Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Kritiker a vu Komponiste gelueft

Komponistin vum Mount

Vu Kritiker a vu Komponiste gelueft

An deene leschte Joren erlieft d'Musek vun der Louise Farrenc eng Renaissance - ënner anerem mat den CD-Opname vun de Solistes Européens, Luxembourg. Déi éischt Professesch um Paräisser Conservatoire huet sech duerchgeboxt an enger Männerwelt.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / Alex Staroseltsev

D'Louise Farrenc war eng Zäitgenëssin vu Mendelssohn, Schumann, Chopin oder nach Glinka a Liszt. Hir Musek gouf vun de Kritiker, wéi vu ville Komponiste gelueft. Allerdéngs war et fir d'Pianistin net ëmmer einfach, sech an dëser Männerwelt duerchzesetzen.

Numm: Jeanne-Louise Dumont, bestuet Louise Farrenc

Beruff: Pianistin, Pedagogin, Komponistin, Editrice

Huet gelieft: 31.5.1804-15.9.1875

Bestuet mam: Aristide Farrenc, Flüttist, Musikolog an Editeur

Extras:

  • Éischt offiziell Professesch un engem grousse Conservatoire (1842)
  • Editrice vun der Sammlung "Trésor des Pianistes"
  • Sinfonien, Vokalwierker, vill Kammermusek, vill Pianoswierker

Sinfonië mat Charakter

1997 an 2003 huet sech d'NDR-Radiophilharmonie fir d'Sinfonië vun der Louise Farrenc fir eng Diskproduktioun interesséiert. 2001 war et den Orchestre de Bretagne mam Stefan Sanderling.

An deene leschte Jore kennt der Louise Farrenc hir Musek e Revival, an dat mat Recht. An deene leschte Saisonen hunn d'Solistes Européens, Luxembourg, ënner der Direktioun vum Christoph König, eng Partie Sinfonië vun der franséischer Komponistin an der Philharmonie proposéiert. Dem König seng Begeeschterung fir hir Musek ass esouwäit gaangen, datt den Orchester beim Label Naxos déi zweet an déi drëtt Sinfonie agespillt huet.

"L'œuvre de Madame Farrenc dénote du caractère, de la hardiesse et de la chaleur, et les masses instrumentales y sont mises en mouvement avec une entente remarquable des effets", schreift e Kritiker iwwer der Louise Farrenc hir éischt Symphonie no der Première 1845 zu Bréissel.

D'Revue Musicale zu Paräis lueft der Louise Farrenc hir éischt Sinfonie genee esou.

All hir Sinfonië stamen aus den 1840er Joren, wou zu Paräis kaum nach ee sech ëm dës Form gekëmmert huet. Och wann d'Sinfonië bei den Opféierunge Succès haten, goufen se net publizéiert. D'Sinfonië vun der Louise Farrenc hunn eppes vun Hummel- a Mendelssohn-Stil, wéi Flair vu Schubert, sief et an den Harmonien oder an der Präsenz vun den Holzblosinstrumenter.

Virun allem gëtt déi drëtt Sinfonie immens geschätzt, mat hire kengen an energesche Passagen, déi e Beethoven oder e Schumann sécher och un d'Staune bruecht hätten.

Dräi Episoden zur Louise Farrenc

An der éischter Emissioun (12.9.), héiert Dir, wéi d'Louise Farrenc sech als éischt Professesch um Paräisser Conservatoire duerchgesat huet fir dee selwechte Loun, wéi hir männlech Kolleegen. Derbäi huet si just dierfte Schülerinnen enseignéieren. Niewelaanscht hat d'Pedagogin och Privatschüler.

An der zweeter Episode (19.9) steet d'Sammlung "Le Trésor des pianistes", déi Pianoswieker vun iwwer dräi Joerhonnerte vereenegt, am Mëttelpunkt. D'Koppel Farrenc waren d'Editeure vun dësem Recueil.

An der drëtter Emissioun (26.9) léiert Dir nach aner Komponistinnen, Zäitgenëssine vun der Louise Farrenc kennen.