Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Can - I Want More

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A wéi enger Gesellschaft wëlle mer liewen?

Digitaliséierung

A wéi enger Gesellschaft wëlle mer liewen?

D'Zukunft ass oppen, well kee ka wësse wéi eis Gesellschaft an zéng oder 20 Joer wäert ausgesinn. Déi drëtt Revolutioun ass am gaangen a si gëtt ëmmer méi präsent. Wéi wëlle mir an Zukunft liewen a wéi eng Konsequenzen huet d'Automatiséierung op d'Liewe vun de Mënschen?

auto_stories

3 min

Ech hu mech an de leschte Woche vill mat der aktueller digitaler Revolutioun beschäftegt. Däitschland huet en deckt Wäissbuch iwwer déi digital Revolutioun ënnert dem Thema "Arbeiten 4.0" ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg geet iwwer d'"Stratégie pour la troisième révolution industrielle" Rieds. Et ass eng Zesummenaarbecht tëscht dem US-amerikaneschen Economist Jeremy Rifkin an dem Lëtzebuerger Wirtschaftsministère.

Aktuell lafen och éischt Konferenzen an Initiativen, fir an der Gesellschaft e Bewosstsinn ze schafen. Et gëtt doriwwer opgekläert, wat an den nächste Joren a Joerzéngten mat enger immenser Vitesse op eis duerkënnt. Ob berufflech oder privat, dës Changementer wäerten all Beräicher vum Liewe betreffen. Ech erspueren iech op dëser Plaz d'Statistiken, wéi vill konventionell Aarbechtsplazen an den nächste Jore riskéieren ewech ze falen. Mir geet et haut an hei ëm eppes anescht.

Eent vir ewech: Et hëlleft näischt ze jéimeren, datt fréier alles besser war, vill méi iwwersiichtlech, vill méi lues. De Mënsch huet sech nun emol zum Zil gesat d'Technologien ëmmer méi ze perfektionéieren. All eis Energie geet a Richtung Automatiséierung. Dëst geschitt einfach esou, ouni datt mer eis kollektiv froen, wat dat fir Konsequenzen huet.

Der digitaler Revolutioun ausgesat

Aktuell schaffen zum Beispill Computer-Nerds u konkrete Projeten, déi de Mënsch iwwerflësseg maachen. Dat net nëmmen am Silicon Valley. Déi digital Revolutioun kënnt also, ob mir wëllen oder net. Dat gëtt eis zumindest esou agetriichtert. Wann dann ee sech traut ze froen, wat dat Ganzt soll oder wou et hiféiere soll, da kritt een nëmme matleedeg Blécker zougeworf. Nom Motto: "Du hues awer och iwwerhaapt näischt verstanen!"

Dat Ganzt schéngt also eng Fatalitéit ze sinn, géint déi en sech als Eenzele vläicht e bësse wiere kann. Ma mir all zesummen, weltwäit a kollektiv sinn dem Sujet ausgesat. Konsequenz schéngt ze sinn, datt mir ëmmer méi an d'Richtung ginn, eis selwer ofzeschafen oder zumindest gréisstendeels iwwerflësseg ze maachen.

Ech selwer sinn och ferme digital ënnerwee an ech fannen et deels fantastesch, wat déi nei Technologien eis all zesumme fir nei Méiglechkeet bidden. Mir geet et also net dorëms, Oppositioun géint déi aktuell Entwécklung ze maachen. Mä sorry: E Mënsch ass net nëmmen Technologie. Digital Produiten a Gadgete maachen doriwwer eraus eng Welt méiglech, an där een alles a vu jiddereen kontrolléiert ka ginn.

Briechen eis Gesellschaften auserneen?

Fir mech stellt sech an dësem Kontext d'Fro: Wat fir eng Gesellschaft wëlle mir eigentlech? Wat wëlle mir Mënschen eigentlech zesummen? Firwat geet eis Energie net komplementar och a Richtung vun der Léisung vun dëse Froen? Wann ech mer dës Froe perséinlech stellen a virun allem kucken, wien dëst a mengem Alldag nach interesséiert, fillen ech mech dacks eleng. Dobäi ass mäin Ëmfeld wahrscheinlech genau esou perplex, ewéi ech.

Et hëlleft awer näischt dëse Froen aus dem Wee ze goen. D'Ignoranz vun dëse grondleeënde Froen, virun allem am politesche Kontext, féiert elo schonn zu Problemer, déi riskéieren, datt eis Gesellschaften ausernee briechen.