Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher & Maxime Delpierre - Drips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 1917 - D'Joer, dat d'Welt verännert huet

E Stéck Geschicht

1917 - D'Joer, dat d'Welt verännert huet

Déi Russesch Revolutioun hat Repercussiounen, déi wäit iwwer d'Grenzen erausgaange sinn. Och zu Lëtzebuerg waren d'Auswierkungen ze spieren: Sief et an den Hoffnunge vun den Aarbechterbeweegung oder am Changement vun de sozio-politesche Verhältnesser am Grand-Duché. De radio 100,7 geet zesumme mat der Wochenzeitung woxx der Fro no, wat déi Russesch Revolutioun konkret fir Europa a besonnesch Lëtzebuerg bedeit huet.

auto_stories

6 min

1917

Déi Russesch Revolutioun gëtt als en Zeeche fir d'Enn vum Aarmut an der Ausbeutung gesinn - an dat wäit iwwer déi lénk Kreesser eraus. De Riets-Deputéierte Pierre Dupong sot zum Beispill de 24. Abrëll 1917 op der Chambertribün, datt Russland um Kapitalismus an der Ënnerdréckung vum Vollek gescheitert wier. An datt d'Demokratie fir de Verfall vum Kapitalismus responsabel wier. "Ech hoffen, datt d'Aarbechterbeweegung zu Lëtzebuerg et och packt, fir dem Kapitalismus hei am Land en Enn ze setzen", esou dem Deputéierte seng Wieder.

Déi russesch Revolutioun war also keen isoléiert Evenement, mee eent, wat wäit iwwer d'Landesgrenzen eraus en Impakt hat. Si war den Ausléiser vun enger Beweegung, déi och zu Lëtzebuerg net kal gelooss huet.

Mee wat huet d'Revolutioun konkret fir Lëtzebuerg bedeit? Där Fro geet ënnert aneren d'Historikerin Renée Wagener no.

D'Renée Wagener am Gespréich

Dir hutt Iech zimlech vill virgeholl, fir de Centenaire vun der russescher Revolutioun opzeschaffen. Firwat maacht Dir dat an deem Ëmfang?

R.W.: 1917 war een zimlech kruzialen Zäitpunkt an der europäescher Geschicht an an der Weltgeschicht. Do war net nëmmen an engem Land eng Revolutioun, mee et huet sech eng Alternativ zum Kapitalismus duerchgesat. Dat war déi éischte Kéier an der Geschicht, datt dat an där Envergure geschitt ass. Och fir Lëtzebuerg war dat wichteg, well et fir all d'Aarbechterinnen an d'Aarbechter eng grouss Hoffnung war. Virum Éischte Weltkrich waren déi allermeescht der Iwwerzeegung, datt de parlamentaresche System net onbedéngt d'Léisung vun hire soziale Problemer wier, mee datt eng Revolutioun misst kommen an dee System misst ofgeschaaft ginn. Och d'Sozialdemokratie huet sech dee Moment gespléckt. Engersäits gouf et eng sozialistesch Partei, an anerersäits ass doraus eng kommunistesch Beweegung erausgaangen.

Wou fänkt een u mat recherchéieren, wann een als Historikerin esou ee grousse Projet ugeet? A wéi gutt ass déi Zäit dokumentéiert?

R.W.: Et ass bësse widderspréchlech: Op där enger Säit gëtt et, och zu Lëtzebuerg, scho ganz vill Recherche iwwer d'Gewerkschafts- an Aarbechterbeweegung. Op där anerer Säit ginn et awer am Nationalarchiv ganz vill Dokumenter, déi nach guer net richteg opgeschafft gi sinn. Als Historikerin ass dat natierlech eng Erausfuerderung, fir nach eng Kéier zréckkucken ze goen, an ze kucken, wat alles am Detail geschitt ass. An da fannen ech et och spannend, eng Rei vu Fachleit zu Wuert kommen ze loossen, déi och matenaner diskutéieren. Dëst fir d'Thema net op eng sozialistesch Revolutioun, déi an Osteuropa stattfonnt huet, ze beschränken. Mee fir den Impakt ze weisen, deen d'Revolutioun gesellschaftlech hat, och a Westeuropa an zu Lëtzebuerg.

Dat heescht, duerch déi Serie vun Emissiounen an Artikele kéint d'Recherche ugedriwwe ginn?

R.W.: Bei Theme wéi Revolutiounen, gëtt et um Enn ni eng eenzeg Wourecht. Sou grouss Evenementer ginn ëmmer erëm nei interpretéiert. Zu Lëtzebuerg hat een d'Gefill, datt et no de 1970er an 1980er Joren e bësse méi roueg ginn ass ëm d’Recherche iwwer d'Aarbechter- a Gewerkschaftbeweegung. An elo kënnt dat e bëssen zréck. Et koum awer och zréck zu engem Moment, wou d'Mauer gefall ass. Wou de Bléck op déi Zäit e komplett anere war. Dat mécht et natierlech ëmsou méi spannend.

