Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 30 Joer laang Noutstand

Zäithistoriker

30 Joer laang Noutstand

Virun honnert Joer gouf d'allgemengt Wahlrecht ageféiert. Dat war e wichtegen, demokratesche Virstouss. Zum selwechten Zäitpunkt goufen awer déi wichtegst Froen ausserhalb vum parlamentaresche Kader gereegelt.

auto_stories

5 min

De Vincent Artuso ass Historiker. Foto: Archiv

D'Weltkricher, den Éischten an deen Zweeten, waren de Katalysator vum moderne Lëtzebuerg. Während dëser drëssegjäreger Period gouf d'Land mat Erausfuerderunge konfrontéiert, déi d'Exekutivgewalt schlussendlech duerch eng Serie vun Noutstandsgesetzer bewältegt huet.

D'Ännerung vum internationale Status vum Land, d'Interventioun vum Staat an d'Ekonomie, d'Verschäerfung vun der Immigratiounspolitik, den Opbau vum Sozialstaat, d'Nokrichs-Epuratioun: all déi Froe goufen ouni Matwierkung vun der Chamber gereegelt. En Ofrutschen an d'Diktatur wier méiglech gewiescht.

Déi éischt "diktatorial Muechten"

Am August 1914 gouf Lëtzebuerg vun däitschen Truppe besat. Wéinst der Blockad, déi d'Alliéiert Däitschland imposéiert haten, gouf et séier extrem komplizéiert déi néideg Nahrungsmëttel ze importéieren. D'Präsenz vun 4.000 bis 5.000 Zaldoten, déi jo och hongereg waren, an dann och nach schlecht Recolten, hunn d'Situatioun weider verschlëmmert. Vum Summer 1915 u sinn d'Präisser horrend an d'Luucht gaangen. An e puer Méint hu sech déi fir Weess a Grompere verduebelt; déi fir Bounen, Ierbessen a Lënse verdräifacht. Fleesch, Schmalz an Eeër sinn op eemol Luxusprodukter ginn.

An dëser Situatioun vun akuter Nout huet d'Regierung hiren traditionelle "Laisser-faire" an ekonomesche Froen opginn. Duerch d'Gesetz vum 15. Mäerz 1915 "welches der Regierung die nötige Befugnis erteilt zur Wahrung der wirtschaftlichen Interessen des Landes während des Krieges", huet d'Chamber se ermächtegt, iwwer Arrêté grand-ducallen, dat heescht iwwer eesäiteg, administrativ Decisiounen, Moossnamen ze ergräifen. Dat huet hir zum Beispill erlaabt, Recolten ze beschlagnamen, Héchstpräisser festzesetzen an Nahrungsmëttel ze rationéieren.

D'Gesetz, wéi d'Benennung schonn drop hiweist, war op d'Dauer vum Krich limitéiert. D'Exekutivmuecht huet dat praktescht Hëllefsmëttel awer nach laang Zäit dono benotzt. Eng breet Interpretatioun vun de wirtschaftlechen Interessen huet hir d'Méiglechkeet ginn a verschiddenen, sensibele Beräicher ouni parlamentaresch Debaten a Votte vun der Chamber Decisiounen ze huelen. An der Tëschekrichszäit gouf d'gesamt Awanderungspolitik unhand vum Gesetz vum 15. Mee 1915 ausgeschafft.

Am Schiet vum Maulkuerfgesetz

D'Oppositioun huet zwar vun "diktatoriale Muechte" geschwat, mee näischt Seriöes géint d'Gesetz ënnerholl. Dat huet sech eréischt an den 1930er Jore geännert, am Kontext vun der ekonomescher, politescher an identitärer Kris. A ganz Europa goufe fragil Demokratien duerch autoritär Regimmer ersat. An Éisträich hunn d'Christlichsoziale hir sozialdemokratesch Rivalen ausgeschalt an en autoritären, korporatisteschen an ultra-kathoulesche Staat opgebaut.

D'Lëtzebuerger Sozialisten hunn de Premierminister Joseph Bech a seng Rietspartei verdächtegt, ähnlech Pläng ze hunn. Si woussten, datt de Bundeskanzler Dollfuss de Parlamentarismus ofschafe konnt, well d'"kriegswirtschaftliches Ermächtigungsgesetz" him déi néideg Pouvoire ginn hat. Dat Gesetz vun 1917 war den éisträichesche Pendant vum Gesetz vum 15. Mee 1915. Enn Januar 1934 huet d'Aarbechterpartei seng Abrogatioun reklaméiert. D'Decisioun koum awer net vun der Chamber, mee vum Tribunal correctionnel vu Lëtzebuerg. Am Oktober 1934 huet deen estiméiert, datt d'Gesetz, 16 Joer nom Enn vum Krich, keng Gültegkeet méi hätt.

