Radioen

On air

De Moien  |  Alice Phoebe Lou - Shelter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Vu Léift a Wansinn

Alex Izenberg - "I'm Not Here"

Album vun der Woch: Vu Léift a Wansinn

​ "Et ass een net gezwongen déi nämmlecht Persoun ze sinn déi ee viru fënnef Minutte war", esou d'Zitat vum englesche Schrëftsteller Alan Watts, wat den Alex Izenberg op sengem neie Wierk "I'm Not Here" begleet. Eng barock Pop-Pärel, déi vum Dirty Projects Haaptmann Dave Longstreth arrangéiert gouf. E Genoss fir Kapp a Séil.

auto_stories

2 min

2012 ass den Alex Izenberg mat paranoider Schizophrenie diagnostizéiert ginn. Eng iwwerwältegend Noriicht mat där hien zanterdeems kämpft an a senger Musek verschafft. Op sengem drëtten Album "I'm Not Here" versicht hien dann nees "Sënn aus senger Mëscht vu Gefiller ze maachen". Eng Mëscht déi hien déi Kéier an e grandios orchestréierte Pop-Album gewandelt huet. Den Alex Izenberg schéngt dobäi seng Multiplizitéit acceptéiert ze hunn. Eng Akzeptanz, déi hie vu Konfusion op Katharsis gefouert huet.

Musikalesch Séil an de fréie 70er

Melancholie ass an deem Ganzen ni wäit ewech, mee d'Sprooch an d'Musek bleiwe verspillt. Et héiert een dann och, datt dem Alex Izenberg seng musikalesch Séil an de fréie 70er sëtzt. Wann ee seng Musek lauschtert kommen engem den Harry Nilsson, de Captain Beefheart, de Lou Reed oder och nach Randy Newman entgéint. Singer-Songwriter bei deenen hien dat eent oder anert gepickt huet. Notamment hir Orchestratioun.

Bléiser a Sträicher maachen "I'm Not Here" zu engem Genoss fir Kapp a Séil. Déi goufen iwweregens vum Dave Longstreth vun "Dirty Projectors" arrangéiert. E Museker, dee fir seng ganz kreativ Arrangementer bekannt ass. Hei huet hien dann och nees déi perfekt Balance tëscht vill a wéineg, imposant an dezent getraff.

"Et ass een net gezwongen déi nämmlecht Persoun ze sinn déi ee viru fënnef Minutte war", esou d'Zitat vum englesche Schrëftsteller a Philosoph Alan Watts dat den Alex Izenberg op sengem neie Wierk "I'm Not Here" begleet huet. Wien oder wou ass den Alex Izenberg dann elo? D'Äntwert fënnt een eventuell am Lidd "Our Love Remains": "All my years of lunacy have taught me that love remains."