Radioen

On air

De Weekend  |  Vampire Weekend - Mary Boone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 16 Portraite fir d'Geschicht

Zäithistoriker

16 Portraite fir d'Geschicht

D'Erzielung vum Zweete Weltkrich kann net neutral sinn. Fréier war se patriotesch gepräägt, haut éischter moralesch. E Buch versicht déi üblech Schwaarzwäissmolerei z'iwwerwannen a weist, wéi komplex d'Besatzungszäit war.

auto_stories

6 min

Den Historiker Vincent Artuso. Foto: Archiv.

D'lescht Joer ass een vun de wichtegsten an interessantste Bicher iwwer d'Besatzungszäit publizéiert ginn. "Entre chien et loup" besteet aus enger Serie vu 16 Portraiten, déi den Historiker Henri Wehenkel tëschent 2014 an 2017 fir d'Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land geschriwwen huet.

16 Schicksaler, déi en op Hand vun den Dokumenter vun der Nokrichs-Epuratioun rekonstruéiert huet. 16 Parcoursen, déi d'Komplexitéit vun enger Period illustréieren, déi zwar reegelméisseg ëmgedeit gouf, mee ëmmer am Sënn vun enger heilsamer, moralescher Erzéiung vun de Massen.

De Problem, wann een eng Period aus der Vergaangenheet an enger edifianter Erzielung aspäert, ass net nëmmen dat ee séier an d'Moralin ze verfalen dreet, mee dat de Bezuch zu den Evenementer no an no verschwënnt.

Géint de Verfall an d'Moralin

"Avec le temps, le souvenir de la résistance s'estompa, se figea", schreift de Wehenkel. "Un phénomène social multiforme [la résistance] se drapait de l'uniforme du patriotisme, se sacralisait et devenait une institution parmi les institutions, une évidence, une religion d'État. [...] La commémoration avait tué la mémoire. Les enseignants furent les premiers à le constater. Leur incapacité à renouer avec le passé n'était pas dû à la mauvaise volonté, ni à un sombre complot des ennemis de la résistance. Quelque chose ne fonctionnait plus dans la transmission."

Den Auteur, dee selwer joerzéngtelaang Geschicht am Lycée Technique du Centre enseignéiert huet, huet dowéinst versicht an den Tëscheraim vun der Geschicht luussen ze goen. An sengem Buch fënnt een en honnertprozentegen Nazi, dee sech weiderhin als Lëtzebuerger Patriot ugesinn huet, a grad esou vu senge Matbierger wéi vum Besatzer beléift war; e Liberalen, deen aus Pragmatismus an Antikommunismus kollaboréiert huet; Gewerkschaftler, déi dat selwecht gemaach hu fir d'sozial Errongenschaften ze retten, déi d'Aarbechterbeweegung an der leschter Generatioun eruewert hat.

An da ginn et och déi Fäll, déi beweisen, datt d'Polariséierung tëschent Resistenz a Kollaboratioun net duergeet, fir d'Period z'erfaassen. Hei Zwee Beispiller.

En iwwerzeegten Anti-Nazi

De Jean Schmit, Joergang 1901, hat op den Technischen Hochschulen Berlin a Darmstadt studéiert. 1925 gouf hie vun der däitscher Firma AEG agestallt, wou hie séier Carrière als "Direktionsassistent" a "Revisionsbeamter" gemaach huet. De berufflechen Opstig gouf awer abrupt vum Hitler senger Muechtergräifung gestoppt. De Schmit, deen e Fräimaurer, e Pazifist an en iwwerzeegten Anti-Nazi war, huet missten Däitschland verloossen.

Wou hien op Lëtzebuerg zeréckkoum, gouf hie vun der SOLPEE, der lokaler Filial vun der AEG, agestallt. Hien hat zwar versprach, e géif sech aus der Politik eraushalen, mee de 24. August 1933 huet hien am Tageblatt en Artikel publizéiert, an deem en d'Lag an Däitschland ugeprangert huet:

"Halten Sie es für möglich, dass in unserem Jahrhundert und in dem Lande, das stolz ist auf seine Kultur, Menschen mit Wissen der legalen Behörden buchstäblich zu Tode gefoltert werden? [...] Dass die Nationalsozialisten tatsächlich den Reichstag angezündet haben um die Opposition abzuwürgen, d.h. um die Einkerkerung, Misshandlung von Tausenden, die rechtlose Hinrichtung von Unzähligen legalisieren zu können?"

Am Joer 1938, wou d'Situatioun vun de Judden an Däitschland an an Éisträich ëmmer méi onhaltbar gouf, huet de Schmit e Fluchtwee op Lëtzebuerg organiséiert. En huet bal Honnert Leit d'Liewen gerett.

