter Novemberwoch.

auto_stories

3 min

Däitschsproocheg Popmusek huet, zanterdeem et Popmusek gëtt, e Komplex. An zwar deen, Schlager ze sinn. Dat ass verständlech, kënnt déi Form vun einfacher däitscher Ënnerhalungsmusek jo net aus den Äsche vum leschte grousse Krich, dee viru bal 75 Joer op en Enn koum. Dobäi dierft dee Komplex awer guer net existéieren. Well Pop ass Schlager. A Schlager ass Pop. An dat hunn dräi däitsch Museker verstanen.

Déi dräi Museker sinn: de Jacques Palminger, Allroundkënschtler an een Drëttel vu Studio Braun; de Carsten Meyer, besser bekannt als Erobique an d'Theaterschauspillerin a Sängerin Yvon Jansen. An hiert Synonym op d'Behaaptung, Pop ass Schlager a Schlager ass Pop, heescht "Yvon im Kreis der Liebe".

"Guten Morgen Marco"

Datt d'Yvon manifestement am Krees, dem Hamsterrad vun der Léift ze stieche schéngt, ass op der éischter Single ze héieren, déi d'Plack ugekënnegt huet. De Marco, hie lieft zu Berlin, schrauft sech der Yvon an hir Kreisgedankensystem a gëtt zu engem reegelrechte Kreesgedankeproblem. An en nervt a si gëtt en awer net lass aus dem Kapp.

Jiddweree kennt e Marco. Mee jiddweree kennt och ee Song, deen en net méi héiere kann oder wëllt, ob gutt oder schlecht, ass emol net de Problem, an awer dréit sech dee Song stonnelaang engem am Kapp ronderëm. D'Kraaft vu Pop. Oder Schlager.

Déi Liichtegkeet, mat där den Trio Jansen/Meyer/Palminger d'Mauer erofschléit, déi tëschent Pop a Schlager ze bestoe schéngt, ass bewonnerenswäert. Op "Yvon im Kreis der Liebe" kommen einfach emol 70 Joer däitsch Popgeschicht zesummen. Sief dat der Jansen hir Stëmm, déi natierlech jiddwereen un d'Knef erënneren deet. Wann och méi vun der Attitüd hir wéi vun der Déift.

13 Joer sinn zanter dem éischte Schlag a Plackeform vergaangen. Deemools war d'Kombo nach en Theaterprojet, wann een esou wëllt, a si hunn op der Bühn vum Maxim Gorky Texter aus dem Public quasi zäitgläich vertount. Ee Song dovunner "Wann strahlst du?" huet sech zanterhier selbststänneg gemaach an ass e klengen Hit ginn.

Eelef Eegekompositiounen

Op "Yvon im Kreis der Liebe" sinn déi eelef Songs Eegekompositiounen an hunn en ähnlech verspillte Charakter. Wat se all verbënnt, wéi iwwregens iwwerhaapt esou zimlech déi beschten däitschsproocheg Popmusek déi leschte Joer, ass d'Verspilltheet an der Sprooch a mat de Wierder. Alles verkënnt am beschte Sënn vum Wuert zu engem Versatzstéck. An d'Zomm vun deene Stécker maachen dann nees nei Biller op. Mir ernimme just d'Nikotin-A-Turner.

Liichtegkeet ass iwwerhaapt de groussen Iwwertitel vum Disk. Oder Sprezzatura, den italienesche Begrëff vum Handwierk, scheinbar alles ouni déi klengste Méi fäerdeg ze bréngen an ëmmer locker lässeg dobäi ze wierken. Ehm, hallo. Wann ee säin Disk live agespillt huet, an et kléngt esou wéi op "Yvon im Kreis der Liebe", dann ass Sprezzatura dat d'mannst, wat ee ka soen. D'Knef mécht also hei Vakanz an Italien, an dat zanter op d'mannst de 60er - geet an d'Disko, léisst et sech un enger Schokelasfontän gutt goen, geet sech en Tattoo sichen a léisst eng schéi Chanson vum Stapel. Alles ass do, fir dat Sauwieder dobausse vergiessen ze loossen.