Radioen

On air

De Weekend  |  Solange - Cranes In The Sky

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alasdair Roberts: "What News"

Albumbespriechung

Alasdair Roberts: "What News"

"What News" - esou heescht den neien Album vum Alasdair Roberts. De schottesche Folkmuseker gëtt op dësem vun zwee ongewéinleche Museker begleet. Aus dëser Collaboratioun ass eng experimentell Folkplack entstanen, op deenen déi traditionell schottesch Balladen op eng ganz eege Manéier interpretéiert ginn.

auto_stories

4 min

Eng iwwer 12 Alben huet den Alasdair Roberts zanter Enn den 90er verëffentlecht. Produktiounen, mat deenen hie sech en Numm als modernen Troubadour gemaach huet. E Museker, dee sech un de mythesche Figuren an dramateschen Themen inspiréiert, déi an den traditionelle britesche Folkballaden behandelt ginn. Seng Interpretatioune vun dësen urege Lidder sinn awer alles ausser verstëbst.

Den Alasdair Roberts ass u Kläng am vaste Sënn vum Wuert interesséiert a léisst sech net vum Term Traditioun anengen. Kollaboratioune sinn him dowéinst immens wichteg, fir frësch Iddien auszeschaffen a vun der Widderhuelung ewech ze kommen. An der Lescht huet hie mam amerikanesche Folkmuseker Bonnie "Prince" Billy zesummegeschafft, oder och der gälescher Sängerin Mairi Morrison.

Eng ongewéinlech Koppel vu Museker

Op senger neier Plack "What News" huet den Alasdair Roberts sech eng éischter ongewéinlech Koppel vu Museker erausgesicht. Hien hätt scho virdru mam David McGuinness geschafft a wier en Deel vun der Formatioun "Concerto Caledonia", déi sech an der aler schottescher Musek spezialiséiert.

Et goufen aacht traditionell schottesch Balladen, mat deenen den Alasdair Roberts eppes maache wollt. Hie wollt mam David McGuinness, dee verschidden Tasteninstrumenter spillt, kollaboréieren, a sech selwer op de Gesang konzentréieren. Soss géif den Alasdair Roberts sech selwer op der Gittar begleeden. Während si un de Lidder geschafft hunn, hat den David McGuinness d'Amble Skuse héieren an hätt virgeschloen, datt si Deel vum Projet sollt ginn.

D'Amble Skuse ass eng Musekerin, déi Kläng elektronesch zaubert, déi traditionell musikalesch Performancen erweideren. Um Album "What News" ginn esou de Gesang vum Alasdair Roberts an de Piano vum David McGuinness mat diversen athmosphäreschen Téin an Texturen ausgebaut. Unhand vun enger Panoplie vun natierlechen an elektresche Kläng gëtt d'Musek an e Kontext gesat. Drëpse, Geblubbers, Gepëspers a Vullegesank féieren een an d'Natur oder ënnersträichen den Text.

An den David McGuinness spillt net op iergendengem Piano. Den historesche Museker héiert een um Album op engem Grand Pianoforte vun 1844, engem Mozart-Stil Fortepiano oder och um obskuren Dulcitone. De Virgänger vum Fender Rhodes, dee Mëtt vum 19. Joerhonnert zu Glasgow entstanen ass. Den Dulcitone produzéiert immens verdreemte Kläng, déi dem Alasdair Roberts säi Gesang ganz organesch ëmwéckelen.

Lidder kommen all aus Schottland

Tasteninstrumenter; Piano an Dulcitone si fir d'éischte Kéier dat zentraalt Instrument op engem Alasdair Roberts Album. Dem David MacGuinnes säi Spill steet den traditionelle Melodien net am Wee. Wat dem Alasdair Roberts erméiglecht, seng Stëmm immens nuancéiert anzesetzen. D'Lidder déi de Folkmuseker op "What News" erausgewielt huet kommen all aus Schottland.

Verschidde Lidder hätt hie scho jorelaang gesongen, wéi zum Beispill "Long A-Growing", dat lescht Lidd um Album. Hie géif dat wahrscheinlech schonn zwanzeg Joer sangen, mengt den Alasdair Roberts. "Fair Flower of Nothumberland" géif him immens vill bedeiten, well hien dat Lidd vu sengem verstuerwene Papp geléiert hätt.

Aner Lidder hätt hie méi rezent geléiert a géifen aus verschiddene Source kommen: Opname vu Liddersammler, oder Intereprete wéi d'Jean Redpath. An der Vergaangenheet hätt hien och emol englesch an iresch Stéckre opgeholl. Dës Kéier kéimen d'Lidder awer all aus Schottland, et wieren déi schottesch Versioune vun dësen traditionelle Balladen. Et wier witzeg, datt sech dat esou erginn hätt.

Eng ganz eege Stëmmung

Den Alasdair Roberts ass zanter Enn den 90er komescherweis net bei engem schotteschen, mee engem amerikanesche Label ënner Vertrag. Den Indie Label "Drag City" zu Chicago geet gäre Risken an an ënnerstëtzt Museker, déi net de kommerziellen Erfolleg viséieren. "Drag City" interesséiert sech un experimentellen Aarbechten, awer och u Museken, déi sech un enger Panoplie vun Traditiounen a Stiler inspiréieren.

Dem Alasdair Roberts seng Folkmusek ass och éischter onorthodox. Hie geet d'Traditioun mat engem oppenen an experimentelle Geescht un. Wéi um Album "What News". Eng Collaboratioun tëscht onwahrscheinleche Kandidaten, déi eng ganz eege Stëmmung geschafen hunn. Folkmusek, déi net muffeg richt a net verstëbst ass.