Radioen

On air

Notturno  |  John Scofield, Vicente Archer & Bill Stewart - TV Band

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann all Melodie zum Refrain gëtt

Wye Oak

Wann all Melodie zum Refrain gëtt

Mat hirem Album "The Louder I Call, the Faster It Runs" weisen Wye Oak aus den USA, datt déi originell Nischen an der moderner Musek nach net komplett ofgegraast sinn. Ouni Koketterie oder falsch Bescheidenheet verëffentleche si eng immens ronn Plack, ee sougenannte "Grower", dee seng Lauschterer ëmmer erëm op en Neits belount.

auto_stories

2 min

D'Jenn Wasner an den Andy Stack

Fir d'Musek vu Wye Oak ze beschreiwe misst ee wäit aushuelen. Shoegaze, Dreampop, Indie Rock, Noise Folk, Stonerrock ... d'Lëscht u méigleche Bezeechnungen hëlt keen Enn. A souwisou gëtt een dem Duo aus Baltimore domat net gerecht.

Wye Oak liewe vun der éierlecher an onverstellter Stëmmfaarf vun der Jenn Wasner a vun dem extrem versatilen a detailverléifte Rhythmusspill vum Andy Stack. Dës zwou Konstanten zéie sech duerch d'Diskographie vum Duo. Mat hirem sechsten Album deklinéiere si hir Points forts duerch a weisen, datt ee sech och haut nach gréisstendeels ouni musikalesch Referenzen op eng relevant Manéier ausdrécke kann.

All Hookline sëtzt

Trotz sëlleche Schichte vu Kläng entsteet ni een Androck vu Klaustrophobie oder Beengtheet. Ganz am Géigendeel: Déi extrem dicht Produktioun fënnt eng gutt Balance. Si léisst do Loft, wou se néideg ass, mee se scheit och net virun euphoreschen Irruptiounen zréck.

Et ass erfrëschend, wéi Wye Oak sech a ville vun hiren neie Lidder vum gängege "Stroph/Refrain"-Schema distanzéieren. Heiansdo ass et net kloer auszemaachen, ob et iwwerhaapt ee Chorus gëtt. Mee wann all Hookline sou sëtzt, wéi bei hinnen, dann ass dat Konzept obsolet. Da gëtt all Melodie zum Refrain.

Thematesch bleiwe Wye Oak meechtens vague. Der Jenn Wasner hir Texter exploréieren déi universell Sujete vun der Sich no Bedeitung an no der Wourecht. Op dem schmassegen "Over and Over" gëtt si ausnahmsweis méi konkret. Hei geet et ëm d'Gefill vun Inertie vum Eenzele vis-à-vis vun de wahnwitzege Grausamkeeten, mat deenen een Dag fir Dag konfrontéiert gëtt.

Trotz der villschichteger Produktioun huet den Duo seng Wuerzelen am klassesche Folk-Singersongwriting net ganz hanner sech gelooss. Op der zweeter Halschent vun der neier Plack gëtt een Zeie vun der Sécherheet, mat där Wye Oak och ganz einfach Iddien zu engem beréierende Song formen. Den amerikaneschen Duo kënnt ganz lëfteg dohier a riskéiert ni, sech a Plattitüden ze verléieren.

Mat "The Louder I Call, the Faster It Runs" hu mir et mat engem ganz komplexe Pop-Album ze dinn, dee sech dat awer ni umierke léisst. Loosst Iech drop an, et lount sech.