Den zweeten August ass dee globalen "Overshoot Day": Vun dësem Dag u verbraucht d'Mënschheet méi Ressourcen, wéi d'Natur bannent dësem Joer ka regeneréieren.
Fir datt de Ressourcë-Verbrauch nohalteg wier, bräicht een dëst Joer am Fong 1,7 Planéiten. Dat geet aus enger Statistik vum "Global Footprint Network" ervir. Dëse Reseau analyséiert all Joers déi national an international Statistiken iwwer de Verbrauch vun natierleche Ressourcen, d'Produktioun vun Offall, an d'Emissioun vun Zäregasen.
Nach ni war den natierleche Ressourcë-Budget sou fréi am Joer scho verbraucht, heescht et. Den ekologesche Foussofdrock vun der Mënschheet ass an de leschte Joerzéngte stänneg eropgaangen. Zënter 2011 klëmmt dësen Indicateur awer manner séier.
De Foussofdrock vu Lëtzebuerg
Räich Länner hunn ee besonnesch groussen ekologesche Foussofdrock, erkläert den Dietmar Mirkes vun der ASTM (Action Solidarité Tiers Monde). "Bei Lëtzebuerg ass et sou, datt mir aacht Welte verbrauchen. Eisen ekologesche Foussofdrock ass nach vill méi grouss."
Lëtzebuerg géif zum Beispill véier an en hallef mol sou vill Ressourceë wéi den Duerchschnëtt vun der Welt verbrauchen. D'Emissioune vun Zäregasen wiere véier mol sou héich, wéi am Rescht vun der Welt. "Mir brauchen ongeféier 3/4 mol méi Land, wéi mir selwer hunn, fir dat ze produzéieren, wat mir iessen."