Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  King Pari - Wait A Minute

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Voka Gentle - WRITHING!

Album vun der Woch

Voka Gentle - WRITHING!

Chaotesch Zäite féieren zu chaotescher Musek. Mee de Chaos um neie Voka Gentle Album kann ee roueg als erfrëschend beschreiwen. Op "WRITHING!" kritt ee keng Revolt, mee vill komescht Gekrëmms a Gewéckels gebueden.

auto_stories

2 min

Eng Panoplie vu Kläng ass op dëser Welt ze fannen. An d'Welt ass der englescher Band "Voka Gentle" hir Auster. En Trio, d'Zwillingen Ellie and Imogen Mason an de William J. Stokes, déi zanter e puer Joer zesummen experimentéieren. Dräi Singer-Songwriteren, Multi-Instrumentalisten, Produzenten déi nawell gäre komesch Téin an hir Kompositiounen integréieren.

Ob et e Gletscher ass dee kraacht, Pneuen déi quiitschen oder Villercher déi sangen, am Hannergrond lungeren iwwerraschend Geräischer déi drop waarden entdeckt ze ginn. Der Band hir Konscht Pop Musek hëlt sech vill Fräiheeten, bleift awer trotzdeem direkt an op de Punkt.

Exzentrizitéit gëtt stolz presentéiert

D'Musek vu "Voka Gentle" ass räich un Aflëss. Op hirem neie 60-Minutten Opus flitt een an engem Otemzuch vun Avant-Garde, Synth-Pop, elektronescher Musek, eriwwer op Indie a Folk. Si sinn eng brittesch Band, déi hir Exzentrizitéit mat Stolz virweist. Radiohead, Tunng, Richard Dawson, Brian Eno sinn nëmmen e puer Nimm, déi engem an deem Zesummenhang an de Kapp kommen.

Op "WRITHING!" sange se mat Humor iwwer Optimiséierung, iwwerflësseg Technologien an den Drang, Routinnen ze briechen. Si kucken dobäi virun allem gären erop, an d'Firmament. Als Astronaut gëtt an d'Onbekannt gebléckt. Als Tuermfallek schwieft ee souverän an der Loft. Esouguer de Wayne Coyne, de Frontman vun de Flaming Lips ass op engem Titel ze héieren, deem seng epesch Theatralik an dëser Band vu London e schéint Doheem fënnt.

Mat Momenter gëtt ee bal vun deem ganze musikalesche Gefréckels iwwerwältegt. An dach fléisst e roude Fuedem duerch déi 14 Stécker op "WRITHING!". "Voka Gentle" brécht weiderhin Dualitéiten. Tëscht Harmonie an Dissonanz, Rou a Stuerm, subtil a graff gëtt sech amusant ausgedréckt. Hiren neien Album hält d'Kontradiktiounen, d'Frustratioune vum agespaart sinn, vun eiser Gesellschaft fest a mécht draus en eben zimmlech chaoteschen Amalgamm. E komesche Misch-Masch vu musikaleschen Iddien, wou wëll Samples op ominéis Bass-Linnen, versate Beats op verdreemten Harmonien treffen. Alles ass erlaabt.