Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Reesen inspiréiert

Baiba Skride

Vum Reesen inspiréiert

D'Baiba Skride huet e Freideg, 17. Januar 2020 den zweete Geieconcerto vum Sergei Prokofjew zesumme mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an der Philharmonie interpretéiert. De Luc Boentges huet vun där Geleeënheet profitéiert, fir mat der Geiistin iwwer d'Wierk, hir Concertsreesen an den Orchester ze schwätzen.

auto_stories

4 min

D'Baiba Sride an der Philharmonie (Foto: Philharmonie / Alfonso Salgueiro)

Baiba Skride, Dir waart elo schonn e puermol hei beim Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Allerdéngs ëmmer erëm mat engem aneren Dirigent. Eng Kéier huet den Emmanuel Krivine dirigéiert, eng Kéier de Gustavo Gimeno an elo ass et de Jukka-Pekka Saraste. Fillt et sech un, wéi wann Dir mat dräi verschiddenen Orchestere gespillt hätt, oder gesitt Dir éischter d'Gemeinsamkeeten?

Naja, mat all Dirigent ginn et natierlech Ënnerscheeder an och d'Orchestermuseker wiessele jo. Et ass all Kéier eppes Lieweges, all Kéier eppes Neies. An ech freeë mech wierklech. fir dat all Kéier nei ze erliewen. Mat all Stéck kléngt en Orchester natierlech och ganz ënnerschiddlech.

Dir interpretéiert elo den zweete Geieconcerto vum Sergei Prokofjew. Wou et entstanen ass, war de Komponist op enger Tournée ënner anerem duerch Spuenien a Russland. Dir sidd selwer dacks a vill op Tournée, kënnt Dir Iech dofir an dës Situatioun era versetzen?

Naja, reesen inspiréiert een ëmmer. A wann ee liest, wou Komponisten oder och Kënschtler zum Beispill de Wanter oder de Summer verbruecht hunn, an et mierkt een, wéi sech dat an de Wierker spigelt, ass dat ganz interessant. An natierlech héiert ee grad bei dësem Wierk am drëtte Saz mat de Castagnetten e spueneschen Afloss eraus. De Prokofjew bleift awer och de Prokofjew. Dat ass eng ganz speziell Sprooch, déi hie schwätzt, an et ass einfach genial geschriwwen, egal mat wéi engen Aflëss. Et ass seng Sprooch.

Ee Joer, nodeems de Sergei Prokofjew den zweete Geieconcerto komponéiert huet ass hien zeréck an d'Sowjetunioun gaangen. Héiert ee vläicht och e gewëssent Verlaangeren no der Heemescht aus dësem Wierk eraus?

Mat Sécherheet héiert een eraus, wou de Komponist hierkënnt, grad beim Prokofjew. Den zweete Saz ass natierlech eppes ganz Romantesches. Mee generell ass dëst Wierk keent, an deem vill Péng oder Tragik wier. Et ass éischter e Fest vun der Musek a vun deene verschiddene Gefiller. Dat Russescht léisst hie jo ni lass, dat héiert ee schonn.

Kéint een och soen, d'Wierk wier e Fest vun der Gei? Déi fänkt jo virum Orchester eleng a ganz duuss un.

Jo, et mécht e bëssen Angscht esou unzefänken (laacht). Mee et ass eben dat, wat de Prokofjew esou eenzegaarteg mécht. Hien huet jo ëmmer erëm eppes Neies ausprobéiert. Dee ganze Concerto ass fir d'Gei ganz virtuos a ganz present geschriwwen. Deelweis spille Gruppe vum Orchester laang Passagë guer net mat. A sou wéi et sech unhéiert, hat hien d'Braatschen immens gären. Well ech spille ganz vill mat hinnen zesummen (laacht). Mee insgesamt ass et einfach e Wierk, dat perfekt geschriwwen ass.

(Foto: Philharmonie / Alfonso Salgueiro)

Dir hutt elo iwwer déi verschidden Orchestergruppe geschwat. Ech hu wärend der Generalprouf e bëssen nogelauschtert, an do ass mir opgefall, datt Dir Iech ëmmer erëm bei déi verschidde Gruppe gedréit hutt. Ass et Iech wichteg dëse visuelle Kontakt mat de Museker ze hunn?

Ah, natierlech! Et ass natierlech e bësse schwéier, wa si hanner mir sinn, mee ech fannen et ganz wichteg. Ech hunn dës Interaktioun mat de verschiddene Museker gär an et ass mir wichteg, datt si mech och bemierken. Net nëmmen am Sënn vun 'do steet grad iergend een', mee ech maachen dat mat hinnen zesummen. Mir probéieren insgesamt dat Bescht aus dem Stéck, aus dem Ament erauszehuelen.

Dir hutt virdru gesot, de Concerto wier e virtuoost Stéck. De Prokofjew huet d'Wierk jo awer nom Prinzip vun der 'Neuen Einfachheit' komponéiert. Dat heescht deemno net, datt et einfach ze spillen ass?

Déi Saachen déi einfach kéngen, si meeschtens och déi schwéierst. Et ass ganz kloer strukturéiert, an och vun der Harmonik a vun der Instrumentatioun ass et immens kloer. Mee hie packt et, fir an dës Kloerheet eng onheemlech komplizéiert Stëmm fir d'Gei eran ze komponéieren. Mee dat steet ni am Virdergrond. Et wierkt alles wéi eng Eenheet.

An engem Interview mam Boston Symphony Orchestra hutt Dir verzielt, datt Dir an der Sowjetunioun grouss gi wiert, an datt et ären Dram gewiescht wier fir och nëmmen eng Kéier erauszekommen. Elo sidd Dir permanent ënnerwee, deen Dram huet sech deemno erfëllt. Wat ass haut ären Dram?

Datt ech nach laang spillen däerf a spille kann. Datt de Publikum mech ëmmer nach héiere wëllt, an datt ech natierlech och ëmmer nach weider reese kann. Souguer wann ech net spillen, reesen ech ganz gär. Dat inspiréiert mech, an ech hoffen, datt dat nach méiglechst laang esou weidergeet.