Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Toro Y Moi - Still Sound

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Residenz an en drëtten Disk fir de Marly Marques Quintett

Zwou CD Releasen a vill Concerten am Land

Eng Residenz an en drëtten Disk fir de Marly Marques Quintett

Den drëtten Disk vum Marly Marques Quintett gëtt de 17. Mee am Kader vum Like a Jazz Machine 2019 am Kulturzenter Opderschmelz zu Diddeleng virgestallt. Si waren eis Invitéen am Studio.

auto_stories

3 min

Am Januar war d'Band als Artist in Residence an der Minettmetropole agelueden, fir während enger Woch un engem Projet ze schaffen. A wéi esou dacks ass de Produit, deen um Schluss erauskënnt anescht wéi am Ufank geduecht, wéi de Batteur a Komponist Paul Fox erkläert:

"Ech hat e puer Iddien, déi mir an de Prouwe probéiert haten, mee eis Iddi war och fir dohinner ze kommen, op d'Plaz selwer, fir e bëssen dorunner ze schaffen. Dat huet sech do och esou gemaach gehat. Esouwuel d'Gäscht wéi och d'Band, déi huet do probéiert nach aneren Input mat eranzebréngen, fir d'Stécker e bëssen anescht ze arrangéieren, an ech mengen dat ass och geschitt, an dat ass och de But vun enger Residenz."

De Marly Marques Quintett huet säin éischten Album 2014 erausbruecht an ass zanterdeem scho vill am Land, mee och am Ausland, getourt. Concerten, déi d'Band scho bis a Portugal an déi faméis Casa da Musica geféiert hunn. D'Band ass zanter dem Ufank onverännert a besteet nach ëmmer aus lauter bekannten a etabléierte Museker:

  • Marly Marques - Gesank
  • Jitz Jeitz - Saxophon & Klarinett
  • Claude Schaus - Piano
  • Laurent Peckels - Bass
  • Paul Fox - Batterie

Sea Change. E Wandel?

"Mir hunn dem CD den Titel "Sea Change" ginn, net speziell wéinst dem Lidd, mee menger Meenung no wéinst dem bildleche Sënn vun dem Hin an Hier, d'Liewen, wat enger Kéier esou geet an esou, d'Bezéiungen, déi ufänken an ophalen. An de Stécker ass also vill dat 'Vergänglecht' ze fannen, an dowéinst den Titel 'Sea Cchange'."

Esou erkläert d'Marly Marques d'Konzept vun hirem drëtten Album.

Fir dësen drëtten Album "Sea Change", huet de Marly Marques Quintett sech net gescheit e puer Kolleegen als Gaaschtmuseker fir deen een oder aneren Titel op Diddeleng anzelueden. Esou sinn um Album och ze héieren d'Claire Parsons (Gesang), Barbara Witzel (Gei), Eric Dürrer (Perkussioun) a Riaz Khabirpour (Gittar). An Och dat gehéiert zum "Wandel am Sea Change", d'Klangfaarf ze beräichere mat e puer exzeptionell Gaaschtmuseker.

Eelef Titele sinn op dësem Album ze fannen, déi e flotte Mix vun Jazz mat Incursiounen an d'World Musek wéi dem Fado proposéieren. Déi meeschten Tracks kommen aus der Fieder vum Batteur Paul Fox fir d'Musek a vu senger Schwëster d'Katy Fox fir d'Texter. Nieft deene haaptsächlech englesch gesongen Titele scheit d'Marly Marques awer och net e Clin d'oeil op hir Originnen ze werfen, mat portugisesche Lyrics op engem Teppech vun doucen Téin vum Quintett (Triste Sina).


De Marly Marques Quintett war dofir a kuerzer Zäit zweemol am Studio beim Manuel Ribeiro, eng Kéier fir iwwer hir Experienz als Artist in Residenz ze schwätzen, an eng Kéier fir hiren neien Album méi genee virzestellen.