Radioen

On air

Notturno  |  Englbrt - Euphoria

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Quintetter an eng Frell

Klassik-CD vun der Woch

Zwee Quintetter an eng Frell

D'Schlesische Kammersolisten interpretéieren zesumme mam Pianist Christoph Soldan dem Franz Schubert säi weltbekannt Forellen-Quintett. Eng Opnam, déi duerch hir gelongen Interpretatioun iwwerzeegt.

auto_stories

2 min

Den neien Disk vun de Schlesesche Kammersolisten fält als éischt wéinst sengem Cover op: Faarweg, spatz Dräiecker iwwert deenen am Schwaarz-Wäissen e Fligel an eng Gei stiliséiert sinn. Ee Grond fir den Disk an d'Hand ze huelen. D'Decisioun en och ze lauschteren, hëlt een da mat engem Bléck op d'Playlëscht.

Dem Schubert seng Frell

Dat éischt Wierk um Programm ass nämlech dem Franz Schubert säi weltbekannt Quintett "Die Forelle". Nodeems de Komponist säi Lied mam selwechten Titel komponéiert hat, a well e grousse Succès domadder gefeiert huet, huet hien d'Melodie fir e Quintett genotzt. Allerdéngs kee gewéinlecht Quintett mat engem Sträichquartett plus Piano. Hien huet et nieft dem Piano fir Gei, Braatsch, Cello an Kontrabass geschriwwen. Et ass eng Formatioun, déi fir sech eleng scho fir e komplette Klang suerge kéint. Ëmsou méi ass et dofir dem Pianist seng Aufgab, sech an deene richtege Momenter zeréckzezéien, wann d'Melodie an de Sträicher läit.

Eng frësch Interpretatioun

Dëst setzt de Pianist Christoph Soldan gutt ëm: Hien iwwerhëlt d'Leedung wa se kompositoresch gesi bei him läit, an hie passt sech un, wann een anert Instrument am Mëttelpunkt steet. Duerch dës permanent Opmierksamkeet geléngt et de Museker och, wéi e Ganzt opzetrieden. Si bréngen et fäerdeg, gemeinsam d'Richtung ze wiesselen, souwuel dynamesch wéi och agogesch. Dës Variatioune loossen d'Interpretatioun frësch kléngen, a féieren dozou, datt dësen Disque einfach Spaass mécht.


D'Klassik-CD vun der Woch gëtt vun zwee Memberen aus der Museksredaktioun gelauschtert. Mëttwochs géint 14:40 diskutéiere si iwwer d'Opnam. Eenzel Ausschnëtter aus dem Disk ginn déi ganz Woch iwwer am Magasinn Resonanzen gespillt.