Rutsch an d'Kollaboratioun

Zum Zäitpunkt vun der däitscher Invasioun ass hien ze Lëtzebuerg bliwwen. E wollt seng Flüchtlingen net am Stach loossen. Natierlech war en duerch seng Aktivitéiten am Radar vun der Gestapo. Am éischte Besatzungsjoer gouf hie méi wéi 30 Mol verhéiert.

Fir z'iwwerliewen huet hie keen aneren Auswee fonnt, wéi d'Versöhnung mat sengem laang veruechte Monni: dem Damian Kratzenberg, Chef vun der Volksdeutsche Bewegung. Den Anti-Nazi Schmit ass sou an eng Dynamik eragerutscht, déi hie schlussendlech dozou gefouert huet, sech fräiwëlleg an d'Wehrmacht ze mellen. De Wehenkel schléisst de Portrait esou of:

"Schmit fut arrêté en septembre 1945 et jugé en mars 1947. Il ne nia rien et assuma tout. Il était de toute façon trop tard pour changer d'avis, trop tôt pour comprendre. Il rejoignit le royaume des ombres de ceux dont le nom ne fut plus prononcé, effacé à tout jamais de la mémoire des hommes."

Portrait vun engem Geschäftsmann

Am Géigesaz zum Schmit, ass de Léon Laval gutt, souguer ganz gutt, ewechkomm. De Verglach ass ëmsou méi grausam, wann ee bedenkt, datt déi zwee aus dem selwechte Milieu koumen. Hei ass dem Wehenkel seng Beschreiwung:

"Léon Laval était connu comme un homme dur en affaires, un homme prêt à tout pour atteindre ses buts, un homme qui même en temps de paix faisait toujours la guerre. Laval était avare en paroles, il ne laissa pas de mémoires, ne signa pas d'articles et fit peu de discours. Un homme d'affaires ne parle pas."

De Laval, deen ëmmerhi schonn op e beträchtlecht Familljeverméigen ziele konnt, hat an der Tëschekrichszäit vill Succès am internationale Rohstoffhandel gehat. Seng Hochzäit mat der Ierwin vun der Société des Accumulateurs Tudor huet him och d'Hoffnung erlaabt, dës multinational Firma iergendwann z'iwwerhuelen. Mee den däitsche Konzern AFA war och interesséiert, an d'erfollegräich Militärcampagne vun der Wehrmacht,am Summer 1940, huet zu senge Gonschte gespillt.

Entstehung vun engem Nokrichs-Held

De Laval war awer e Mann voller Ressourcen. Dank senge Relatiounen an der däitscher Stolindustrie konnt hie seng Kontroll iwwer d'Tudor sécheren - zäitweileg. Am Mee 1941 gouf hien nämlech vun der Gestapo verhaft. De Präis vu senger Befreiung war de Verkaf vu sengem Undeel un der Tudor.

Hien huet du versicht Zäit, souwéi nei Alliéierter, ze gewannen. Schlussendlech ass him déi däitsch Verwaltung ze Lëtzebuerg zu Hëllef komm. Dem Gauleiter senge Gehilfen ass et dorëms gaangen eng wichteg Firma am Gau Moselland ze behalen. Et war onerhéiert en tüchtegen, däitschen Industrielle wéi de Leo Laval enteegnen ze wëllen, hu si argumentéiert.

De Laval konnt säi Besëtz retten. An no der Befreiung, hunn him déi zwee Joer, déi hien an däitscher Gefaangenschaft verbruecht hat, och nach d'Aura vum Resistenzler ginn. Et kann haut behaapt ginn, dat mir net all Helde waren, nom Krich gouf hien awer als solchen ugesinn.

Jenseits von Gut und Böse

War dat gerecht? Et ass eigentlech egal. Dem Laval seng Krichslaufbahn war net onmoralesch, mee amoralesch. Se gouf vu sengem Temperament, sengen Interessen, senge Capacitéiten, an engem wiesselhafte Kontext, diktéiert. En huet sech weder wéi en treie Lëtzebuerger, nach wéi e volksbewossten Nationalsozialist beholl, war kee Resistenzler, mee och kee Kollaborateur. Kee Gudden a kee Béisen.

De gréissten Deel vun den Elitten - de Staatsapparat, d'Justiz, d'ARBED, d'Kierch, etc. -, hunn de Krich och esou iwwerstanen. Et ass awer komplizéiert, dat an engem System z'akzeptéieren, an deem sozial Iwwerleeënheet anscheinend op Merite a Beispillhaftegkeet berout.