Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng post-apocalyptesch Sci-Fi Plack

Zdenka 2080

Eng post-apocalyptesch Sci-Fi Plack

Fréier huet si a Kalifornien an engem Asbestos Laboratoire geschafft, elo verëffentlecht si Musek beim prestigiéise Brainfeeder Label. D'Salami Rose Joe Louis huet Enn August e louche futuristesche Konzeptalbum "Zdenka 2080" verëffentlecht.

auto_stories

3 min

"Zdenka 2080" ass eng post-apocalyptesch Sci-Fi Geschicht mat anti-kapitalistesche Messagen. Esou kéint een der Salami Rose Joe Louis hiren neien Album beschreiwen. Der Kalifornierin hir virrecht Releasen hu sech gréisstendeels mat Léift beschäftegt. Sécherlech e méi direkt Thema. Déi kéier wollt Si sech awer en ongewéinleche konzeptuelle Kader ginn.

"Ech war amgaange vill Sci-Fi Bicher ze liesen an ech hunn et zimlech cool fonnt wéi d'Geschichten Iddien an ethesch Implikatiounen iwwer d'Zukunft exploréiert hunn. Oder och Gier a Kapitalismus. Mee an enger phantasievoller a verspilltener Art a Weis. Dat wollt ech och maachen. Op kee Fall eng Moralpriedegt halen. Méi eng Exploratioun vun dësem potentiellen Zeenario."

En Zeenario wou d'Äerd wéinst dem Handelen vun egoisteschen Éliten a Konzerner liewendsfeindlech ginn ass. D'Musek ass dogéint zimlech funky a verdréint, net düster a kal. Di 22 athmosphäresch Skizzen fléisse locker aneeneen iwwer an droen Nimm wéi "Cirrus Flocus / Second Dimension" oder och "Diatoms and Dinoflagellates". Der Salami Rose Joe Louis hir Welt ass op alle Fall eegen a louche. An dorop ass Si och stolz.

Fir Si bedeit "louche" oder "weird", datt een einfach eppes naescht probéiert. "Aktiv Kläng ze sichen déi een vläicht nach net héieren huet. Natierlech sinn ech vu ville Genren beaflosst, mee ech versiche konstant eng aner Stëmmung, en anere Vibe ze schaafen."

"Zdenka 2080" ass en cinematescht Wierk an d'Uneneereiung vun de Stécker erënnert vun der Form a vum Rhythmus hir un en Anime. Experimentatioun a Chaos sinn zentral Elementer vun der Salami Rose Joe Louis hirem Kompositiounsprozess. An hiren Hannergronn an der Wëssenschaft fléisst och an d'Musek eran. D'Stécker fänke meeschtens mat Zeechnunge vun abstrakte Formen un, an am Studio gëtt wéi an engem Labo ronderëm gezaubert.

"An der Wëssenschaft grad ewéi an der Musek ass Kuriositéit immens wichteg. Versichen op eng aner oder esouguer nei Manéier sech Gedanken iwwer eppes ze maachen, an dobäi esouguer e bësse verspillt ze sinn. Dat versichen ech esou vill wéi méiglech am Musekslabo ëmzesetzen. D'Wëssenschaft huet och bei menge basesche Computerkentnisser gehollef an all d'Physikscoursen hunn a Saache Museksproduktioun Déngscht geleescht. Um Enn vum Dag ass alles nëmme Frequenz."

"Alles nëmme Frequenz"

D'Salami Rose Joe Louis ass aktuell amgaangen un enger Fortsetzung vun hirem neien Konzeptalbum "Zdenka 2080" ze schaffen. De renomméierte Label "Brainfeeder" huet si dëst Joer ënner Vertrag geholl. An dës Unerkennung als Musekerin huet hiren Enthusiasmus nach méi gefördert. Et kann ee sech an Zukunft op weider louche an ergräifend Téin aus dem experimentelle Labo freeën. "Musek kënnen ze schafen, mécht esou vill Spass. Ech si süchteg."

D'Salami Rose Joe Louis hat iwwergens och emol Wëlles eng Zoossfabrik ze grënnen. Ech hu nogefrot wat hir Lieblingszooss ass. D'Aentwert war "Son of a Sauce". An d'Rezept huet Si eis och verroden.

"Son of a Sauce" recipe

  • 1 roasted bell pepper
  • 3 diced tomatoes
  • 1 cup almonds
  • 1 tbs paprika
  • 4 garlic cloves
  • salt to taste
  • 1 tsp vinegar
  • 3/4 cup olive oil

Gather all the ingredients and blend in a blender or food processor!

Salami Rose Joe Louis