Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - A Lens Turning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alles wéi geleckt?

Ofschlossexamen

Alles wéi geleckt?

Momentan schweessen d'Schüler op den Ofschlossexamen – datt se dobäi och nach lecke mussen! Dozou en Denkustouss.

auto_stories

4 min

Jean-Luc Thill

Denkt een u Begrëffer, déi net grad frëndlech oder positiv konnotéiert sinn, da gehéiert “Lecken” sécherlech dozou, a klengt net fir näischt oft haart a vulgär. Dat ass vläicht net schéin ze héieren, gehéiert awer zum Liewen: et ass ëmmer schonns geleckt ginn. Vum Wonnelecken aus antiseptesche Grënn iwwert dat blannt verléifte Lecken hannert dem Schoulhaff, bis op d'Schaff, wou et wichteg ass, datt och d’Carrière wéi geleckt leeft, an dat bis an déi héchst politesch Kreeser. Dobäi kënnt et dacks zu Niewewierkungen op déi ee gutt oppasse muss: onnéidegt Geschmiers.

An der Schoul kënnen d'Schüler sech dës an d'nächst Woch am Lecken üben - allzäit déi, déi am 1ère - oder 13e Exame sinn. Laang virun der Reform huet Politik schonns un der Qualitéit vun der Bildungsoffer geschafft an déi eng oder aner Innovatioun agefouert. Eng dovunner war d'Anonymiséiere vun den Ofschlossexamen. Do wou fréier den Numm a Virnumm stoung, gëtt elo no enger Nummer gefrot. Mam Problem, deen esou Nummeren ëmmer hunn: et huet een sech schnell verschriwwen, vertippt oder se einfach vergiess. Wat bei Kreditkaarten a Passwierder mat engem Telefon bei der Bank oder der Informatik ka gekläert ginn, ass am Fall vun engem Ofschlossexamen net esou einfach.

Examenskopië lecken

A fir op all déi Eventualitéite virbereet ze sinn, gouf um staatlechen Examenspabeier eng Sécherheet agebaut. An zwar den Eck riets uewen um éischte Blat vun all Farde. Dësen Eck besteet aus Pabeier, deen net duerchliicht ka ginn an huet zwou Sträife Pech, déi mer all vun Enveloppen an Timberen a gudder Erënnerung hunn. Fir Kopien also erëm anonym ze maache kënnt een net derlaanscht dës Sträif ze befiichten, wat gemengerhand duerch Lecke geschitt. Déi mécht Schüler liwweren esou fräiwëlleg eng DNA-Prouf of a deen oder aner Enseignant stellt sech heiansdo d'Fro, ob eng bakteriell Infektioun esou net de Wee duerch d'Land ka maachen – souzesoen staatlech organiséiert. Wie sech ze Schued ass fir ze lecken oder fäert, déi DNA-Prouf kéint al Läichen aus dem Keller huelen, kritt vun der Schoul Pech – also op Nei-Lëtzebuergesch e Pritt - zur Verfügung gestallt.

Frot der also am Frëndeskrees no, ob am Examen alles wéi geleckt leeft, dann erféiert net wann der eppes vun Lecken a Peche vu Blieder erzielt kritt an eréischt beim zweete Versuch eng Äntwert op déi Fro kritt, déi der stelle wollt. Nämlech op den Exame gutt leeft, also wéi geleckt - mat oder ouni Pech, an Haaptsaach ouni Päsch.