Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verwinnt Kand

Radiohead hire “Kid A” feiert seng 20

Verwinnt Kand

De 6. Oktober waren et genee 20 Joer hier, datt déi brittesch Band Radiohead hire véierte Studioalbum Kid A erausbruecht huet. Et war een Album, deen de Stil vun der Band scheinbar radikal op d'Kopp geheit huet a bis haut eng gewësse Kontrovers behält. Grond genuch, sech Kid A 20 Joer méi spéit nach eemol mat frëschen Oueren unzelauschteren, mee och fir op deen Hype anzegoen, deen dës Release begleet huet.

auto_stories

4 min

No enger waarmer, agängeger Poprock-Plack mat engem kalen an experimentellen Nofollger unzetrieden, wier normalerweis kommerzielle Suicide. Trotzdeem huet "Kid A" net d'Enn vu Radiohead hirer Karriär agelaut, mee e laange Wee vu Kreativitéit an Entwécklung. Eng Aart inzeenéierte Karriärsmord mat engem Mordsmarketing.

Marketing-Stuntmen

Fir net ze laang op OK Computer, sécher eng vun deene schéinsten a schlëssegste Poprockplacke vum Joerzéngt virdrun zeréckzekommen, hätt ee gemengt, dëst géif d'Bild vun der Band guttmengend Genien, déi den Air du temps perfekt an d'Form vun engem Ständche brénge konnten, fir ëmmer besigelen.

Ëmsou méi droleg gouf et, wou d'Nolauschterer vum Nofollger gewuer gi sinn.

Keng Single hat virdrun den Terrain preparéiert, e puer kryptesch Videoe mat Sound waren alles, wat ee gesinn oder héieren hat. An zwar fir d'éischte Kéier net op MTV, mee um Internet. E Leak op Napster, der Peer-to-Peer-Plattform vun deem Moment, net laang virun der Release huet Consternatioun produzéiert, a vill hu sech gefrot, ob dës Demoversioune wieren oder e Fake. Begréisst goufe si den 2.Oktober 2000 mat "Everything In Its Right Place", engem reng elektroneschen Albumopener voll antinaturalistescher Studioeffekter, Stëmmfatzen, extremem Stereobild, an engem Tom Yorke, deen engem déi üblech Sirenen-Ouerwierm bis zum véierte Song verwiert.

Faszinéierend Onsécherkeeten

Instrumental am neie Radiohead-Sound war och de Produzent Nigel Godrich. Dee Mann, deen aus dem Virgänger eng Aart waarm Bettdecken aus Toun gemaach hat, produzéiert op Kid A Beats, déi keen Dancefloor misste fäerten. Soundnappen, déi och an d'Bande vun engem Horrorfilm géife passen, a Soundeffekter, déi ganz sensibel d'Bedeitunge vun de Songs an Texter ënnerstëtzen.

Déi elektronesch Elementer erënneren un Eno a Aphex Twin a kommen iergendwéi zäitlos eriwwer. Et ass net hir Originalitéit, déi se ervirhieft an et ass gutt fir d'Plack, datt dat net esou ass. Well "Kid A" ass och e Rockalbum. An een, wou Radiohead zu engem ganz neie Groove fannen, deen op deene Placken duerno nach sollt ausgebaut ginn. Wéi verréckt gutt dës Band zesumme spillt, wann et e bësse méi haart hiergeet, héiert een op Optimistic, deem Track, mat deem den Album geteased gouf.

Dee Mini-Refrain, dee just heiansdo hanner der Dir ervirluust, gëtt um Enn laang genuch widderholl fir seng Kraaft ze entfalen a kléngt a voller Besetzung wéi eng phenomenal Katharsis. De Song dänzelt laang a flirt mam Krautrock, ier um Enn d'Luucht esou méi grouss opgeet.

D'Zukunft vu fréier

An da gëtt et do nach eng ganz aner Mouvance, an där de Gittarist Johnny Greenwood zu deem Moment verhaft war. Hei dauche mer an d'Welt vu modern klassesche Komponiste wéi Penderecki a Messien an. Aflëss, déi de Greenwood zum Kaf vun engem fréien elektroneschen Instrument beweegt haten, enger Onde Martenot. D'Instrument ass eng Aart méistëmmegen Theremin, dee vum franséischen Erfinder Maurice Martenot am Joer 1928 entwéckelt gi war.

Ondist ze ginn ass eng schwiereg Léier an haut muss de Greenwood ee vu just enger handvoll Museker op der Welt sinn, déi den Apparat beherrschen. Déi etheresch Téin vum Instrument wiewe sech duerch de Song "How To Disappear Completely", eng reenereg Ballad, déi sech zu engem groussaartegen orchestralen Héichpunkt eropschwéngt. Dem Thom Yorke seng Stëmm, d'Ondes Martenot an den Orchester erschafen zesummen ee vun deenen absolutten, a bal häerzzerräissenden Héichpunkten op "Kid A".

Äiskale Vernis, nervööst Häerz

De Sänger Thom Yorke schéngt soss awer iwwer wäit Passagë vun der Plack am Hannergrond ze bleiwen. Dobäi héiert een en de ganzen Zäit - allerdéngs dann als Beatmaker. Wann ee "Kid A" eng kleng Schwächt ukräide kann, da sinn et villäicht verschidde vun de Stëmmopnamen. "Idioteque" zum Beispill kléngt a ville Live-Versioune méi lieweg an aschneidend wéi d'Albumversioun, op där de Yorke an der Stëmm no bäi a gedämpft bleift. D'Albumversioun huet deenen aneren awer ee gletscherkale Sound viraus, dee bis an de leschten Detail d'Talent vun alle Bedeelegte weist, wéi och d'Kloerheet vun hirer Visioun.

Mat hirem Vollrisiko-Marketing, enger beängschtegender Pochette vum Stanley Donwood, engem bal semanteschen Asaz vu musikalesche Referenzen a sengem haut propheteschen, déif politesche Stream-of-Consciousness, ass "Kid A" bis haut een Tour de Force mat engem äiskale Vernis an engem dropgängereschen, nervösen Häerz.