Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ All Form vu Glécksspill kann ofhängeg maachen

Glécksspiller a Sucht

All Form vu Glécksspill kann ofhängeg maachen

2.500 bis 3.000 Leit sinn hei am Land süchteg no Glécksspiller, schätzt den Dr. Andreas König, Psychotherapeut beim Berodungsservice "ausgespillt". Et kéint ee vun all Form vu Glécksspill ofhängeg ginn. D'Christine Lejeune, Presidentin vun der asbl "Anonym Glécksspiller", hofft op méi politeschen Engagement fir dës Problematik.

auto_stories

2 min

An de Programmer fir d'Chamberwahlen, déi de Moment virleien, steet just an deem vun deene Gréngen eppes iwwer Spill- a Mediesucht. Rieds geet do z.B. vun Internet-Poker an Handy-Sucht. Therapieoffere solle verbessert ginn, verspriechen Déi Gréng.

Méi finanziell Mëttel

Politiker solle sech trauen dëst Thema méi unzeschwätzen, a méi finanziell Mëttel fir d'Behandlung fräi ze ginn, fuerdert d'Christine Lejeune, d'Presidentin vun der asbl. "Anonym Glécksspiller". Doduerch, datt Computer-Spillsucht elo international unerkannt ass, wier et extrem wichteg, datt ee vum Gesondheetsministère op d'mannst ee Poste finanzéiert kritt, seet si.

D'asbl kéint bei all hiren Aktivitéite méi finanziell Moyene gebrauchen. Computer-Spillsucht ass zanter dem Juni dëst Joer vun der Weltgesondheetsorganisatioun als Krankheet unerkannt.

Am Prinzip kéint all Form vu Glécksspill ofhängeg maachen, erkläert de Chargé de direction vun "ausgespillt", den Dokter Andreas König:

"Man findet bei Betroffenen auch einen relativ bunten Mix. Aber die Zahlen zeigen relativ klar, dass Automaten mit einer schnellen Spielabfolge ein besonderes Risiko haben, also die typischen Automaten in den Cafés und auch das kleine Spiel in den Kasinos, und dann besonders Online-Poker und Online-Sportwetten, die bei jungen Leuten zunehmend beliebt werden, die haben ein besonders hohes Risiko."

Sou séier wéi méiglech Hëllef sichen

Eltere vu Kanner, déi riskéiere spillsüchteg oder internetsüchteg ze ginn, solle sou fréi wéi méiglech professionell Hëllef sichen, recommandéiert den Andreas König. D'Hëllef beim Service "ausgespillt" ass gratis. D'asbl këmmert sech ënner anerem ëm Berodung fir Partner a Familljen, bitt spezifesch Erzéiungsberodung un, an ass Uspriechpartner fir Schoulmeeschter a Jugendhaiser.

De Moment géife knapp 40 Leit vum Service "ausgespillt" betreit ginn. A méi schwierege Fäll géif ee Clienten och u Kliniken am Ausland vermëttelen. D'asbl. "Anonym Glécksspiller", déi et zanter 15 Joer gëtt, finanzéiert hir Aktivitéiten an hir Projeten de Moment mat Sue vum Gesondheets- a vum Educatiounsministère, grad wéi vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte.