Den Art Feynman léisst sech op sengem Debutalbum "Blast Off Through The Wicker" op genee dës Welt an. Dat manifestéiert sech op verschiddene Wellelängten.
Dem Art Feynman säi Kënschtlernumm setzt sech vläicht referenzeshalber aus dem Museker Art Garfunkel an den amerikanesche Physiker an Nobelpräislaureat Richard Feynman zesummen. Vläicht awer och net, et ass och just marginal vu Wichtegkeet. Op alle Fall verstoppt sech hannendrun de Luke Temple, Frontmann vun der Indie Rock Band Here We Go Magic. 2015 haten déi hire leschten Album presentéiert. Ënnert sengem biergerlechen Numm verëffentlech hien och Musek. E vill beschäftegte Mënsch also. No bal 15 Joer am Geschäft optéiert hien 2017 fir eng artistesch Reinkarnatioun.
Contraintë beim Songwriting
Dem Luke Temple seng Vergaangenheet läit am Indie Rock a Folk. Et ass wichteg ze wëssen, datt hie sech formal an technesch Limitte gesat huet: Keng Loops a keng programméiert Drum-Maschinn. Just hie mat engem Grapp voll Instrumenter an engem Véier-Spur Tape-Recorder.
Dat ass beim Héieren éischter iwwerraschend. Déi gréisser Majoritéit géif sécher d'Hand dofir an d'Feier leeën, dës Musek wier zum groussen Deel programméiert. Dat schwätzt awer fir den Esprit an d'Approche, déi den Temple op dësem soi-disant éischten Disk fleegt. Mat schlussendlech wéinege musikaleschen Elementer, déi zwar dann iwwerduerchschnëttlech verfréckelt a verspillt zum Asaz kommen, haucht hie sengen Tracks en Drive eran, deen aussergewéinlech erfrëschend ass.
Dee réiert vu senger Faszinatioun hier, inert Objeten ze beliewen. Wat dozou féiert, datt een et mat engem Amalgam aus Hi-Life-Afro-Beat-Dub-Kraut ze dinn huet. D'Indie-Konnotatioun bleift awer ëmmer bestoen. Och bei deene mol siwe Minutte laange Vignetten, déi vun der kalifornescher Sonn duerchtränkt sinn.
Wat de Synthesizer weess
Och textlech gëtt seng Obsessioun de Wee un. Liewe meng Spillsaachen, wann ech net do sinn? Sou de Kannergedanken. Den Temple freet sech, op seng Synthezisere wëssen, wann hie schléift? D'Bett steet op alle Fall op der nämmlechter Plaz, mä d'Kësse weess, wéini hien dreemt.
Mam musikalesche Gefréckels gëtt aus där Froestellung och mol en Existenz- an Angschtzoustand. Mä keng Suerg, net weider schlëmm. Wie sech op eng Reinkarnatioun vum Arthur Russell freet, dee ka mam Art Feynman sengem Debut seng grouss Freed fannen.