Radioen

On air

De Weekend  |  Blonde Redhead - Snowman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat huet Westküsten-Chill mat Astronauten ze dinn?

Astronauts, Etc. - Living In Symbol

Wat huet Westküsten-Chill mat Astronauten ze dinn?

Aus den USA koum iwwer de Weekend d'Nouvelle, datt d'NASA mat SpaceX en neie Programm an Astronaute virgestallt huet, déi vum nächste Joer un an de Weltraum solle geschoss ginn. Passend dozou liwwert elo d'Band, de Projet Astronauts, Etc., deen eventuell passende Soundtrack dozou.

auto_stories

3 min

Aus den USA koum d'Nouvelle, dat d'NASA mat SpaceX en neie Programm an Astronaute virgestallt huet, déi vum nächste Joer un an de Weltraum solle geschoss ginn. Passend dozou liwwert elo d'Band, de Projet Astronauts, Etc., deen eventuell passende Soundtrack dozou. Den Tom Dockal stellt op alle Fall den Album "Living in Symbol" als Album vun dëser neier Woch vir.

Ok, maache mir eisen Nolauschterer näischt vir. Datt Amerikaner mat Hëllef vun engem Public Private Partnership elo Astronauten an de Weltraum schéissen, an d'autant plus déi Nouvelle mat enger Sortie vun enger Band ze verbannen, déi am Numm Astronauten huet - ass e bëssi einfach!

Mee dem Anthony Ferraro seng Melodië loossen drop schléissen, datt e Genoss vum neien, zweeten Disk "Living In Symbol" ouni Problem och am lofteidele Raum méiglech ass.

Curriculum Vitae

Kuerz iwwer den CV vum Ferraro gekuckt: Arthrit-Diagnos am jonken Alter loossen op en abrupt Enn vun der Pianoscarrière schléissen. Hie mécht awer poulriicht virun. Hien huet programméiert - ë. a. och en Algorythmus, deen aus aneren Algorythme Beats mécht. Kuerz gehalen. Hie léiert de Chaz Bundick vun Toro Y Moi kennen, ass säi Tour-Keyboarder an elo huet de Bundick him mat "Living In Symbol" gehollef.

Den Anthony Ferraro ass héchstwahrscheinlech al genuch, fir keen 100 Prozent Digital nativ ze sinn. Esou beschreift hie sech nämlech selwer: als Mënsch, deen d'Liewe virun der totaler Connexioun kannt huet, mat Mësstrauen no vir wéi no hanne kuckt an einfach mol kuckt. Eng éischt Single, déi mat enger Border-Grenzenthematik oplauert an esou mécht, wéi wa se vu politeschen Ëmstänn schwätze géif, schwätzt am Fong vu vill méi perséinlechem. Déi Border ass eng ganz eegen, an där hirem Raum een et sech ze vill gemittlech mécht an net méi erauszekomme schéngt. Datt dat mam Ausbroch aus deem Raum an deene Borders awer net garantéiert ass, datt dobausse keng Alienatioun stattfënnt, ass déi sober Schlussfolgerung vum Ferraro. Mee hey, et muss weidergelieft ginn.

Schwéier Themen eriwwerbruecht an eng vun Ennui ertränkter Delivery

A wéi esou dacks, ginn esou am Fong net alt ze liicht Sujete musikalesch total liicht opgeschafft. Do sinn als alleréischt emol dem Ferraro seng Gesangseinlagen. Eng Mëschung aus fréiem Damon Albarn, dee mol méi, mol manner duerchliicht, an enger dréchener doucer, scho bal vun Ennui ertränkter Delivery, loosse bal vergiessen, vu wat hien do séngt.

Datt hien eng jorelaang Frëndschaft mat Toro Y Moi soignéiert, ass do dernieft ze héieren. Wann zwee Plätterchersproduzente sech un Arrangementer ginn, dann huet dat eppes. Dem Ferraro seng Idoler - George Harrisson an David Axelrod, gi versicht am Esprit anzefänken. Dofir ass d'Produktioun zwar ni breet genuch, mee op d'mannst esou breet, wéi déi zwéin Hären dat mat hire Moyene kënnen, an dat huet duerchaus säi summerleche Charme. Chill Westküste-Vibes - hie kënnt aus dem kaliforneschen Oakland - treffen op ganz divers meloman Versatzstécker aus der Popwelt.

Wéi hie selwer schreift, ass hien dem Muer net alarmistesch géigeniwwergestallt a wëllt net jugéieren. De Ferraro observéiert a mécht sech Gedanken a verschafft se zu flotter Musek wéi op "Living In Symbol". Vläicht ass hien dann awer den Astronaut, dee mat enger gewësser Distanz an der Loft schwieft, kuckt a wann den Zäitpunkt kënnt, seng zwee Féiss op de Buedem setzt. Astronauts, Etc., quoi.