Ass den 100. Anniversaire och e gudde Moment, fir d'Iddi vum Kommunismus nach eng Kéier z'analyséieren

R.W.: D'Fro stellt sech ëmmer erëm nei, och haut an der Kris vun Europa: Reform oder Revolutioun? Déi Fro huet de Sozialismus schonn am 19. Joerhonnert begleet. Et wäert interessant sinn ze kucken, wéi een haut mat där Fro ëmgeet. Wéi positionéiere sech zum Beispill Parteien dozou, oder déi Fachleit aus der Geschichtsschreiwung, déi vläicht Parteie méi no stinn? Ech denken, datt déi Fro nach ëmmer ganz aktuell ass.


De radio 100,7 huet zesumme mat der Wochenzeitung woxx iwwert déi nächst Méint eng Rei Evenementer geplangt: Gemeinsam gëtt der Fro nogaangen, wat den Impakt vun der russescher Revolutioun op de Grand-Duché war.

Um Programm stinn eng ganz Rei Evenementer, zum Beispill:

  • Zwee Ronndëschgespréicher iwwer d'Bedeitung vun der Russescher Revolutioun deemools an haut.
  • D'Emissioun Land, Brout, Fridden, an där Fachleit verschidde Sujeten, wéi den éischte Massestreik an de Schmelzen oder d'Ufäng vun enger pazifistescher Beweegung beliichten.
  • D'Chronik Virun 100 Joer, an där et ëm den Oflaf vun der Revolutioun a Russland an hir Suite fir Lëtzebuerg geet.

Programm

Den Ufank vum Ëmbroch: D'Februar-Revolutioun

Wéi waren d'Reaktiounen zu Lëtzebuerg op déi éischt Signaler vun der Russescher Revolutioun?

18.3. um 11:40: Virun 100 Joer - D'Februar-Revolutioun an der Lëtzebuerger Press

19.3. um 19:30: Land, Brout, Fridden - D'"Weltrevolutioun": Eng Hoffnung fir d'Lëtzebuerger Aarbechterschaft?


Faszinatioun Kommunismus

D'Russesch Revolutioun als Zeeche fir eng nei Weltuerdnung?

24.4. um 19:00: Ëffentlech Table ronde - Land, Brout, Fridden? D'Bedeitung vun der Revolutioun fir Lëtzebuerg

29.4. um 10:04: Virun 100 Joer - Dobäi gewiescht: Lëtzebuerger a Russland

1.5. um 10:04: Land, Brout, Fridden - Radio-Diffusioun vun der Table-Ronde "Land, Brout, Fridden? D'Bedeitung vun der Revolutioun fir Lëtzebuerg"


Kommunismus: Eng Alternativ zur Sozialdemokratie?

Reform oder Revolutioun - eng Fro och fir déi Lëtzebuerger Sozialistesch Partei

20.5 um 11:40: Virun 100 Joer - Ufank vum westleche Kommunismus: D'Grënnung vun der USPD an Däitschland

21.5 um 19:30 : Land, Brout, Fridden - Wat huet d'Opkomme vum Kommunismus fir d'Sozialdemokratie bedeit?


Géint d'Exploitatioun: Déi nei Roll vun der Gewerkschaftsbeweegung

"Alle Räder stehen still" - Bras de fer tëscht de Stol-Patronen an der Aarbechterschaft

17.6. um 11:40: Virun 100 Joer - Éischte Massestreik zu Lëtzebuerg

18.6. um 19:30: Land, Brout, Fridden - Groussindustrie vs. Syndikalismus


D'Stonn vum Pazifismus

Déi revolutionär Beweegung: Och e Kampf fir en Enn vum Krich

15.7. um 11:40: Virun 100 Joer - D'Friddensresolutioun am Däitsche Parlament

16.7. um 19:30: Land, Brout, Fridden - Lëtzebuerg an d'Entstoe vun der internationaler Friddensbeweegung


Herrschaft vum Vollek - awer wéi?

Ofschafe vum Parlamentarismus vs. Aféiere vum allgemenge Wahlrecht

21.10. um 11:40: Virun 100 Joer - "Räte-System" oder klassesch Demokratie?

22.10. um 19:30: Land, Brout, Fridden - Ënnert dem Drock vun der Revolutioun? Den Ufank vun de parlamentareschen Aarbechte fir déi Lëtzebuerger Verfassungsreform


Déi "Grouss Sozialistesch Oktober-Revolutioun"

D'Revolutioun vun 1917 an hir Bewandnis fir d'Politik vun haut

13.11. um 19:00: Ëffentlech Table ronde - Reform vs. Revolutioun: D'politesch Parteien haut an d'Ierfschaft vun 1917

18.11. um 11:40: Virun 100 Joer - Victoire vum Kommunismus?

19.11. um 10:04: Land, Brout, Fridden - Radio-Diffusioun vun der Table ronde "Reform vs. Revolutioun: D'politesch Parteien haut an d'Ierfschaft vun 1917


E Sozialismus ouni Grenzen?

D'Revolutioun als nationalen oder internationale Projet?

16.12. 11:40: Virun 100 Joer - D'Selbstbestëmmungsrecht vun de Vëlker: E Stréihallem fir Lëtzebuerg?

17.12. 19:30: Land, Brout, Fridden - Nationalismus, Internationalismus an déi Lëtzebuerger Gauche


De ganze Programm gëtt vun der Wochenzeitung woxx an hirer Print- an Online-Versioun couvréiert.