Radioen

On air

Notturno  |  Allegra Krieger - Nothing In This World Ever Stays Still

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amazon Go: E Buttek fir d'Zukunft

Wirtschaftschronik

Amazon Go: E Buttek fir d'Zukunft

Akafe goen ouni an der Kees mussen ze waarden, ouni de Portemonnie mussen eraus ze huelen, dofir awer vu kënschtlecher Intelligenz begleet. Dat ass dat neit Konzept vum E-Commerce Ris Amazon. D'Lescht Woch huet d'Online Plattform hiren éischten Amazon Go Supermarché an den USA zu Seattle opgemaach. Wéi en Impakt huet esou e Konzept op den Eenzelhandel, op d'Regierungen an ob d'Beruffer fir manner qualifizéiert Leit.

auto_stories

3 min

De Prinzip vun Amazon ass dee vum "Grab and Go". De Konsument geet an d'Geschäft, scannt säin Handy kuerz an der Entrée, hëlt sech eppes a geet einfach nees eraus. Virausgesat de Client huet een Amazon Konto an d'Amazon go App. D'Sue ginn duerno vum Amazon Konto ofgebucht, sou wéi wann ee sech virtuell eppes géif an den Amazon Kierfchen um Internet leeën. Wie wat keeft gëtt vu ville klenge Kameraen detektéiert a kontrolléiert.

D'Digitaliséireung ass am Eenzelhandel ukomm an ass wuel och net méi ze stoppen. Dat beweisen ApplePay, automatesch Keesen, de Google wallet, a souguer déi Lëtzebuergesch APP CarPay-Diem, eng Plattform mat där een op enger Tankstell iwwert eng App aus dem Auto eraus ka bezuelen, an elo Amazon go.

Afloss op den Aarbechtsmarché

Eis Akafsgewunnechte wäerten doduerch weider änneren. Gehéiert d'Schlaangstoen an der Keess geschwënn der Vergaangenheet un? Wat gutt ka si fir de Stressfacteur vum Konsument, ass schlecht fir den Job vun deenen déi d'Keess maachen. Och am Eenzelhandel kann d'Digitaliséierung op laang Dauer Aarbechtsplazen zerstéieren. Virun allem fir manner qualifizéiert Leit. Den Edukatiounssystem muss sech deem upassen, an d'Efforte fir d'Personal weiderzebilden och.

Op där anerer Säit kënnen nei Aarbechtsplazen entstoen. Eng Persoun, déi haut an der Kees vum Supermarché Artikele scannt, wäert an Zukunft vläicht d'Maintenance maache vun de ville Kameraen an de Butteker. An op d'Mannst schéngt jo och Amazon un d'Konzept vum reelle Buttek tëscht véier Wänn gleewen. Bis elo huet de Konzern jo just virtuell verkaaft.

Konzept fonctionnéiert net an all Branche

Dovun ofgesi bitt d'Konzept vum Go Store sech net fir all Branche un. Iwwerall do, wou den Avis vum Keefer net zielt, kann d'Konzept sech séier duerchsetzen. Anescht ass dat beim Verkaf vu moossgeschneiderte Produiten an all deenen Artikele, fir déi de Conseil vum Verkeefer wichteg ass.

Wien zum Beispill e moossgeschneiderte Kostüm wëllt, dee geet bei de Schneider. Do freet de Konsument de professionellen Avis, a wann een da schonn iwwert eng Stonn vun uewe bis ënnen gemooss gouf, da stéieren déi puer Minutten, déi een an der Keess steet, wahrscheinlech och nach net.

Aus den Aen ofgelies

Woubäi och d'Digitaliséierung et fäerdeg bréngt, dem Client op Basis vu sengem Userprofil perséinlech Recommandatiounen ze maachen. Duerch deap learning an enger Mëschung aus Computer Visioun, déi genee identifizéiert wat wéi oft kaaft gëtt, wäerten d'Geschäfter wëssen, ob ee léiwer Paprika oder salzeg Chipsen ësst. De Wonsch kritt ee souzesoen vun den Aen ofgelies.

Bis ewell huet Amazon allerdéngs nach keng Detailer iwwert de Fonctionnement vu sengen Algorithmen, am Shop agebaute Kameraen a Sensore ginn. Vill Froen iwwert den Dateschutz an iwwert eventuell Reguléierunge bleiwen nach op. Mä bekanntlech ginn déi Froen dacks mat Verspéidung gekläert an net a priori. Wien ëm den Dateschutz fäert oder d'Ännerungen an der Aarbechtswelt net ënnerstëtze wëllt, misst sech an der Keess an d'Schlaang stellen. Mol ofwaarden, wéi mir als Konsumenten op déi vill Innovatioune reagéieren.