Dëse Réckschlag fir d'Regierung huet eng ganz wichteg Roll am Historique vum Maulkuerfgesetz gespillt. Der Exekutivmuecht déi verluere Vollmuechten zeréckzegi war ee vun den Haaptenjeue vun hirer éischter Versioun "En résumé", schreift den Denis Scuto, "Joseph Bech fait rédiger [...] une première version d'une loi qui vise à donner une base légale nouvelle à une loi de pouvoirs spéciaux datant de la Première Guerre mondiale. Ce projet de loi étend le domaine d'application à la défense de l'ordre public au sens large et permet de court-circuiter tant le pouvoir législatif que le pouvoir judiciaire, avec tous les dangers de dérives autoritaires".

D'Vollmuechtsgesetzer

Deen Deel vum Projet gouf schlussendlech vum Rescht vum Text ofgetrennt. A während d'Maulkuerfgesetz Debate provozéiert huet, déi d'Lëtzebuerger Demokratie getest hunn, gouf d'Vollmuechtsgesetz vum 10. Mee 1935, wéi niewebäi, vun der Chamber gestëmmt. Et ass dat Gesetz, dat dem Bech am sozial brenzleche Joer 1936 erlaabt huet, iwwer Arrêté grand-ducalen, wäitleefeg Reformen ze imposéieren. Op dësem Wee goufen de Conseil National du Travail gegrënnt, den Index instauréiert, de Mindestloun ageféiert an d'Léin erhéicht.

Den Text vun 1935 konnt zimlech large gedeit ginn. Vun deem Moment u wou d'Perspektiv vun engem europäesche Krich ëmmer méi gräifbar gouf, ass en der Exekutiv-Muecht awer ze restriktiv virkomm. D'Regierung Dupong-Krier, déi grad duerch de Refus vum Maulkuerfgesetz entstane war, huet 1938 un engem Vollmuechtsgesetz geschafft. Dës "Loi portant extension du pouvoir exécutif" gouf den 28. September, an enger Atmosphär vun nationaler Unioun, vun enger unanimmer Chamber gestëmmt.

D'Vollmuechtsgesetz vun 1938 war besonnesch vag formuléiert an hat e libertizide Potenzial, deen dee vum Maulkuerfgesetz wäit iwwertraff huet. D'Regierung konnt elo, ouni Interventioun vun der Chamber, Decisiounen op all Gebitt treffen. D'Wahle goufe verréckelt. Déi Vollmuechte ware bis Enn 1939 gülteg. Den 28. August 1939 goufe se awer, duerch en neit Gesetz, "jusqu'à disposition contraire" verlängert. Opgrond vun deene Vollmuechte goufe verschidde vun de schicksalhaftesten Decisiounen an der rezenter Lëtzebuerger Geschicht geholl.

Verwaltungskommissioun an Exilregierung

D'Regierung Dupong-Krier, déi den Dag vun der Invasioun d'Land verlooss huet, huet se aacht Joer laang gehalen. D'Verwaltungskommissioun, also d'de-facto Regierung, déi d'Exilregierung sollt ersetzen, huet se bis zu hirer Opléisung, am Dezember 1940, ausgeüübt. Et war d'Basis vun hirer Muecht. D'Verwaltungskommissioun, déi fir d'Collaboratioun mat Nazi-Däitschland optéiert hat, hätt also ouni Problem en autoritäre Regime opbaue kënnen. Et koum just net dozou, well déi Däitsch et net zougelooss hunn. Et sinn awer ëmmerhin déi Pouvoiren, déi hir Bedeelegung un der antisemitesche Politik vum Besatzer erméiglecht hunn.

D'Exilregierung huet och all hir Decisiounen opgrond vun de Vollmuechte vun 1938-39 geholl. D'Decisiounen, d'Neutralitéit opzeginn, den obligatoresche Militärdéngscht anzeféieren, als Grënnungsmember dem Benelux bäizetrieden, goufen duerch Arrêté grand-ducalle geholl. Weider Arrêtéen hunn d'Epuratioun, d'Rekonstruktioun, den Opbau vum Sozialstaat organiséiert.

D'Regierung huet seng Vollmuechte weder nom Enn vum Krich, nach no den éischten Nokrichs-Wahlen, den 21. Oktober 1945, opginn, mee eréischt véier Méint méi spéit. De 27. Februar 1946 huet d'Chamber d'"Loi concernant l'abrogation des lois de compétence de 1938 et 1939 et l'octroi de nouveaux pouvoirs spéciaux au Gouvernement" gestëmmt. Den Titel verréit schonn, datt d'Regierung verschidde speziell Pouvoire bäibehalen huet. Mee déi ware ganz bescheiden, verglach mat deenen, déi se während de vergaangene Joerzéngten ausgeüübt hat. En normaalt, parlamentarescht Liewe konnt erëm ufänken. D'Noutstandssituatioun war eriwwer. Se hat drësseg Joer gedauert.